Radioen

On air

Notturno  |  Secret Night Gang - When Will The Sun Rise Again

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Claude Meisch: "Dat ass e klenge Lycée"

1.300 ukrainesch Kanner ukomm

Claude Meisch: "Dat ass e klenge Lycée"

Mat der Flüchtlingswell aus der Ukrain sinn och ganz vill Kanner am schoulflichtegen Alter op Lëtzebuerg komm. Wann dës Leit bis de Statut vum Beneficiaire de protection internationale hunn ass Lëtzebuerg och verflicht hinnen Educatioun unzebidden.

auto_stories

2 min

Foto: SIP / Julien Warnand

Lauschterenplay_arrow

Fir den Educatiounsministère ass et e groussen Defi, deenen iwwer 1.000 schoulflichtege Kanner aus der Ukrain eng adequat Bildung unzebidden. Den Educatiounsminister Claude Meisch weist sech allerdéngs zouversiichtlech. Mee grad Lëtzebuerg hätt vill Experienz dora, fir Schoulkanner aus frieme Länner opzehuelen an hinnen eng Schouloffer unzebidden.

Lëtzebuerg profitéiert vun internationale Schoulen

Lëtzebuerg géif an der aktueller Situatioun awer och vun engem gudden Netz aus internationalen a brittesche Schoule profitéieren. Ukrainer géife scho relativ fréi Englesch an der Schoul léieren, dat heescht si kënnen och schonn dat latäinescht Alphabet. Esou kéint een hinnen eng Bréck an déi englesch-sproocheg Filièren an internationale Schoule bauen, seet den Educatiounsminister.

Och Gemengeschoule solle mathëllefen

De Claude Meisch verstoppt allerdéngs net, datt et eng grouss Erausfuerderung wäert ginn all dës Kanner anzeschoulen. Verschidde Léisunge géife sech awer ubidden. Et wiere mëttlerweil ronn 1.300 Kanner a Jonker aus der Ukrain zu Lëtzebuerg ukomm, dat entsprécht engem klenge Lycée. "Dofir brauche mer zousätzlech Säll, mir brauchen awer och zousätzlech Enseignanten", sou de Claude Meisch.

Nieft den internationale Schoule soll och no Raimlechkeeten an de Gemengeschoule gesicht ginn. Dat géif dovun ofhänken, wou d'Kanner mat hire Famille wäerte logéiert sinn. Den Educatiounsminister huet elo mol e Guichet unique op d'Bee gesat fir déi betraffe Schüler ze registréieren.