Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Eugène Berger ass am Alter vun 59 Joer gestuerwen

National Politik

Den Eugène Berger ass am Alter vun 59 Joer gestuerwen

Den Eugène Berger hat 59 Joer a war Papp vun zwee Kanner. Hie war geléierte Primärschoulsenseignant, e Beruff an deem hien, mat Pausen, tëschent 1980 an 1994 geschafft huet. Bekannt gouf den Eugène Berger 1992 als éischte Lëtzebuerger Alpinist, deen et op de Sommet Mount Everest gepackt huet.

auto_stories

4 min

Den Eugène Berger

Den Eugène Berger war zanter leschte Freideg op der Intensivstatioun am Spidol. Dat hat d'DP-Fraktioun de Freideg an engem Communiqué matgedeelt an huet opgeruff, d'Privatsphär vum Eugène Berger a senger Famill ze respektéieren.

En Dënschdeg koum déi traureg Nouvelle, datt den DP-Fraktiounspresident gestuerwen ass. D'DP-Fraktioun huet dem Eugène Berger senger Famill, Frënn a Bekannten an engem Communiqué hiert häerzlecht Bäileed ausgedréckt.

Wéi d'Nouvelle koum, huet de Vizepresident vun der Chamber Mars Di Bartolomeo d'Sëtzung geleet. Ënner Tréinen huet hien d'Deputéiert iwwer den Doud vum Eugène Berger informéiert an huet d'Sëtzung opgehuewen.

Mars Di Bartolomeoplay_arrow

E puer Minutten dono huet de Chamberpresident Fernand Etgen d'Sëtzung erëm opgemaach an huet ënner Tréinen der Famill vum Eugène Berger säin déifst Matgefill ausgedréckt a mat enger Gedenkminutt gouf un de Verstuerwenen erënnert.

Fernand Etgenplay_arrow

D'Deputéiert hu sech parteiiwwergräifend ganz schockéiert gewisen iwwer den Doud vum DP-Fraktiounschef. Der CSV-Fraktiounspresidentin Martine Hansen bleift den Eugène Berger als een engagéierten Mënsch an Erënnerung, deem et ëmmer ëm d'Saach gaangen ass.

Méi Reaktiounen aus der Chamberplay_arrow

Xavier Bettel: "E Verteideger vun der Ëmwelt"

"Mam Eugène Berger verléiert d'Demokratesch Partei e Pilier an déi Lëtzebuerger Politik e Mënsch mat Iwwerzeegungen", sou reagéiert de Premier Xavier Bettel am fréien Owend op den Doud vum DP-Fraktiounschef Eugène Berger.

D'Reaktioun vum Staatsministerplay_arrow

"Et ass eng dramatesch Noriicht, déi eis haut matgedeelt ginn ass. Ech denke virun allem u seng zwee Kanner, u seng Famill u seng Frënn, un ons Partei, un ons Fraktioun. Ech mengen et ass een engagéierte Politiker, e fréiere Regierungsmember, een Deputéierten, e Gemengeconseiller, e Papp."

Den Eugène Berger wier een engagéierte Verteideger vun der Ëmwelt gewiescht, dee senger Zäit viraus war, esou behält de Premier Xavier Bettel säi Parteikolleeg an Erënnerung.

Charel Goerens: "Hien huet seng Saachen ëmmer perfekt gemaach"

"Hie war e fläissege Politiker mat vill Ausdauer", esou behält den DP-Politiker Charel Goerens den Eugène Berger an Erënnerung. Hie wier ee Liberalen duerch an duerch gewiescht, dee seng Saachen ëmmer perfekt gemaach hätt.

Tëschent 1999 an 2004 war den Eugène Berger ënner dem Charel Goerens Staatssekretär am Ëmweltministère. Den Eugène Berger hätt hei un enger ganzer Rëtsch wichtegen Dossieren matgeschafft.

D'Reaktioun vum Charel Goerensplay_arrow

"Et war mol d'Naturschutzgesetz vun 2004. Et war de ganzen Opbau vun der Politik a punkto alternativ Energien, wou wierklech ganz vill Efforte gemaach goufen, vum Ministère a besonnesch ënner sengem Impuls, fir d'Photovoltaik zum Beispill. Ech ka mech och erënneren, den éischte Plan d'allocation fir d'CO2-Emissioune fir d'Betriber, dat ass alles säi Beräich gefall."

1994 ass hie fir eng éischte Kéier mat an d'Wale gaangen, an ass als Éischt-Gewielten op der DP-Lëscht am Südbezierk an d'Chamber komm. Zanter 2011 war hie Gemengeconseiller an der Gemeng Réiser. Tëschent 1999 an 2004 war hie Staatssekretär am Ëmweltministère, wou hien éischt Mesurë fir d'Fërderung vun erneierbaren Energien an am Logementsberäich mat op de Wee bruecht huet.

Zanter 2007 ass hien nees an der Chamber, bis haut. Zanter de Walen 2013 als Fraktiounschef, op deem Poste sollt hien dësen Hierscht vum Gilles Baum ersat ginn.