Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  MGMT - Little Dark Age

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den europäesche Leetzëns bleift bei Null Prozent

Europäsch Zentralbank

Den europäesche Leetzëns bleift bei Null Prozent

De russesche Krich an der Ukrain huet e staarken negativen Impakt op d'Wirtschaft an der Eurozon. Dat sot d'Christine Lagarde, Presidentin vun der Europäescher Zentralbank. De Krich hätt eng grouss Onsécherheet bei Konsumenten a Betriber verursaacht an déi ekonomesch Aussiichte fir Europa wiere vun Onsécherheet gepräägt.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Am Mäerz ass d'Inflatioun an de Länner vun der Eurozon op 7,5 Prozent geklommen - e Rekord zanter der Aféierung vum Euro, a wäit iwwer der EZB hirem Zil vu ronn 2 Prozent. Trotzdeem geet d'EZB - op d'mannst elo mol - weider net un d'Zënsschrauf dréine fir d'Inflatioun ze bremsen.

De Leetzëns bleift bei 0 Prozent a Banken, déi Sue bei der EZB deposéieren, musse weider Negativzënse vun 0,5 Prozent bezuelen.

Mat enger eventueller Hausse vum Leetzëns ass fréistens am drëtten Trimester ze rechnen, sou den Direkter vun der Lëtzebuerger Banken-Associatioun ABBL, de Jerry Grbic.

"Am Moment ass de Kader gesat, datt den Akaf vun de Staatsemprunten um Marché bis d'drëtt Trimester ofgeschloss gëtt, an eréischt duerno, iergendwann duerno - do hu se sech nach net festgeluecht - kéint een ufänken d'Zënsen op en normalen Niveau ze setzen."

Wéi een Impakt op Immobiliëprêten?

Vill Banken hu net bis dohi gewaart fir verschidden Zënstauxen eropzesetzen, zum Beispill bei den Immobiliëprêten. Déi variabel Zënstauxe bleiwen do weider ganz niddereg - Haussë sinn do fréistens an dräi Méint ze erwaarden, wann de Leetzëns dann eropgeet.

Mee d'Prête mat zäitlech fixéierten Zënstauxe sinn och zu Lëtzebuerg an de leschte Méint geklommen, seet de Jerry Grbic. Den Ament wier awer nach keng Tendenz ze erkennen, datt Leit manner Immobiliëprête maachen.