Op déi däitsch CDU Politikerin déi néideg Majoritéit am EU Parlament kritt, géif vun hirem Programm ofhänken. Do missten Themen iwwerholl ginn, déi de Sozialisten an de Grénge wichteg sinn, sou de Franz Fayot a Christian Kmiotek.
Ungarn, Polen an Tschechien haten de Spëtzekandidat vun de Sozialisten, Frans Timmermanns, als méigleche Kommissiounspresident blockéiert. Dem Jean Asselborn no wieren domat déi EU-Länner, déi sech géint Solidaritéit an d'Rechtsstaatlechkeet an Europa stellen, elo d'Gewënner, sot den LSAP Ausseminister um Deutschlandfunk. Dem LSAP-President Franz Fayot no wier doduerch, datt de Spëtzekandidaten-System fale gelooss gouf, den europäesche Wielerwëllen net respektéiert ginn. Hie géif dat bedaueren, well et d'Leit géif decouragéieren, sech fir europäesch Politik ze interesséieren.
Premierminister war fräi a senger Entscheedung
Déi däitsch Kanzlerin hat sech beim Vott fir d'Ursula von der Leyen enthalen. Well de Koalitiounsaccord mat der SPD eng Enthalung virschreift, wann d'Koalitiounspartner bei europäeschen Nominatiounen net d'Accord sinn. Am Koalitiounsprogramm vun der Lëtzebuerger Regierung géif näischt esou drastoen, dofir géif een et dem Premierminister iwwerloossen eng Decisioun ze huelen, sou de Franz Fayot. Hie géif awer dovun ausgoen, datt dat am Regierungsrot diskutéiert gouf.
Ähnlech äussert sech de Co-President vun déi gréng, de Christian Kmiotek.
D'Ursula von der Leyen muss sech déi néideg Ënnerstëtzung sécheren
Op d'Ursula von der Leyen am Europaparlament beim Vott a ronn zwou Wochen déi néideg Ënnerstëtzung wäert kréien, wier alles anescht wéi sécher, sou nach de Franz Fayot. D'Madamm von der Leyen muss vill politesch Orientéierungen iwwerhuelen, notamment vun de Sozialisten, fir datt si do deen néidege Support kritt.
Och de Christian Kmiotek mengt, datt déi gréng hir Decisioun, d'Ursula von der Leyen ze ënnerstëtzen, dovun ofhängeg maachen, op si sech fir Klimapolitik an aner gréng Theme wäert staark maachen.