Radioen

On air

Notturno  |  Theo Croker - The Messenger Feat. Elew

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Impakt vun der demografescher Entwécklung moossen

Gesondheet an Demografie

Den Impakt vun der demografescher Entwécklung moossen

Bis 2045 kéint, dem Fuerschungsinstitut LISER no, de Budget fir d'Gesondheetskäschte fir Persounen tëscht 50 a 99 Joer ëm 135 Prozent klammen. Wéinst där méi héijer Liewenserwaardung gëtt et an där Alterstranche, eng Verduebelung vun der Populatioun. De LISER huet a senger rezenter Etüd "Laangfristeg Projektioune vun de Gesondheetskäschten an enger Gesellschaft déi ëmmer méi al gëtt", den Impakt vun där demografescher Entwécklung berechent.

auto_stories

3 min

Dr. Marie Noel Pi Alperin

D'Enquête SHARE befaasst sech op europäeschem Plang mat de Pensiounen a mat der Gesondheet. Et ass déi éischt Enquête, un där all d'EU-Memberlänner Deel geholl hunn, dorënner och Lëtzebuerg. Bis elo hu sech d'Autoritéite virun allem iwwer den Impakt vun enger Veralterung vun der Populatioun op d'Pensiounskeesen oder op den Aarbechtsmaart Suerge gemaach.

Dës spezifesch Recherche vum Fuerschungsinstitut LISER: "Projections à long-terme des dépenses publiques en matière de santé et de dépendance dans un Luxembourg vieillissant", kombinéiert elo de Gesondheetszoustand vun der Populatioun an déi demografesch Entwécklung. Wichteg wier et laangfristeg kënnen anzeschätzen, wéi een Typ vun Ausgaben op de Staat an op déi sozial Versécherung duerkommen.

Basis sinn Donnéeën aus der SHARE-Enquête

Fir déi Etüd kënnen ze realiséieren huet de Fuerschungsinstitut LISER sech op Date baséiert, déi en zënter 2015 am Kader vun der Enquête SHARE gesammelt huet, seet d'Maria Noel Pi Alperin, Fuerscherin vum Departement Liewenskonditioune beim LISER.

An der Enquête SHARE goufen ongeféier 700 Froen u Leit iwwer 50 Joer gestallt. D'Froe couvréieren d'Krankheeten, déi finanziell Situatioun an dat familiäert Ëmfeld. Fir d'Gesondheetskäschten dem Alter no kënnen anzeschätzen, brauch een Informatioune vun der Gesondheetskeess, eppes wat net sou einfach ass wéinst dem Secret médical, seet d'Maria Noel Pi Alperin.

De LISER krut déi anonymiséiert Donnéeë vun der Gesondheetskeess. Déi Donnéeë ginn de Fuerscher vum LISER dann Informatiounen iwwer Krankheeten, d'Längt vun enger eventueller Hospitalisatioun an nach weider Detailer.

Wat gouf erfuerscht?

61 verschidde Krankheete goufen iwwer dee Wee ënner d'Lupp geholl, engersäits sinn et déi physesch Erkrankungen, mee och d'Demenz an d'Depressioun oder nach d'Gediechtnes, seet d'Maria Noel Pi Alperin. Et ginn Tester mat de Leit gemaach, fir ze iwwerpréiwen, ob se Informatiounen nach kënne verhalen.

17 physesch a chronesch Krankheete goufen iwwerdeems ënner d'Lupp geholl. Alzheimer, Parkinson, Problemer mat den Hëften, Schwier, mat den Aen a Gehéierproblemer. All kéiers ginn d'Käschten ageschat, déi domat verbonne sinn. Dobäi kënnt den Aspekt vun der Autonomie vun de Persounen dem Alter no, sou d'Maria Noel Pi Alperin.

"Mir froen d'Leit, ob si 100 Meter wäit kenne goen, oder ee Gewiicht hiewen, selwer kënne kachen a selwer kënnen iessen a sech wäschen."

D'Etüd huet sech weider mam Thema Depressioun bei eelere Persoune befaasst. Den ekonomeschen Impakt vu verschiddene preventive Moossnamen, wéi eng Resozialiséierung gouf och ënner d'Lupp geholl.

D'Fuerscher hätte probéiert anzeschätzen, wéi vill d'Regierung un Depensë kéint aspueren, wann ee Moossnamen ergräife géif, fir d'Leit aus der Isolatioun erauszehuelen.

Erkenntnisser

D'Projektiounen, déi an där Etüd bis 2045 ausgerechent goufen, weisen, datt d'Ausgaben am Beräich vun der Gesondheet oder der Fleegeversécherung fir Persounen tëscht 51 an 70 Joer relativ stabel bleiwen, dono awer ginn d'Käschten an d'Luucht, sou datt eng Veralterung vun der Populatioun och bedeit, datt de Gesamtbudget fir d'Gesondheetskäschten ze couvréieren, fir d'Populatioun iwwer 51 Joer ëm 135 Prozent an d'Luucht geet. An där Alterstranche tëscht 50 an 99 Joer sinn et haut pro Persoun am Duerchschnëtt 1.750 Euro d'Joer. 2045 wieren et pro Persoun 2110 Euro, ee Plus vun 21 Prozent.

Fir d'Assurance dépendance géif et bis 2045 eng Hausse vun 230 Prozent ginn am Verglach mat der aktueller Situatioun.

Dat erkläert sech duerch de Fait, datt d'Populatioun vun den 80 Järege bis 2045 weider an d'Luucht geet, an datt doduerch d'Käschten am Duerchschnëtt och klammen.