Belsch Den islamesche Schleier perturbéiert déi belsch Politik

Zu Bréissel ass d'Transportgesellschaft STIB rezent wéinst Diskriminatioun verurteelt ginn, well si op Grond vum Prinzip vun der reliéiser Neutralitéit eng Kandidatur vun enger islamescher Fra refuséiert huet. An nëmmen e puer Deeg ass den Dossier ronderëm den islamesche Schleier, a méi generell reliéis Symboler an der Ëffentlechkeet, e gliddege politesche Sujet ginn.

Illustratioun Hijab
Foto: Bigstock / Rido81

An der Mediathéik:

Aktuelles / / radio 100,7
Lauschteren

Méi zum Thema

Frank Wies Meenung
Fräie Mikro

Wa verschidde Reliounen an hiren extreemste Formen den Usproch hunn, sech iwwer dat weltlecht Gesetz ze stellen, ass eise Rechtsstaat a Gefor. Zwee rezent Uerteeler hunn deem elo kloer Grenze gesat.

frites.jpg
Europa

Ee Mount no den Attentater zu Bréissel war e Sonndeg eng Manifestatioun géint den Haass. D'Manifestanten hunn op d'Gefore vun enger gespléckter Gesellschaft opmierksam gemaach. Dovun ass ganz Europa betraff.

Programm

Net verpassen

  • De radio 100,7 sicht Redakteren/Animateuren

    radio 100,7

    De radio 100,7 sicht fir seng Magasinn-Redaktioun 1 Redakter/Animateur (m/w) 20 St/W (CDD 1 Joer)
    an 1 Redakter/Animateur (m/w) 40 St/W (CDI) fir direkt ze engagéieren.

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen