Radioen

On air

Notturno  |  Nick Zubeck, Felicity Williams & Karen Ng - Time Machine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Joe Biden gëtt haut vereedegt

USA

Den Joe Biden gëtt haut vereedegt

Haut um 12 Auer mëttes Lokalzäit gëtt den Donald Trump vum Joe Biden als US-President ersat. D'Sécherheetsmoossnamen an der Haaptstad Washington sinn extrem, an d'Angscht viru Gewalt ass grouss. Trotzdeem wäert d'Amtsaféierung och dës Kéier virum Kapitol stattfannen.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Et wäert um Tëleesecran ganz änlech ausgesi wéi bei anere Vereedegungen. Mee den éischten Androck wäerte villäicht déi vill eidel Plazen op der Tribün sinn. Den Joe Biden wëllt d'Corona-Pandemie an de Grëff kréien, a seng Inauguratioun ass e Symbol dovun.

Déi grouss Esplanade vum National Mall, viru véier Joer voll mat Supporter vum Donald Trump, ass dëst Joer eidel. Dausenden amerikanesch Fändele sollen un déi méi wéi 400.000 Doudeger an den USA erënneren.

Den Donald Trump wäert net derbäi sinn

Och feele wäert den Donald Trump. De President wëllt net bei der Vereedegung vu sengem deemolegen demokratesche Géigner derbäi sinn, an hien huet jo bekanntlech déi Defaite nach ëmmer net offiziell unerkannt.

Den Trump flitt moies fréi a Florida, e leschte Fluch u Bord vum Air Force One. De Vizepresident Mike Pence wéist sech e bësse méi presidentiell wéi säi Chef, a wäert op der Tribün derbäi sinn.

Den Joe Biden wëllt d'Land zesummebréngen

Hie kann nokucken, wéi déi nächst Vizepresidentin seng Plaz iwwerhëlt. D'Kamala Harris gëtt haut déi éischt schwaarz Vizepresidentin vun den USA, an déi éischt Fra, déi et esou no un de Pouvoir an den USA packt.

Den Joe Biden wäert no der offizieller Vereedegung virum Kapitol seng Ried halen, eng Ried, déi iergendwéi probéiere wäert d'Land nees ze unifiéieren.

Zwou Wochen no der Erstiermung vum Kapitol

Déi ganz Zeremonie fënnt op deenen nämmlechten Trape statt, déi de 6. Januar vu Trump-Supporter erstiermt goufen. Si sinn duerch eng Dier an de Kapitol agedrongen, duerch déi haut déi héich Offiziell erauskomme wäerten.

Och derbäi haut: d'Kënschtlerin Lady Gaga, déi d'Nationalhymn sengt, an d'Jennifer Lopez fir weider musikalesch Ënnerhalung.

Et wäert soss ganz roueg sinn no um Kapitol. Iwwer 20.000 Membere vun der Nationalgard, mat hire Krichswaffen, sti bereet, sollt iergendeen probéieren an de Sécherheetsperimeter eranzekommen.