Radioen

On air

Tockcity  |  The Mysterines - Stray

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ FLGym: Den neie President wëllt Rou

Turnfederatioun

FLGym: Den neie President wëllt Rou

Wat fir ee Stellewäert huet déi rhythmesch Sportgymnastik par Rapport zum Konschtturnen? Dat ass d'Fro, déi an der Lëtzebuerger Turnfederatioun (FLGym) fir Turbulenze gesuergt huet. Den neie President Gilbert Falsetti wëllt d'Gemidder berouegen.

auto_stories

2 min

E Freideg, 13. Oktober gouf de Gilbert Falsetti als neie President vun der Lëtzebuerger Turnfederatioun FLGym gewielt. De Verwaltungsrot, aus deem siwe Memberen demissionéiert haten, ass zënter deem och erëm komplett. "D'Generalversammlung war - den Ëmstänn entspriechend - roueg", seet de Gilbert Falsetti. Et wier éierlech matenee geschwat ginn.

De Comité ronderëm de Jean Goebel, dee bis elo am Asaz war, huet keng Decharge kritt.

"Et louche keng Rapporte vir, op Basis vun deenen dat hätt kenne geschéien."

Keng Konkurrenz tëscht den Disziplinnen

De Sträit an der Federatioun war entstanen, well verschidden Decisioune vum Verwaltungsrot net ëmgesat oder einfach ëmgaange goufen. En cause ënner anerem, d'Participatioun un der Weltmeeschterschaft an der rhythmescher Sportgymnastik. Hei wier e Montant vun 20.000 Euro engagéiert ginn, esou hat et an der geschriwwener Press geheescht. Vu verschiddene Veräiner gouf et Kritik um Stellewäert, deen déi rhythmesch Sportsgymnastik domat op eemol krut.

"D'Konschtturnen an déi rhythmesch Sportgymnastik sinn awer zwou gläichwäerteg Disziplinnen."

Den neie President wëllt kenger Disziplin vu béid Prioritéit ginn. Déi rhythmesch Sportgymnastik hätt aktuell e gudden Opschwong, deen ausdrécklech ze begréisse wier, esou den neien FLGym-President. Dat sollt ee fërderen, och zu nationalen Zwecker.

Dat iewescht Zil fir den neie FLGym President ass elo, Rou an d'Federatioun ze bréngen. " Et muss am Sënn vun der Saach geschafft ginn." Et misst een d'Vertraue vun de Veräiner an den Instanzen erëmgewannen, ënnersträicht de Gilbert Falsetti, dee vun 1994 bis 2000 schonn emol President vun der FLGym war.

Interview mam Gilbert Falsettiplay_arrow