Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Tram ass do!

Offiziell ageweit

Den Tram ass do!

No laangem Waarden ass et endlech souwäit. Den Tram ass a Betrib. D'Stater Buergermeeschtesch schwätzt vun engem Meilestee fir d'Mobilitéit. Am Mëttelpunkt vun de politesche Riede bei der Aweiung stoung d'Geschicht an d'Zukunft vum Tram. E bësse Wahlkampf huet och net gefeelt. Mä net alles huet geklappt.

auto_stories

2 min

Ugefaangen huet et mat engem Schnéistuerm. Dobäi koum, datt d'Grande-Duchesse bei der Aweiung vun der neier Gare um Houwald onglécklech ënnert der Banderole stoung, déi si dunn op de Kapp krut. Duerno ass och nach d'Rolltrap fir bei den neien Funiculaire hänke bliwwen.

DP huet Astellung zu Tram geännert

An de politesche Riede goung et virun allem ëm d'Vergaangenheet. 1999 hat d'DP de Bus-Tram-Bunn-Projet verhënnert. Den deemolege Projet hätt virgesinn, een Zuch duerch d'Stad fueren ze loossen, sou d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer.

Den LSAP-Deputéierte Marc Angel war enttäuscht vun dëser Formulatioun. BTB géif fir Bus-Tram-Bunn stoen, net fir Bus-Zuch-Bunn.

Den Tram ass awer ënnert der selwechter Buergermeeschtesch Realitéit ginn. Déi fréier Stater Verkéiersschäffin Sam Tanson freet sech iwwer d'Evolutioun vun der Iddi. Nëmmen een Idiot géif seng Meenung ni änneren. Fir datt den Tram e Succès gëtt, missten all d'Parteien zesummeschaffen.

Deel vu moderner Verkéierspolitik

Och de grénge Minister François Bausch ass op d'Geschicht vum Tram agaangen. Mat engem Réckbléck an engem Wahlplakat vun déi gréng aus dem Joer 1987 an der Hand, huet den Infrastrukturminister virun allem Reklamm fir seng eege Partei gemaach.

Genee wéi d'Nordstrooss wier den Tram ee kontroverséierte Projet gewiescht, sou de François Bausch.

D'Regierung wier sech bewosst, datt den Tram eleng net d'Léisung fir d'Verkéiersproblematik wier, seet de Premier Xavier Bettel Den Tram wier awer kee Selbstzweck, mä en Deel vun engem Verkéierskonzept, dat op de Bus, Zuch an och op den Individualverkéier géing setzen. D'Regierung wier domat um richtege Wee fir engem groussen Deel vun de Mënschen eng gutt Alternativ zum Stau ze bidden.

Den 10. Dezember wier e Meilestee fir d'Mobilitéit, mengt d'Mylene Bianchi, d'Presidentin vun der Eisebunnergewerkschaft Syprolux.

Luef a Kritik fir de Claude Wiseler

De fréieren CSV-Infrastrukturminsiter Claude Wiseler hätt mat fënnef Joer ze laang fir d'Finanzéirungsgesetz fir den Tram gebraucht, mengt de François Bausch. Et wier dem Claude Wiseler awer och héich unzerechnen, datt hien de Projet CSV-intern verdeedegt hätt an datt d'Finanzéirungsgesetz, virun de Wahlen 2013, konnt gestëmmt ginn.

D'nächst Woch gëtt an der Chamber iwwer d'Erweiderung vum Tram op de Findel an de Ban de Gasperich gestëmmt. Och déi gréissten Oppositiounspartei CSV wäert de Projet ënnerstëtzen, sou de Claude Wiseler. E weideren Ausbau vum Tramreseau, iwwer déi geplangten Tracen eraus, wier awer och néideg.