Radioen

On air

De Weekend  |  Django Django - Waking Up Feat. Charlotte Gainsbourg

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Tram, tëscht Fake News a politescher Recuperatioun

Fräie Mikro

Den Tram, tëscht Fake News a politescher Recuperatioun

No 25 Joer gëtt eng Visioun Realitéit zu Lëtzebuerg. Mä déi politesch Recuperatiounsversich ronderëm dëse Broch an der Mobilitéitspolitik hannerloossen e batteren Nogeschmaach, fënnt den Denis Scuto am Fräie Mikro.

auto_stories

4 min

E Sonndeg ass en ageweit ginn, den Tram. 25 Joer nodeems de Mouvement écologique an d'Tram asbl déi éischt Etude dozou mat private Spende finanzéiert hunn, konnt ech e Méindeg de Mëtteg, fir dëse Fräie Mikro opzehuelen, endlech, gemittlech, vun Esch-Belval bis op de Kierchbierg fueren, wou de radio 100,7 säi Sëtz huet. Mat enger Mëschung vun Zuch, Funiculaire an Tram. Depart 15:09 Auer, Arrivée am Radio bei der Coque um 16:12 Auer.

Vun de Pionéier vum Mouvement, déi viru 25 Joer an der Autoblechwüst Lëtzebuerg geruff hunn, war e Sonndeg keen agelueden, fir eng Ried ze hale bei der Aweiung. Vläicht kritt de Mouvement écologique jo amplaz eng Stèle am Tramsmusée, deen interessanterweis ëm déi selwecht Zäit opgoung, nämlech am Joer 1991.

Keng Plaz fir Visionären

Aner Visionäre géifen a Fro kommen als Dafpätter vun engem Arrêt. Déi mannsten am Land kennen zum Beispill d'Geschicht vun deem jonken Ingenieur, dee säi Chef viru méi wéi 100 Joer gewarnt huet, d'Nei Bréck, de Pont Adolphe, wier ze schmuel geplangt, well am 20. Joerhonnert ganz vill Trafic géif dobäikommen. Well säi Chef net op hie gelauschtert huet, huet hie sech direkt un de Grand-Duc adresséiert. Doropshi gouf en entlooss, well hien d'Voie hiérarchique net respektéiert huet. D'Bréck hu se awer sou breet gemaacht, wéi hie sot.

A souguer dat goung net duer, wéi mir haut wëssen, wou den Tram seng Renaissance feiert. Sevenig, mengen ech, war säin Numm. Ech sinn awer net sécher, ob hie sou geheescht huet, well deen Numm steet néierens an de Geschichtsbicher an Internetsäiten iwwer d'Nei Bréck. Visionäre ginn zu Lëtzebuerg net an d'Geschicht an.

Den Alain Groff, de Monsieur Bus-Tram-Bunn, krut et och net einfach gemaacht. Wéi dee jonken Ingenieur Sevenig 190,0 huet de jonken Ingenieur Groff missen 100 Joer méi spéit säin Hutt huelen. Den Tram gouf zwar schonns 1994 an der Luxtraffic-Studie als déi beschte Léisung ugesinn, fir Bus an Zuch an der Stad an doriwwer eraus ze komplettéieren. Als wichtegt Glidd vun deem, wat mir haut Mobilitéitsketten nennen. 2002 sollt deen éischten Tram fueren. Datt dat net de Fall war beweist, wéi vill Muecht Fake News, net nëmmen an der Ära Trump, mä scho virun 20 Joer hei am Land haten.

En Tram ass keen Zuch

E Sonndeg huet net den Alain Groff eng Ried gehalen. Nieft dem Minister Bausche Fränz, dee vun Ufank u fir den Tram war, eng Politikerin, d'Lydie Polfer. Als deemoleg Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg, hat si, zesummen an enger Lobby mam Stater Geschäftsverband, mat Busentreprisen a mat Autosupporter, deen heite fake Slogan lancéiert: "Keen Zuch duerch d'Stad." Net en Zuch, mä dee selwechte modernen, transparenten a schlanken Tram wéi haut war geplangt. Deen iwwregens schonn deemools zu Montpellier, zu Stroossbuerg an a villen anere Stied gefuer ass.

Och wa mir haut, nodréiglech, wëssen, datt de BTB um technesche Plang schlussendlech net déi ideal Léisung gewiescht wier, haten d'Fake News vun deemools, geneesou wéi de Metro-Zeenario e puer Joer méi spéit, just een Zil: D'Stad weiderhin dem Autosverkéier um Plateau ze zerwéieren.

Et soll kee soen, datt den Enjeu net schonn deemools ëffentlech bekannt war. Heizou den Alain Groff am Joer 2000 an der Zäitschrëft Forum (Nr. 201): "Mit steigenden Einwohner-, Arbeitsplatz- und Grenzgängerzahlen nehmen die Blechlawinen weiter zu und damit sinken Mobilität und Lebensqualität, während Umwelt- und Gesundheitsprobleme ungebremst anwachsen."

D'Zukunft ass elo

Ëm déi selwecht Zäit huet den deemolege Premier Jean-Claude Juncker de 500.000 Awunnerstaat fir 2020 an de 700.000 Awunnerstaat fir 2050 virausgesinn. Mä déi 500.000 goufe schonns 2009 erreecht. An net 2050 mä ëm 2020 erreeche mir d'Zuel vu 700.000 Awunner. Ouni déi bal 200.000 Frontalieren dobäi ze rechnen. An och ouni d'Frontalieren erreecht Lëtzebuerg déi eng Millioun an deem Rhythmus labber virun 2050.

Dat ass déi, schonn elo, previsibel Zukunft vun dësem Land. Lucide Ingenieuren, net manner lucide Ëmweltbeweegunge setze sech fréier an haut mat där Zukunft auserneen a maache konstruktiv a kreativ Proposen. De Verkéierschaos weist, datt déi Zukunft trotz Fake News méi séier Realitéit gouf, wéi vill Leit sech dat konnte virstellen. A wie weess, vläicht, amplaz dat Ganzt nëmme politesch ze recuperéieren, lauschtert souguer eng Stater Buergermeeschtesch e bësse méi op Visionären, déi hir wëlle kloer maachen, datt d'Zukunft elo ass.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.