Den Zäithistoriker: De Monni Lex erzielt de Kanner d'Geschicht vu Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich

An engem Lieserbréif hëlt de fréieren Schoulmeeschter, Regierungsrot an Auteur Lex Roth Stellung zum Bericht vum Vincent Artuso zur Kollaboratioun vum Lëtzebuerger Staat mam Nazi-Okkupant am Kader vun der Juddeverfolgung. Seng Konklusioun ass kloer: "Bedaueren, jo. Mee keng kollektiv Entschëllegung!" An de Monni Lex erzielt eis anengems seng Geschicht vun de gudde Lëtzebuerger an de béise Franzousen a Belsch. Dozou e Commentaire vum Zäithistoriker Denis Scuto:

 

Viru Joren huet de franséischen Historiker Marc Ferro en originellt Buch mam Titel „Comment on raconte l’histoire aux enfants à travers le monde entier“ erausginn. Welch Geschichten iwwert hir eegen an deenen aneren hir Nationalgeschicht kréie Kanner an Trinidad an an Indien, a Russland an a Japan, a Frankräich an an Amerika erzielt? De Ferro geet dovun aus, dass d’Bild, dat mer vun der Geschicht vun eisem Land, mee och vum Aneren, respektiv vum Feind hunn, enk mat der Geschicht zesummenhänkt, déi mer doriwwer an eiser Kandheet a Jugend erzielt kruten. Ganz oft sinn déi Geschichten dat wat de Marc Ferro "une histoire sans histoires" nennt. Eng Geschicht déi aseptiséiert ginn ass, ouni Problemer, wou déi intern Konflikter erausgefiltert goufen. Eng Geschicht mat engem moralesche roude Fuedem, wou dat eegent Vollek déi Léif, Gutt a Schéin sinn.

Als Beispill fir d'Geschichtsiwerliwwerung an den USA zitéiert an analyséiert de Marc Ferro en Extrait aus engem Bestseller aus dem Joer 1941, Little town on the prairie vum Laura Ingalls. Deen Numm seet Iech vläicht eppes. Hiren autobiographesche Roman an e puer Volume gouf an den 70er an 80er Joren, ënnert dem Numm Unsere kleine Farm oder La petite maison dans la prairie fräi als Serie verfilmt, an erzielt d'Geschicht vu Farmerpionéieren am Midwest um Enn vum 19. Joerhonnert. Als Famill hu mär dat doheem gekuckt.

Eng Rei Zeene spillen an der Duerfschoul. Op engem Schoulfest hält d'Laura en Exposé iwwer d'Geschicht vun den USA. Als Musterschülerin erzielt hatt déi grouss Geschicht vun den Amerikaner, vun der neier Iddi vu Fräiheet a Gläichheet an der Neier Welt géintiwwer der aler Welt vun Tyrannen an Despoten an Europa, vun den éischten amerikanesche Präsidenten George Washington an Thomas Jefferson an der beispillhafter Verfassung. Dass den Jefferson d'Lännereien tëscht Mississipi a Kalifornien kaf hätt. Vu weem gëtt een nët gewuer. Well d'Indianer kommen am Exposé net vir. Och net wou d'Laura vum Kaf vun der Insel Manhattan erzielt. An d'Sklaven op de Plantagen vu Washington an Jefferson existéieren an där "histoire sans histoires" och net. An där Geschicht wou d'Verbesserung vun der mënschlecher Konditioun no de Prinzipie vun de Gründungsväter, Gläichheet, Fräiheet a Gléck, jo de roude Fuedem muss sinn, ass keng Plaz dofir.

Zu Lëtzebuerg hu mer zwar kee Roman vum Laura Ingalls als Pflichtlektür an de Schoulen. Mee dofir hu mär de Lex Roth, de Schoulmeeschter vum Lëtzebuerger Duerf. An de Monni Lex huet sech geduecht, dass et un der Zäit wier dass hien eis Kanner a senger Stiffche virum Kamäin mol nees erzielt, wéi déi grouss Geschicht vum klenge Ländche sech am Zweete Weltkrich wierklech ofgespillt huet.

Wéi an der amerikanescher Geschicht Versioun vum Laura Ingalls sinn an der Lëtzebuerger Geschicht Versioun Lex Roth déi Aner déi Béis.

Zum Beispill d'Waffen-SS Brigad Léon Degrelle. D'Légion wallonne. Béis Belsch woaren dat. Dovun erzielt de Monni Lex de Lëtzebuerger Kanner. Fir ze betounen, dass et dat zu Lëtzebuerg natierlech net gouf. Bon, do wieren zwar déi ronn 1.500 Lëtzebuerger, déi sech, no Recherchen vum Historiker Paul Dostert, fräiwëlleg militäresch fir Nazidäitschland an der Wehrmacht an an der Waffen-SS engagéiert hunn. Wéivill genee et der woaren? Wat soll ech soen? Do besteet nach e gewësse Flou fir en aktuelle Code ze gebrauchen. 1.500, dat ass proportionell méi eng héich Zuel wéi fir d'Moselle an d'Alsace, ongeféier esou héich wéi den Taux vu Fräiwëllegen an der Belsch an an Holland. Mee de Monni Lex huet carrément vergiess se ze erwänen. An senger Geschicht ginn et se net.

Flou reimt mat Tabu. De Monni Lex erzielt eis vu Resistenzler a vun Zwangsrekrutéierten. "Une histoire sans histoires". Ee Resistenzler, den Dr. Schwachtgen, schreift 1943 ënner sengem Decknumm "Jean l'Aveugle" folgende Bericht un d'Exilregierung. Do geet et em Lëtzebuerger Zwangsrekrutéiert an d'Verbrieche vun der Wehrmacht: „Certaines recrues sont dans la région de Brest-Litovsk. Quelques Luxembourgeois ont été obligés sous la menace du pistolet à prendre part à l’exécution des juifs. Ceux-ci ont été rassemblés par groupes de cent. Avec les pelles des soldats ils ont été forcés de se creuser leur tombe. Les adultes juifs ont été abattus à coups de revolver, les enfants ont été assommés à coups de crosse; certaines brutes de Prusse orientale se sont fait un sport pour pourfendre les enfants à la bayonnette (renseignements dus à un témoin occulaire digne de foi). Les prisonniers russes ferment la tombe. Ce régiment en l’espace de trois mois, a exécuté 420.000 juifs. Je fais ressortir qu’il ne s’agit pas d’un régiment SS...“ Et gi vill Berichter vun Zwangsrekrutéierten iwwert dat, wat se hu misse matmaachen. Mee an deene Berichter kënnt kee Judd vir. Dat ass tabu. De Paul Dostert huet an engem Artikel an der Hémecht 2000 driwwer geschriwwen, de Lucien Blau huet 1996 iwwer d'Bedeelegung vu Lëtzebuerger am Polizeibataillon 101 un Exekutioune vu Judden geschriwwen. Mee de Lucien Blau ass e béise Russ an de Geschichten vum Monni Lex. An de Kanner erzielt ee keng esou Geschichten.

De Monni Lex erzielt eis dofir awer laang a gären vun de béise Franzousen, déi eng Vichy-Regierung haten am Géigesaz zu Lëtzebuerg, an déi nom Krich esou gemaach hunn, wéi wann se all Resistenzler oder Märtyrer gewiescht wieren. D'Chamber an de Staatsrot hunn zwar zu Lëtzebuerg nom 10. Mee 1940 enger Regierungskommissioun pleins pouvoirs ginn, se sou zu enger legaler Ersatzregierung gemaach. Dës Institutiounen hunn eng Petitioun un den Hitler adresséiert, wou jiddereen dee Rang an Numm am Land hat ënnerschriwwen huet, a wou se e Weiderbestoen vu Lëtzebuerg am Kader vun der neier däitscher europäescher Uerdnung froen. Et gëtt an den Zeitunge nom 10. Mee 1940 oppe philosophéiert iwwer en autoritaire Lëtzebuerger Ständestaat. Den Ënnerscheed tëscht Frankräich a Lëtzebuerg ass also net, dass hei am Land de Staat net bereet woar ze kollaboréieren oder keen anere Regime geplangt woar. Den Ënnerscheed ass dass de Gauleiter Simon an net d'Letzebuerger Administratioun, där Staatskollaboratioun Enn 1940 en Enn setzt well e Lëtzebuerg carrément wëll annexéieren, während d'Staatskollaboratioun a Frankräich weidergeet. An der Geschicht vum Monni Lex taucht dat alles net op. Lëtzebuerger sinn déi Gutt an d'Franzousen déi Béis.

Souwisou: d'Historiker, déi esou eppes schreiwen, sinn eigentlech och Béiser, warnt de Monni Lex eis jo direkt um Ufank vun senger Geschicht. Déi si wéi Militärleit, deenen een och net dierft trauen. Historiografiker vernennt en se. De Monni Lex fënnt dat witzeg.

A fir de Kanner nach méi Angscht ze maachen, erzielt de Monni Lex hinnen, d'Historiker géife vill Béises schreiwen. Och wann si dat ni geschriwwen hunn. Si hunn d'Kollaborateuren och, mee net nëmmen, ënnert de Staatsbeamte gesicht. Net manner wéi 11 universitär Thesen hu schonns d'Kollaboratioun vun alle sozioprofessionelle Schichten, Fräiberuffler, Commerçanten, Oarbechter, Baueren, Privatbeamten asw. behandelt. Wéi de Benoît Majerus fir d'Ortsgruppenleiter vun der VdB weist, si Staatsbeamten zwar iwwerrepresentéiert, an éischter Linn d'Schoulmeeschter an d'Eisebunner. Mee ënner den Ortsgruppenleiter sinn och Dokteren, Ingenieuren an Entrepreneuren. Mär si wäit ewech vum Monni Lex sengem Schwoarz-Wäiss-Bild vun op där enger Säit de "Gerueten" an op där anerer dem Pak vu "Matleefer, Pubertéierer, Gielemännercher a Säckdréier".

D'Schoulmeeschter weisen iwweregens mat den héchsten Taux vu Memberen an der NSDAP op. Mee dat erzielt den Här Lehrer Lex och nët. Siwe vun ning Schoulinspektere sinn nom Krich ofgesat ginn. Déi aner Zwee goufe mat grousse Reserven nees an de Staatsdingscht opgeholl. Ee vun deenen zwee huet sech zum Beispill doduerch ausgezeechent, dass en engem Schoulmeeschter den Uerder ginn huet, en Tableau vum Guido Oppenheim vun der Wand erofzehuelen. Mee well dee Moler e Judd woar, huet dat nom Krich keen intresséiert. Firwat de Kanner dat also haut erzielen?

D'Historiker hunn ni geschriwwen d'Lëtzebuerger Vollek wier antisemitesch. Si beschreiwen awer wéi d'Lëtzebuerger Ersatzregierung an Deeler vun der Administratioun, vun der Police, vun den Notaire bei der Emsetzung vun der antisemitescher Politik vun den Nazieginn holl. Ee vun deenen zwee heeruffsktescher Politik vun den Nazivun den N otairen. Mee well et e Judd woar huet dat mon dass  gehollef hunn. Zum Beispill vun der Spoliatioun, vun där souguer de Monni Lex erzielt. An dass Antisemitismus a Friemenhaass an deene Milieuen an an der kathoulescher Presse och schonns virum Krich bestanen hunn.

De Lëtzebuerger Chef vun der Friemepolizei huet sech am November 1940 domat gebretzt, dass seng Zervicer fir eng Lëscht vun 471 polnesche Judden opzestelle sämtlech Dossiere vun der Friemepolizei, schätzungsweis woaren dat der 30.000, duerchgekuckt hunn. Mee de Monni Lex erzielt de Kanner léiwer, dass d'Preisen, déi Béis, déi Hëllef vun de gudde Lëtzebuerger net gebraucht hunn.

Wéinst all deem wat de Kanner während 70 Joer net erzielt gouf, stelle sech Chamber a Regierung réischt haut der Fro vun der Responsabilitéit net vum Lëtzebuerger Vollek, wéi de Monni Lex schreift, mee vum Lëtzebuerger Staat am Zesummenhank mat der Verfolgung an der Spoliatioun vun de Judden am Zweete Weltkrich. Mee vläicht lauschtere se jo weiderhin op de Monni Lex a subventionéieren léiwer e groussen a schéinen Tëleesfeuilleton mam Titel "Eis klengt léift Ländchen".

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Berlinale70

    D'Berlinale feiert dëst Joer hire 70. Gebuertsdag ënner den neien Direktere Carlo Chatrian a Mariette Rissenbeek. D'Sarah Pepin an den Tom Dockal si fir eis op der Plaz.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen