Den Zäithistoriker: D'Natioun ass a Gefor, dofir lauschtert op d'CGFP

Sechs Parteien hu sech en Dënschdeg verflicht, eng sachlech, faire a käschtegënschteg Informatiounscampagne fir de Referendum vum 7. Juni ze féieren, wou et jo ënner anerem ëm d'Wahlrecht fir Auslänner bei de Parlamentswahle geet. Eng Gewerkschaft, d'CGFP, moolt awer schonns den Däiwel un d'Wand a gesäit déi national Communautéit a Gefor. Dat huet Traditioun, mengt den Zäithistoriker Denis Scuto. Eng bedenklech Traditioun...

 

Zënter de 1970er Joren gehéiert d'Wahlrecht fir d'Auslänner zu engem vun de groussen Débaten, déi hei am Land gefouert ginn, och wann et vun de Wierder zu den Akten e wäiten an holprege Wee woar an ass. D'Wahlrecht op kommunalem Plang gouf schonns an de 70er Joren vun Organisatiounen déi sech fir d'Rechter vun deenen, déi deemools nach "travailleurs immigrés" oder "Fremdarbeiter" genannt goufen, agesat hunn, mee och vu Parteie wéi der LSAP an der KP, vum Wirtschafts- a Sozialrot gefuerdert. Eng Petitioun vun der Asti an deem Sënn haten CSV, LSAP, DP a KP, den OGBL an den LCGB 1981 ënnerschriwwen, mee an den 80er Joren gouf et net op déi politesch Agenda gesat.

Eréischt Ufank der 90er Jore goufen Neel mat Käpp gemaach. Mee och hei huet missen Drock gemaach ginn. Den éischten Duerchbroch koum fir d'Chambres professionnelles. Hei hun d'Auslänner zwar missen zënter 1926 cotiséieren, mee si woare vum Wahlrecht ausgeschloss. 1988 hat d'Asti refuséiert fir dräi vun hire Matoarbechter ze cotiséieren, ënnert dem Motto "no taxation without representation". Den Europäesche Geriichtshaff huet der Organisatioun 1991 Recht ginn an doduerch kruten d'Auslänner ab 1993 d'Wahlrecht fir d'Berufschamberen. Eréischt opgrond vum Maastrichter Vertrag vun 1992 an enger EU-Direktiv gouf dann d'Méiglechkeet vum Auslännerwahlrecht op kommunalem Plang a fir Europawahlen zu Lëtzebuerg agefouert. Bei de Gemengewahlen 2011 woare 7 Prozent vun de Kandidaten Nët-Lëtzebuerger. 17 Prozent vun den Auslänner haten sech 2011 an d'Wielerlëschten ageschriwwen. Bei den Europawahle vun 2014 woaren et 12 Prozent.

Duerch d'wirtschaftlech an d'gesellschaftlech Entwécklung vu Lëtzebuerg an de leschten drësseg Joer, virun allem déi parallel Hausse vun der aktiver Bevëlkerung a vum Wuelstand, ënner anerem duerch Phenomener wéi Immigratioun a Frontalieren, stelle sech d'Fro vun der Taxation an der Représentation nët nëmme méi um Niveau vun der Entreprise oder der Gemeng, mee um Niveau vum Staat. An de 70er Joren woare 60% vun der Bevëlkerung wahlberechtegt. Haut ass dee Prozentsaz op manner wéi 45% gefall a läit domat ënner der Participation électorale vun 1919 wou hei am Land d'allgemengt Wahlrecht fir Männer a Fraen ab 21 Joer agefouert gouf. Doriwwer eraus sinn iwwer d'Hältschent vun de Wahlberechtegten hei am Land sougenannt Net-Aktiver um Oarbechtsmoart, also Rentner a Rentnerinnen, Studenten a Studentinnen, Hausfraen oder -männer, Chômeuren. Egal wéi een et dréint a kéiert, stellt dat mëttlerweil e Problem vun demokratescher Representativitéit vun der Chamber a vun der Regierung duer, wéi e sech a kengem anere Land vun der EU stellt.

Aus deem Grond schléit d'Regierung am Referendum vum 7. Juni zwou Mesurë vir, fir de Corps électoral ze vergréisseren: engersäits Jonken ab 16 Joer d'Recht ze ginn ze wielen - erënnere mer hei drun dass d'Wahlpflicht fir déi eeler Leit 2004 op 75 Joer eropgesat gi woar - an anerersäits, dass auslännesch Bierger, wa se 10 Joer hei wunnen a schonn u Gemengen- oder Europawahlen deelgeholl hunn och d'Recht kréien u Chamberwahlen deelzehuelen. A béide Fäll fakultativ.

Dës Woch hu 6 Parteien en Ofkommes ënnerschriwwe wou se sech fir eng fair a sachlech Informatiounscampagne an deem Zesummenhank ausschwätzen. Aus der Siicht vum Historiker wier ech frou wann an deem Wahlkampf nët nees déi al nationalpopulistesch Zopp opgekacht géif ginn, déi mer am Kader vun den Débaten iwwer Auslännerwahlrecht um Niveau vun de Chambres professionnelles oder de Gemengen- an Europawahlen an den 80er an 90er Joren zerwéiert kruten. Och wann ech do wéineg Hoffnung hunn.

Eng albekannten Argumentatiounsschinn géint, dës Kéier, d'Extensioun vum legislative Wahlrecht op en Deel vun den Auslänner déi hei am Land wunnen, krute mer d'lescht Woch schonns opgedëscht. Zwar net vun enger Partei, mee vun der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP.

D'CGFP fillt sech besonnesch ugesprach, ënner anerem well momentan méi wéi e Véierel vun de Lëtzebuerger Wieler Staatsbeamte sinn. Eng Erweiderung vum Wahlrecht op d'Auslänner géif deen Undeel an also och hire politeschen Afloss reduzéieren. D'CGFP verdeedegt also hir Positiounen an dat ass hiert gutt Recht. Et ass och hiert gutt Recht sech op d'Positioun vun der CSV an dem ADR ze alignéieren an ze verlaangen dass den Accès zum legislative Wahlrecht iwwer d'duebel Nationalitéit soll geschéien.

Och wann ech et als Historiker witzeg a bezeechnend fannen, dass grad déi Parteien an Gewerkschaften déi sech während Jorzéngten kontinuéierlech géint eng Ëffnung vun der Staatsbiergerschaft gewiert hunn, elo Fans vun der duebeler Nationalitéit gi sinn. Ee vun de Grënn firwat mëttlerweil manner wéi 45% vun der Bevëlkerung wiele ginn si grad déi restriktiv Gesetzer zur Lëtzebuerger Nationalitéit virun 2008 déi dozou gefouert hunn, dass Lëtzebuerg de Klasseleschten, d'Lanterne rouge vun der ganzer EU a Saachen Naturaliséierunge woar.

Am Géigesaz zu dem wat d'CGFP an hirem Communiqué zu de Berufskummerwahlen schreift, ass Lëtzebuerg och net ee vun den éischten EU-Staaten deen d'Méiglechkeet vun der duebler Nationalitéit bitt, dat heescht d'Acquisitioun vun der Lëtzebuerger Staatsbiergerschaft ouni op seng al Nationalitétit brauchen ze verzichten. Lëtzebuerg huet déi Méiglechkeet 2008 net als "Virreider", wéi fälschlecherweis behaapt gëtt, mee als 9. Land vum Europa vun den 12, als 15. Land vu 27 agefouert.

Guer net witzeg, mee äusserst problematesch fannen ech, dass d'CGFP ëmmer nees déi selwescht nationalpopulistesch Argumenter recycléiert, déi se och schonn an aneren Zesummenhäng gebraucht huet. Wéi 1994 d'Wahlrecht fir EU-Bierger bei den Europawahle sollt agefouert ginn, huet d'Staatsbeamtekummer sech schonn dogéint ausgeschwat mam Argument, dat géif den Ausverkaf vun der nationaler Souverainitéit an Identitéit bedeiten. Argumenter déi och ëmmer nees géint eng Erliichterung vum Zougank zur Lëtzebuerger Nationalitéit avancéiert goufen. 2015 stellt de CGFP-President Emile Haag nach ëmmer déi selwecht Froen op enger Pressekonferenz wou d'Gewerkschaft erkläert firwat se géint d'Extension vum Wahlrecht as. „Wann d'Auslännerwalrecht kënnt, wat bedeit dann nach de Begrëff Natioun?“ an „Wat bleift da vun der nationaler Identitéit?“ Grouss Wierder déi zënter Jorzingten dat selwecht suggéréieren, déi selwecht Sous-entenduen, déi selwecht Denkassociatiounen: Natioun, national Identitéit gëtt presentéiert wéi en homogene Block, eppes Renges, eppes Immuables, wat duerch Auslänner bedrot gëtt.

Wat virum Zweete Weltkrich nach "national Rasse" oder "national Substanz" genannt gouf, gouf an den 1970er Joren ëmgedeeft an "national Identitéit". D'Rasselogik konnt no de Verbrieche géint d'Mënschheet an deem Krich net méi oprechterhale ginn. Dofir ass se duerch eng kulturell Logik ersat ginn. 1936 huet eng ministeriell Kommissioun dofir plädéiert den Accès zur Lëtzebuerger Nationalitéit stoark anzeschränken. D'Argument woar: "pour ne pas altérer la substance nationale". Zënter de 1970er Jore kréie mer gesot, dass mer déi supposéiert national Rengheet vun eiser Kultur musse schützen an enger ëmmer méi multikultureller Gesellschaft. 1936 hunn d'"substances étrangères" d'Lëtzebuerger Rass bedrot. 2015 bedroe méi politesch Rechter fir Auslänner dem CGFP-President no carrément déi national Communautéit an Identitéit.

D'Matrice vun deem Discours ass zënter 100 Joer déi selwecht, och wann d'Begrëffer moderniséiert goufen: Rass, Vollek, Natioun, national Substanz, national Identitéit ginn an deem Discours presentéiert als eppes wat se ni woaren an och ni ginn, eppes Eenheetleches a Figéiertes. D'Lëtzebuerger Identitéit ass am Géigendeel historesch gewuess a besteet aus Kontinuitéiten a Bréch, aus Gemeinsamkeeten a Widderspréch, aus Spannungen a Konflikter, zum Beispill tëscht Staatsbeamten, Privatbeamten, Oarbechter a Baueren, tëscht Salariéen a Patronen oder awer tëscht Klerikalen an Antiklerikalen oder tëscht Produzenten a Konsumenten. Doriwwer eraus gëtt déi national Identitéit och a grad duerch eng ganz Rei vun auslänneschen Apporte geprägt a verännert, gëscht, haut a moar.

An der Lëtzebuerger Natioun hat och net jidderee vun Ufank un déi selwecht Rechter. Ganz Kategorie wéi kleng Baueren an Oarbechter, d'Fraen am grousse Ganzen kruten eréischt am Laf vun enger laanger historescher Entwécklung wichteg politesch a sozial Rechter a goufe sou eréischt richteg an d'Natioun integréiert. Rechter a Pflichten duerch déi een an d'Natioun integréiert gëtt, an d'Bierger déi dovu profitéieren, ännere sech also och am Laf vun der Zäit. Zënter Maastricht hunn Nët-Lëtzebuerger ëmmer méi Rechter a Pflichten innerhalb vun der Lëtzebuerger Natioun krut a si souguer Staatsbeamten.

Eng sachlech a fair Informatiounscampagne wënsche sech d'Parteien am Virfeld vum Referendum vum 7. Juni. Fir den Zäithistoriker bedeit dat, dass ee Begrëffer an hiren historesche Kontext stellt, se hannerfreet a virun allem virsiichteg domat ëmgeet. A punkto Natioun an national Identitéit bedeit dat, d'CGFP drun ze erënneren, dass se sech mat hirer Argumentatioun an eng bedenklech historesch Traditioun areit, eng Traditioun wou en nationale Vocabulaire benotzt a mëssbraucht gëtt fir Bedroungsszenarien ze entwäerfen, mat der Oppositioun zum Aneren als Leitmotiv: zum Feind géint deen ee misst kämpfen, zum Auslänner deem een net dierft trauen an deen ee sollt ausschléissen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Spektrum

  • Ënnerwee

  • Noriichten

  • Trendscheif

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen