Radioen

On air

Notturno  |  Alice Coltrane - Blue Nile

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Affer vun engem Wirtschaftskrich"

Gewalt géint Fraen

"Affer vun engem Wirtschaftskrich"

Gewalt géint Fraen als Krichswaff bleift ze heefeg onbestrooft, kritiséiert de kongoleseschen Dokter a Mënscherechtsaktivist Denis Mukwege. D'Affer missten net just medezinesch, mee och juristesch betreit ginn: Fir datt se sech trauen eng Plainte ze maachen. Déi westlech Länner misste sech asetzen, fir Konflikter an Afrika ze verhënneren.

auto_stories

3 min

Wéi den Denis Mukwege an den 80er Joren a Frankräich gaangen ass, fir Medezin ze studéieren, hätt hien ee kloert Zil gehat: Hie wollt eppes léieren, fir duerno zréck an de Kongo ze goen a géint déi héich Stierflechkeet vun de Mamme wéinst der Schwangerschaft oder der Gebuert ze kämpfen. "Fir mech ass et ni a Fro komm an Europa ze bleiwen".

Nodeems de Gynekolog 2012 virun de Vereenten Natiounen kritiséiert huet, datt sexuell Gewalt am Kongo seele poursuivéiert gëtt, ass den Denis Mukwege vun arméierte Männer attackéiert ginn. Säi Garde du corps huet d'Attack net iwwerlieft. Trotzdem ass hien no enger kuerzer Zäit an Exil zréck a seng Heemecht gaangen. De kongolosesche President wier net bereet gewiescht, fir seng Sécherheet ze garantéieren. Et wiere kongolesesch Aktivistinnen gewiescht, déi de Finanzement vu sengem Retour a vu senger Sécherheet assuréiert.

Medezinesch a sozial Betreiung

All d'Soinen, déi den Dokter Mukwege a säin Team ubidden si gratis. Dozou zielt och den Transport bis an d'Klinik, grad wéi de Logement während dem Traitement. Dacks mussen déi concernéiert Fraen och nei Kleeder kréien, well se guer näischt méi hunn. Et gëtt och eng mobil Ekipp, déi sech an d'Provënz kann deplacéieren fir do Affer vu sexueller Gewalt ze traitéieren. Finanzéiert gëtt dat Ganzt vu lokalen an internationalen ONGen, sou den Denis Mukwege.

"De Mann, dee Frae reparéiert" - Dat wier en Titel, deen e Journalist formuléiert hätt. Mee fir den Denis Mukwege geet seng Aarbecht doriwwer eraus: Frae reparéieren, dat kéint eng pejorativ Konnotatioun hunn "Wat mir maachen ass ee ganzheetlechen Traitement. Et ass keng reng physesch Reparatur." Zu senger "holistescher Approche" gehéiert nieft der chirurgescher Interventioun och eng psychologesch Betreiung: Affer vu sexueller Gewalt géife sech soss dacks suicidéieren.

Et wier doriwwer eraus och e sozio-ekonomeschen Encadrement néideg: Zum Beispill wann déi concernéiert Frae net méi kéinten oder wéilten zréck an hir Famill goen, misste si gehollef kréie fir sech selwer eng nei Existenz opzebauen.

Juristesch Konsequenzen

Da gëtt de Fraen och eng juristesch Hëllef offréiert, fir géint d'Täter virzegoen. "Dës Frae sinn dacks couragéiert, a si droen zu Changementer an hirer Communautéit bäi."Am Kongo traue wéineg Frae sech, fir eng Plainte ze maachen, wa se vergewaltegt goufen. "Mir versichen d'Attitude ze änneren an ze soen, datt de Silence gebrach gëtt. Well de Silence gëtt vun den Täter benotzt, fir d'Frae weider ze dominéieren."

Datt kollektiv Vergewaltegungen am Kongo nach ëmmer als Krichswaff agesat ginn, huet dem Dennis Mukwege no eppes dermat ze dinn, datt d'Täter nach ëmmer dacks net poursuivéiert ginn. Obwuel d'Vergewaltung eng Strofdot wier, déi net verjäert, géifen arméiert Gruppen Amnestien accordéiert kréien. "Mir fuerderen, datt esou Strofdoten virun d'Geriichter kommen."

Den Denis Mukwege bedauert och, datt souguer wann et zu enger Veruerteelung kënnt, géifen d'Affer meeschtens keng Entschiedegung kréien.

Politesch Äntwerten

2012 huet hien an enger Ried virun de Vereenten Natiounen, datt d'Länner sech méi staark derfir asetzen, datt kollektiv Vergewaltegungen net méi als Krichswaff agesat ginn. Och déi räich Länner kéinten nach Efforte maachen: Zum Beispill hir Gesetzer upassen, fir datt Fraen net Affer vu Mënschenhandel ginn.

Da kéinten déi westlech Länner och vill maachen, fir d'Uersaache vu Konflikter a Massevergewaltegungen an Afrika ze bekämpfen. "Dës Vergewaltegungen geschéien am Kader vun engem Wirtschaftskrich" D'EU hätt zum Beispill een Accord fir ee Gesetz géint Landminnen, begréisst den Denis Mukwege. An d'Consommateure kéinte sech méi informéieren, ob d'Material an hiren Handyen a Laptopen net derzou bäidréit Konflikter ze finanzéieren.