D'Enn vum solidareschen Europa?

Den Accord deen de Griichen no laange Verhandlungen e Méindeg zu Bréissel opgezwonge gouf, ass den Ufank vum Enn vum solidareschen Europa, mengt d’Mick Entringer haut an engem Kommentar.

Europa war opgebaut gi ronderëm Kuel a Stol fir de Mënschen eng Zukunft a Fridden ze erméiglechen. Däitschland krut seng Scholden erlooss, anescht wéi nom 1. Weltkrich. Et hat een draus geléiert, et hat ee verstan, datt den Traité vu Versailles, (mat deem Däitschland eleng d’Rechnung fir de Krich virgeluecht krut), zesumme mat enger grousser nationaler Humiliatioun, riicht an den 2. Weltkrich gefouert hunn. Et ass beängschtegend, datt alles dat vergiess schéint. D’Appeller vun aalgedéngten europäeschen an dorënner och däitsche Politiker, vu luciden Economisten, Philosophen an Historiker verkléngen an Internetforen a soziale Medien.

De griichesche Premier Alexis Tsipras krut de Weekend d’Messer op d’Broscht gesat: “du ënnerschreifs wat mir dir hei virleeën, oder deng Banke wäerten ni méi op machen”. De jonke sozial-demokratesche Politiker (well den Tsipras ass kee Marxist – soss hätt hie scho laang d’Dier geklaakt), hien hat d’Wiel tëscht engem Grexit an Austeritéitsmoossnamen déi alle béid zu souveräner Entmuechtung a politesch, economeschem a sozialem Chaos féieren. Keng aner Regierung, a keen aneren Euro-Finanzminister huet sech scheinbar géint den irresponsabele liberal-rigide Plang gewiert, e Plang vum däitsche Finanzminister, gedroe vu Finnland, Holland, an aneren nord- an osteuropäesche Staaten; acceptéiert vun allen aneren, och vu Lëtzebuerg. An dat wuelwëssend wou en hiféiert. Eng postmodern Occupatioun, ee Coup d’état, schreiwe Publizisten.

Déi griichesch Regierungen hunn an der Vergaangenheet Feeler gemaach an der Gestioun vun hire Finanzen an hirer Wirtschaft. D’Pläng vun den Eurozon Finanzminister loossen ouni Scholdeschnëtt allerdéngs keng Plaz fir eng nohalteg Wirtschaft opzebauen. Athen gouf vun der EU opgefuerdert dat Ganzt stoesch ze erdroen, ouni Enn a Siicht. Griicheland ass zur Eurozon-Badbank condamnéiert, ad aeternum. Ofgestrooft no sengem demokratesche Vote eng Woch virdrun.

D’Apparatchiken am Eurogrupp hu keen Interessen um humane Käschtepunkt vun hiren Entscheedungen, sot de griicheschen Ex-Finanzminister Yanis Varoufakis an engem laangen a reveléierenden Interview mam australesche Radiosender ABC.

Och d’Konsequenze fir Europa sinn onbeschreiflech: wellecht Land wäert sech elo net op seng eege reng national Interessen zréck zeien a Maueren héich zéien. A wie wärt Däitschland nach trauen? Déi däitsch-franséisch Achs gëtt et net méi. Déi europäesch solidaresch Grondsazphilosophie gouf geaffert. Geaffert um Altoer vun enger liberaler Visioun vu budgetärer Rigueur, déi keng Regierung, keng Gewerkschaft a keng sozial Kräften an Europa wierklech bekämpft oder bekämpft kritt.

Ass dat dat Europa dat mir wëllen?

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen