Radioen

On air

Notturno  |  Anna B Savage - In Flux

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Denonciatioun vun der CSV-Fraktioun ass beim Parquet komm

Sträit ëm de Frank Engel

Denonciatioun vun der CSV-Fraktioun ass beim Parquet komm

D'Denonciatioun vun der CSV ass um Parquet ukomm, esou de Justizspriecher Henri Eippers haut Virmëtteg op eis Nofro hin. Et geet ëm Faiten a Relatioun mam CSV-President sengem Aarbechtsvertrag mat der asbl. "CSV Frëndeskrees": de Frank Engel soll d'lescht Joer 40.000 Euro als Paie vun der asbl. kritt hunn. Rieds geet ënner anerem vum Virworf vu Schäibeschäftegung.

auto_stories

3 min

De Frank Engel ass Parteipresident vun der CSV. Foto: Archiv

Hien hätt sech näischt virzewerfen, esou de Frank Engel. Den CSV- President ass zanter eelef Méint och President vun der asbl. "CSV Frëndeskrees" an huet dementéiert, datt hie säi Vertrag net erfëllt hätt. Et wier awer villäicht e Feeler gewiescht, net méi Leit gesot ze hunn, datt hien een Aarbechtsvertrag mam Frëndeskrees hat, esou de Frank Engel op RTL.

De fréieren Europadeputéierten hat rezent ugekënnegt, nach eng Kéier fir de Poste vum Parteipresident wëllen ze kandidéieren. Iwwer méiglech Kandidaturen um Kongress a gutt fënnef Woche wollt d'Martine Hansen sech haut net äusseren.

Lauschterenplay_arrow

Fir d'CSV-Fraktiounscheffin ass et awer wichteg, "datt mer erëm Rou an eis Partei kréien, datt mer erëm Zäit kréie fir eng positiv Politik ze maachen, datt mer Zäit kréie fir eis op eis parlamentaresch Aarbecht ze konzentréieren."

Deputéiert wossten näischt vum Aarbechtsvertrag

D'Martine Hansen huet confirméiert, datt och si Member vun der asbl. "CSV Frëndeskrees" ass, als eng vun am ganzen aacht Deputéierte vun der CSV. Si hätt awer näischt vum Aarbechtsvertrag gewosst, deen de Frank Engel hat.

"D'Deputéierte sinn dat eréischt an der Generalversammlung do owes gewuer ginn. Mir waren do schonn zimmlech erstaunt a sinn aus zimmlech alle Wolleke gefall an hunn dofir och déi Froe gestallt, déi mer hu misste stellen."

Op dëser Generalversammlung hätt ee keng zefriddestellend Äntwerte kritt, iwwert d'Legalitéit vum Kontrakt an ob dëse Vertrag erfëllt gouf.

Denonciatioun ass beim Parquet ukomm

Op Basis vun engem onofhängege juristeschen Avis hätt d'CSV-Fraktioun gëschter ouni Géigestëmm decidéiert, fir d'Faiten un de Parquet weider ze ginn.

Lauschterenplay_arrow

Et hätt ee kee Choix opgrond vum Artikel 23 vum Code de la procédure pénale - et hätt een d'Faiten un de Parquet misste weider ginn. "De Parteipresident huet eis do definitiv an eng onméiglech Situatioun bruecht."

D'Denonciatioun vun der CSV wier an der Tëschenzäit um Parquet ukomm, esou de Justiz-Spriecher Henri Eippers kuerz viru Mëtteg op eis Nofro hin. Detailer zu de Virwërf wëllt d'Fraktiounscheffin keng nennen. Hirer Meenung no géif et awer ëm Opklärung an Transparenz goen.

"An am Ursprong sti lo wierklech net déi Leit, déi d'Fakte weider ginn hunn, mee et sinn d'Fakte selwer. Wéi gesot, mir hunn eis Flicht gemaach. Et geet net fir ëmmer alles ënner den Tapis ze kieren. Mir brauchen hei Transparenz, dat ass wichteg, och fir d'Partei. Ech weess, datt Transparenz villäicht e bësse wéi deet. Mee ech si wierklech iwwerzeegt, datt mëttel- a laangfristeg Gemauschels vill méi wéi deet."

D'Fro, ob de Frank Engel nach fir de Poste vum Parteipresident ka kandidéieren, a wie méiglech aner Kandidate wieren, wollt d'Martine Hansen net beäntwerten.

Et geet ëm 40.000 Euro

Den Aarbechtsvertrag vum Frank Engel wier och vum Félix Eischen mat ënnerschriwwe ginn, esou haut reporter.lu. Den Deputéierten a fréieren CSV-Generalsekretär ass och de Sekretär vun der asbl. "CSV-Frëndeskrees".

RTL huet gemellt, datt de Frank Engel säi Vertrag net erfëllt hätt: rieds geet vun enger méiglecher Schäinbeschäftegung. De Parteipresident hätt sech d'lescht Joer 40.000 Euro Paie vum CSV-Frëndeskrees ausbezuele gelooss, esou haut reporter.lu. "Si wëlle mech lass ginn, mat alle Mëttelen", seet do de Frank Engel.