Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Deputéiert musse sech méi spezialiséieren a brauche méi Moyenen"

Chamber

"Deputéiert musse sech méi spezialiséieren a brauche méi Moyenen"

De Mars Di Bartolomeo seet d'Chamber bräicht méi Personal fir de politeschen Erausfuerderunge vun haut gerecht ze ginn. Donieft missten d'Deputéiert sech méi staark op eenzel Politikberäicher spezialiséieren.

auto_stories

2 min

Mars Di Bartolomeo

"Wann een eis mat aneren Parlamenter vergläicht, da sinn eis personell Mëttele bescheiden," sou de Chamberpresident. Dat géif net heeschen, datt de Staff vun der Chamber "massiv" misst ausgebaut ginn. Et wier awer eng "Evidenz" datt méi Leit gebraucht ginn, wann d'Lëtzebuerger Deputéiert sech "seriö" mat europäescher an internationaler Politik solle beschäftegen. Fir déi néideg Zäit dofir ze hunn, missten d'Deputéiert och driwwer nodenken hir Duebelmandater ofzeginn.

"Deputéiert sollen sech spezialiséieren"

De Mars Di Bartolomeo ass och der Meenung, datt d'Deputéiert sech solle spezialiséieren. "Et ka keen Deputéierte méi alles iwwerblécken. Et kann een net déck Brocken um nationale Plang suivéieren, a gläichzäiteg all déi déck Brocken um internationalen oder europäesche Plang," sou de Chamberpresident. Dofir wier et néideg, datt d'Deputéiert "hire Profil schäerfen", a sech als "Fachmann" op verschidde Politikberäicher konzentréieren, zum Beispill Sozial- oder op Europapolitik.

De Chamberpresident schwätzt sech och dofir aus d'Debatten an der Chamber zäitlech nach méi ze straffen. "Et muss ee soen, datt d'Qualitéit vun den Debatten net onbedéngt vun hirer Längt ofhänkt", sou de Mars Di Bartolomeo. "Et kann een a fënnef, an zéng, oder a fofzéng Minutten extrem vill soen, wann een et konzentréiert." Et wiere schonn "Efforten gemaach" ginn, fir d'Debatte méi kompakt ze maachen, zum Beispill beim Budget a bei der Ried zur Lag vun der Natioun. Dat kéint awer nach weider ausgebaut ginn. "Mir géifen eis Guddes doen, wann een heiansdo een Deputéierten d'Haaptmessage kloer géif formuléieren, amplaz datt mer eng hallef Dosen Deputéierter alignéieren."

Mat an d'Chamberwahlen

Déi schlecht Sondagewäerter vun der LSAP wëllt de Mars Di Bartolomeo als Chamberpresident net am Detail kommentéieren: "Et gi Leit, déi besser am Numm vun der LSAP kënne schwätze wéi ech." Bei de Chamberwahlen 2018 géif hien awer nach eng Kéier untrieden, "wa meng Partei dat wëllt". Bei de leschte Wahle war de Mars Di Bartolomeo hannert dem Jean-Claude Juncker an dem Jean Asselborn den drëttgewielte Politiker am Bezierk Süden.