Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Swamp Dogg - Count The Days Feat. Jenny Lewis

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Der Olga hir Flucht aus der Ukrain

Ukrain-Krich

Der Olga hir Flucht aus der Ukrain

De Krich an der Ukrain ass iwwerwältegend. Kee weess wéi et weider geet, am mannsten déi Leit, déi et direkt betrëfft. Iwwer zwou Millioune Leit hunn de Vereenten Natiounen no, hiert Heemechtsland an Tëschenzäit verlooss. E groussen Deel dovun si Fraen, déi eleng mat hire Kanner ënnerwee sinn, well hir Partner an der Ukrain bliwwe si fir ze kämpfen.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


D'Olga huet zu Kiew gewunnt a fir eng IT-Firma geschafft. Fënnef Deeg nodeems de Krich an hirer Heemecht ausgebrach war, ass si zesumme mat hirer Mamm an hire Kanner geflücht. Zwee Deeg huet et gedauert, bis si iwwer d'Grenz waren:

"All puer Stonnen hu mir déi schrecklech Geräischer vu Loftattacken héieren. Mir hunn a Bunkere geschlof an all Dag vu Leit héieren, déi eis no stoungen, déi gestuerwe sinn. Meng Frënn, déi an der Ukrain bliwwe sinn, sinn an engem schreckleche psychologeschen Zoustand. D'Kanner kräischen déi ganzen Zäit, si dierfen d'Stied net verloossen."

D'Olga ass mat hirer Famill bei hirer Schwëster hei zu Lëtzebuerg ënnerkomm. Si wier frou, datt hir Kanner net misste mat ukucken, wéi op Ziviliste geschoss an hir Heemecht zerstéiert géif ginn. Hire Mann ass allerdéngs zu Kiew bliwwen, fir am Krich géint Russland mat ze kämpfen.

"Et deet mir vill wéi, mee et ass dank eise Männer, datt mir eng Chance hunn dëse Krich ze stoppen an heem ze goen."

All Dag kommen nei Refugiéeën aus der Ukrain hei am Land un. Déi jonk Fra probéiert dobäi e wéineg ze hëllefen...

"...fir déi ukrainesch Famillje bei de Lëtzebuerger Residenten ënner ze bréngen. Ech weess wat et heescht, fir vum eegenen Doheem an d'Ongewësst fort ze lafen."