Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Detailer erwënscht

No der Ried zur Lag vun der Natioun

Detailer erwënscht

D'Patronat weist sech an enger éischter Reaktioun zefridde mat den Annoncë vum Premier gëschter Dënschdeg a senger Ried zur Lag vun der Natioun. D'Gewerkschafte bedaueren, datt eng ganz Partie Theemen net ugeschwat goufen. En Iwwerbléck.

auto_stories

2 min

Foto: Bigstock / larich

Fir d'OGBL-Presidentin hätt dem Premier seng Ried der Gravitéit vun der Situatioun net Rechnung gedroen. Et wier een net just an enger Covid-Kris, esou d'Nora Back. Iwwer d'Klimakris, d'Logementskris an iwwer d'Kris um Aarbechtsmaart wier net genuch gesot ginn, a bei verschiddenen Aspekter hätt ee kéinte méi an d'Déift goen, esou d'OGBL-Presidentin.

D'Stock Options ginn ofgeschaaft, oder?

Wat déi annoncéiert Prime participative ugeet, iwwer déi e Salarié, steierbegënschtegt, um Gewënn vun der Entreprise an där e schafft, ka bedeelegt ginn, misst ee sech der Nora Back no d'Fro stellen "ob dat dann net erëm eng verstoppte Manéier ass, vun där déi selwecht Leit profitéieren, déi virdru schonn d'Stock Options an de Betriber haten".

Ganz anescht gesäit dat d'Patronatssäit. Den Direkter vun der Chambre de Commerce fënnt dat eng interessant Mesure, déi nach am Detail muss analyséiert ginn. Et wier awer eng Mesure "déi zur Modernitéit an der Relatioun tëschent de Betriber an dem Salarié bäidréit".

Horesca a CGFP sinn zefridden

Souwuel de Carlo Thelen wéi och de President vun der Horesca François Koepp begréissen, datt Betriber aus staark betraffene Secteure solle weider vun Aidë profitéieren, eng nei Direkthëllef soll ageféiert ginn, an de Chomage partiel soll weider gëllen, esou de François Koepp.

"Elo wëssen d'Betriber u wat se sech kënnen halen, a wéi se dann hire Finanzplang fir d'nächst Joren opstellen", esou de President vun der Horesca. Virun allem d'Hotellen am Zentrum wiere staark vun der Kris betraff a géifen am meeschte vun den annoncéierten Hëllefe profitéieren.

Zefridde weist sech och d'CGFP., déi d'Fuederung vum Premier fir eng staark Fonction publique ënnerstëtzen. Mee souwuel d'Staatsbeamtegewerkschaft, wéi den OGBL an d'Patronat wënsche sech haut bei der Presentatioun vum Budget méi Detailer zu den Annoncen.