D’Handwierk huet aner Interête wéi d’Finanzplaz

P10001841-225x300.jpg

De Michel Reckinger ass zefridde mat der Reform vun der ADEM. Den neie President vun der Handwierkerfederatioun sot an der Emissioun Riicht Eraus, datt d’Aarbechtsamt elo och do ass fir de Betriber ze hëllefen an net just fir d’Chômeuren ze geréieren.

Patronat a Regierung si sech an engem Jobpakt eens ginn, datt déi nächst dräi Joer 5.000 Leit zousätzlech iwwert d’Aarbechtsamt agestallt solle ginn. Wann d’Konjunktur normal dréint, wier dat Zil ouni Problem ze erreechen, seet de Michel Reckinger.

Bis d’Summervakanz well d’Regierung decidéiert hunn ob eng Fusioun tëscht der Chambre de Commerce an der Chambre des Métiers Sënn mécht. D’Fédération des Artisans ass géint eng Fusioun well d’Handwierk ganz aner Interêten hätt wéi d’Finanzplaz oder d’Industrie.

D'Emissioun Riicht Eraus vum Christian Welter mam Michel Reckinger:

 

 

Programm

  • Mat Groove a Séil

  • On air

    Notturno

  • Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Net verpassen

  • Schwéierpunkt Rassismus

    2020-09-29-Rassismus-v1.jpg

    An eiser Serie Schwéierpunkt thematiséiert den André Dübbers all Dënschdeg verschidde Volete vum Rassismus.

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen