Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Diane Adehm: Eng ganz Rei Froe musse beäntwert ginn

Luxeosys

Diane Adehm: Eng ganz Rei Froe musse beäntwert ginn

D'Presidentin vun der Budgetskontrollkommissioun, d'CSV-Deputéiert Diane Adehm fënnt d'Erkenntnisser aus dem PWC-Rapport iwwer de Projet vum Äerdobservatiounssatellit fir d'Lëtzebuerger Defense ganz grav. Mir haten de Méindeg (gëschter) gemellt, datt PWC an deem Rapport fir de Verdeidegungsministère schwéier Dysfonctionnementer festgestallt huet.

auto_stories

3 min


De Bäitrag vum Michèle Sinner lauschterenplay_arrow


De Projet gouf an der Hetzt preparéiert a war net detailléiert genuch, fir déi reell Käschten auszerechnen, éier e Budget an der Chamber gestëmmt gouf. Elo gëtt de Projet op d'mannst duebel esou deier, wéi am Ufank gesot. Dobäi gouf et keng richteg Ausschreiwung a bei der Signature mam Kontrakt mat der Firma OHB-I, déi de Satellit baut, war scho kloer, datt et mat de Suen net géif duer goen. D'Diane Adehm seet, et wieren eng ganz Froen, déi nach misste beäntwert ginn.

Ugefaange mat der Fro, wéi den Dossier um Ministère gehandhaabt gouf, seet d'Diane Adehm:

"Wann een ufänkt mat enger Societéit OHB-I, wou ee freet, wou déi wierklech hierkënnt, wou de Kontakt hiergestallt ginn ass. Wéi et kënnt, datt déi do einfach en Zouschlag kritt hunn oder en Optrag kritt hunn, fir eppes ze maachen, ouni iergendeng Ausschreiwung ze maachen."

Si géif och net verstoen, firwat et esou séier huet misse goen, an de Projet bannent zwee Joer onkomplett iwwer de Knéi gebrach gouf. D'Diane Adehm freet, ob d'Firma OHB-I géif zur Rechenschaft gezu ginn, mee och no der Responsabilitéit op Regierungssäit.

Wat ass deemools fir e Kontrakt ënnerschriwwe ginn, wann de Minister Bausch eis an der Chamber riicht eraus seet, mir hu bis elo 170 Milliounen Euro engagéiert. Mir hunn elo de Choix, entweder bezuele mer der Societéit déi 170 Milliounen, déi bis elo virgesinn sinn u Penalitéiten oder mir hänken nach eng Kéier 180 Milliounen drun, dann hunn mer e Satellit, da soen mir awer als Deputéiert oder zumindest als Oppositiounsdeputéiert, dat dote kann et jo net sinn. De Verteidegungsminister huet e Gesetzesprojet fir eng Budgetsrallonge vun 180 Milliounen an der Chamber deposéiert. Mee d'Diane Adehm fënnt de Moment schwiereg, esou enger Rallonge zouzestëmmen.

"Et mierkt ee jo och, wann een de Rapport vu PWC e bësse liest, datt do nach esou vill Inconnuen an deem ganzen Dossier sinn, datt et a mengen Ae keng schlecht Iddi wier, fir den Dossier mol nach e bëssen zeréckzehalen, bis datt e vill méi elaboréiert ass, fir datt e vill méi prezis ass, an ech mengen eréischt da kann een ofschätzen, wou mer finanziell an deem Dossier stoe wäerten."

D'nächst Woch, de 25. Mee soll de Verteidegungsminister François Bausch nees an d'Budgetskontrollkommissioun vun der Chamber goen, fir weider Explikatiounen ze ginn. De Fernand Kartheiser vun der ADR huet och ugefrot, datt de Minister an d'Verteidegungskommissioun kënnt, fir do Erklärungen ze ginn.