Dieschbourg begréisst USA-Virstouss bei Klimaziler
Den US-President Barack Obama krut nieft de Kritike vill Luef fir säin Clean Power Plan, deen den 3. August presentéiert gouf. Als “couragéierte” President gëtt hie gesinn, a säi Plang als bis elo wichtegste Schrëtt an der amerikanescher Klimapolitik beschriwwe – besonnesch am Hibléck op d’Weltklimakonferenz am Dezember zu Paräis.
“Ech si frou datt de Barack Obama seng Responsabilitéit an der Klimapolitik iwwerhëlt”, esou d'Lëtzebuerger Ëmweltministesch Carole Dieschbourg, déi hofft, datt d’Annoncen aus de Vereenegte Staaten en Afloss op aner Länner wäerten hunn an déi sech vun der Konferenz zu Paräis e verbindlechen Accord wënscht. Ob et zu sou engem Accord kënnt, ass awer hirer Meenung no nach net kloer.
Den Interview vum Christiane Kleer mat der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg: