Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dieselgate: "Mir Gréng kréien der elo op d'Maul"

Ëmwelt

Dieselgate: "Mir Gréng kréien der elo op d'Maul"

De gréngen Europadeputéierten Claude Turmes seet, seng Partei hätt e "Problem" am Debat ronderëm den Diesel-Skandal. D'Leit hätten den Androck, datt déi Gréng hinne wéilten wéidoen.

auto_stories

2 min

Claude Turmes

Déi Gréng géifen eng Politik maachen, déi et erlaabt aus dem Diesel erauszeklammen, ouni datt radikal Mesurë mussen ergraff ginn, seet den Europadeputéierte vun déi gréng Claude Turmes. Dat géif sech zum Beispill an der Stad Lëtzebuerg weisen, wou den Tram a méi Velostrafic géifen dozou bäidroen, d'Loftverschmotzung ze begrenzen.

Dem gréngen Europadeputéierten no droen dës Moossnahmen dozou bäi, datt Fuerverbueter fir Diesel-Autoen net néideg sinn: "déi gréng sinn déi, déi wahrscheinlech dofir suergen, datt mir de Gesondheetsproblem léisen, ouni mussen esou radikal Moossnahmen ze huele wéi Fuerverbueter." Och op nationalem Plang géif déi blo-rout-gréng Regierung Elektroautoen ënnerstëtzen, zum Beispill mat Steiervirdeeler.

"Diesel-Sommet" war e "Bluff"

D'Resultat vum "Diesel-Sommet" zu Berlin bezeechent de Claude Turmes als "pure Bluff". Déi däitsch Regierung hat sech hei mat den Autoconstructeuren drop gëeenegt, datt d'Software bei iwwer fënnef Milliounen Autoen nogebessert gëtt. Et wier awer net ze beweisen, datt dës Mesure d'Loftverschmotzung bedeitend aschränkt. Hie fuerdert dofir, datt déi betraffe Cliente finanziell entschiedegt ginn, sou wéi dat an den USA geschitt ass.

Fir d'Diesel-Autoe méi effikass ze kontrolléieren, wier eng "staark europäesch Behörde" néideg, sou de Claude Turmes. Dës europäesch Autoritéit géif national Kontrollorganer, wéi d'Lëtzebuerger SNCH, ersetzen. Dëse Virschlag géif esou wuel vun den europäesche Gréngen, wéi vun der Lëtzebuerger Regierung ënnerstëtzt ginn, mä Däitschland an Italien wären dogéint.

Och zu Lëtzebuerg si "Saachen net richteg gelaf"

De Claude Turmes ass iwwerzeegt, datt déi national Kontrollautoritéite Bescheed wossten, datt d'Autoconstructeure bei den Emissiounswäerter fuddelen. Och bei der Lëtzebuerger SNCH wiere wahrscheinlech "Saachen net richteg gelaf". De gréngen Infrastruktur-Minister hätt awer gutt reagéiert.

De François Bausch hätt nämlech nom Dieselgate-Skandal en Audit vun der SNCH maache gelooss, an d'Autoritéit doropshin nei organiséiert. De grénge Minister kéint och net fir dat responsabel gemaach ginn, wat viru senger Amtszäit geschitt ass: "Mir kënnen als Gréng net fir déi Jore virdrun. Mir probéieren eppes ze maachen, elo wou mir an der Verantwortung sinn."