Radioen

On air

Grousse Kino  |  Grousse Kino - D'Liewen ass net ëmmer en Danz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Digital Tax: net virun Enn 2020

EU-Steierpolitik

Digital Tax: net virun Enn 2020

D'Diskussiounen iwwer eng nei Besteierung vu groussen Internet-Entreprisë komme net virun. Virun allem Däitschland ass bei deenen, déi bremsen. Frankräich proposéiert elo, déi nei Tax eréischt Enn 2020 anzeféieren.

auto_stories

4 min

Et ass ee vun de Sujeten, déi dem franséische President Emmanuel Macron an och sengem Finanzminister Bruno Lemaire besonnesch um Häerz leien. Internetgigante wéi Google, Amazon oder Apple sollen an Zukunft anescht besteiert ginn. Konkret läit eng Propos um Dësch, datt si an Zukunft dräi Prozent Steieren op hirem Ëmsaz bezuele mussen.

D'EU gëtt sech awer zanter Méint net eens. De Sträit dréit sech ënner anerem drëm, ob de Verkaf vun Donnéeë mat agerechent soll ginn. Déi zweet Fro betrëfft den Timing: soll d'Steier an Europa a Kraaft trieden, éIer eng Léisung op internationalem Plang fonnt ginn ass, also um Niveau vun der Organisatioun fir Ekonomesch Zesummenaarbecht an Entwécklung, der OECD.

Lemaire proposéiert Däitschland-frëndleche Kompromëss

An engem Versuch, dat Ganzt nach ze retten, huet Frankräich sech elo d'Accord erkläert, datt d'Steier zwar nach dëst Joer am Dezember decidéiert, awer eréischt Enn 2020 a Kraaft triede géif. Esou hätt d'OECD nach méi Zäit, fir eng alternativ Propos op den Dësch ze leeën, déi dann déi international Partner vun der EU mat abanne géif, sot de franséische Finanzminister Bruno Lemaire en Dënschdeg op der Reunioun vun den EU-Finanzministeren.

Dës nei franséisch Propos war op d'Mooss geschneidert fir den däitsche Finanzminister Olaf Scholz, dee genee dat während der Reunioun gefuerdert hat.

"D'OECD schafft un esou enger Léisung an huet Wëlles, am Summer 2020 ee Rapport ze presentéieren. Mir engagéieren eis, d'Resultat an een europäescht Gesetz anzebannen, soubal de Rapport virläit", sou den Olaf Scholz.

Sollt bis dohi keng international Léisung fonnt gi sinn, wier Däitschland d'Accord, "eng revidéiert Propos vun der Direktiv" ëmzesetzen.

Luef fir Lëtzebuerg

Lëtzebuerg steet jo offiziell net méi op der Brems a war dofir vum franséische Finanzminister, wéi hie virun zwou Wochen am Europaparlament war, gelueft ginn. "Wien hätt nach viru Woche gesot, datt Lëtzebuerg an der digitaler Besteierung bougéiere géif. Dat muss ech dem Xavier Bettel gutthalen.", sou de Bruno Lemaire.

Et sollt ee sech elo net an Debatten iwwer technesch Detailer verléieren, mee eng politesch Diskussioun féieren, sou den EU-Kommissär Pierre Moscovici op där Reunioun vun de Finanzministeren.

A genee deem Debat politique huet sech dës Woch awer gewisen, datt Anerer skeptesch bleiwen.

Irland, Dänemark a Schweden si weider dogéint

Zwar huet de Bruno Lemaire probéiert, de positive Brëll unzedoen an esou gemengt, et géif duer, wann hie mat sengem Kolleeg, dem iresche Finanzminister Pascal Donohoe, ee Béier an engem Pub bezuele géif.

Den Ugeschwaten huet am ëffentlechen Debat awer direkt kloer gestallt: Irland bleift beim Nee zu där Direktiv.

Ee Grond dofir wier, dat een domat ee Präzedenzfall schafe géif. De Fait, datt Steieren do erhuewe solle ginn, wou d'Consommatioun stattfënnt, kéint seriö Konsequenzen op kleng an oppen Ekonomien hunn.

Dës Mesure géif iwwerdeems virun allem Entreprisen aus engem Land, nämlech den USA treffen.

"Mir sollten eis froen, wat d'EU géif soen, wann een hir esou eppes vu bausse géif imposéieren".

Am Debat ënner de Ministeren huet sech erausgestallt, datt och Schweden an Dänemark skeptesch bleiwen. Verschidde Länner mat besonnesch vill innovativen Entreprisen an deem Beräich géife benodeelegt. Et wieren nach vill Froen op, och technescher, sot den dänesche Finanzminister Kristian Jensen.

"Och wann déi éisträichesch Presidence hei grouss Efforte gemaach huet, si mir menger Meenung nach wäit dovun ewech, eng Léisung ze hunn, déi gutt fir Europa wier."

De Lëtzebuerger Finanzminister wollt wëssen, ob an där Direktiv och Finanzservicer inclus wieren. De Pierre Gramegna huet iwwerdeems confirméiert, datt Lëtzebuerg sech net méi géint déi nei Tax späert. Allerdéngs gesäit hien och net fir muer eng Léisung. Et stéing een um Ufank vun Diskussiounen, déi nach laang wäerten daueren.

Fragmentatioun an der EU amplaz Accord en vue

Tatsaach ass, datt eelef EU-Länner schonn digital Taxen agefouert hunn. Elo gëtt dowéinst eng Fragmentatioun um europäesche Marché gefaart. Dat géif der EU schueden, sot um Enn den éisträichesche Finanzminister Hartwig Löger. Den nächste Rendez-vous ass also an engem Mount, da kommen d'EU-Finanzministeren nees zesummen. Dorun, datt ee sech bei där Sitzung definitiv eens gëtt, gleeft awer kaum nach een.