Radioen

On air

Simon Says  |  Noir Désir - Des Visages Des Figures - L'enfant Roi

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Digitaliséierung ass eng Chance fir d'Leit"

FEDIL

"Digitaliséierung ass eng Chance fir d'Leit"

Eng Tax op Robotik wier absurd, seet de President vum Industrielleverband FEDIL. Et kéint een net Prozesser besteieren, mä just de Gewënn. Fir den Nicolas Buck ass den Zougang zu Terrain e Problem fir d'Industrie zu Lëtzebuerg.

auto_stories

2 min

Den industrielle Gedanken an d'Innovatioun géif déi 650 Membere vun der FEDIL matenee verbannen. Grondsätzlech hätten d'FEDIL-Memberen eppes gemeinsam: Si hätten all Clienten. "Ob ee Software mécht oder eng Fabrick huet, de Prozess ass ëmmer dee selwechten."

Digitaliséierung besteieren: "Absurd"

D'Digitaliséierung wier eng grouss Erausfuerderung fir d'Industrie zu Lëtzebuerg. Dowéinst wier et wichteg fir an d'Formatioun z'investéieren. D'Geschicht géif weisen, datt technologesch Entwécklungen ëmmer mat Ängschte verbonne wieren. "Bis elo ass d'Geschicht ëmmer opgaangen." Et wiere méi Aarbechtsplaze geschaaft ginn, wéi der zerstéiert goufen. Hie kéint keng Äntwert dorop ginn, wéi déi digital Revolutioun wäert ausgoen, esou de Nicolas Buck. D'Digitaliséierung wier awer eng Chance fir d'Leit an de Betriber. Net fir manner ze schaffen, mä fir anescht ze schaffen.

De President vun der FEDIL mengt, datt déi Leit mat enger héijer Ausbildung, an déi mat ganz wéineg Formatioun am mannste Problemer mat der Digitaliséierung géife kréien. "D'Leit an der Mëtt" misste sech am meeschte Suerge maachen. Et wier een den Ament eréischt am Ufank vum Digitaliséierungsprozess. Dee géif iwwert Generatioune goen an 30 bis 40 Joer daueren.

Eng Tax op Robotik wier absurd, seet de FEDIL-President. Mat esou enger Tax géife Steieren op de Produktiounsprozess erhuewe ginn, do wou Mehrwert geschaaft gëtt. Dat wier net richteg. Et dierft ee just de Gewënn besteieren.

Land fir d'Industrie

Et wier richteg, datt de Staat Industriebetriber Terrainen zur Verfügung stellt fir hir Aktivitéiten, seet den Nicolas Buck. Zum Beispill déi 15 Hektar fir déi geplangte Jughurtsfabrick vun der griichescher Firma "Fage" bei Beetebuerg.

"Et ass jo net, wéi wa se um Boulevard Royal géife Schlaang stoe fir zu Lëtzebuerg z'investéieren." Jiddereen, deen en Industrieprojet an Europa wéilt maachen, géif sech déi verschidde Standuerter ukucken a vergläichen. An och Lëtzebuerger Betriber wéilte vergréisseren. Et wier legitim, datt deene Leit gehollef géif ginn, esou de Nicolas Buck.

Et wier wichteg, datt Lëtzebuerg eng Industriepolitik géif bedreiwen. Den aktuellen LSAP-Wirtschaftsminister Etienne Schneider hätt dat bis elo gutt gemaach. "Säin Track-record schwätzt fir sech." Zesumme mat sengem Virgänger Jeannot Krecké hätte si verstanen, datt d'Industrie ee kompetitive Stroumpräis brauch. Dee Problem wier geléist ginn. Elo géif sech de Problem vum Land stellen.