Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Noruff un de Sylvain Luc - Paul Jackson - Taylor Eigsti

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Diplomatie a Krich an der Ukrain

Ukrain-Krich

Diplomatie a Krich an der Ukrain

Kiew preparéiert sech fir den Eeschtfall. D'Haaptstad vun der Ukrain verbarrikadéiert sech. Russesch Ugrëff kommen ëmmer méi no un den Zentrum. Wunnengsgebaier goufe getraff. De Buergermeeschter Vitali Klitschko huet eng Ausgangsspär agefouert. Trotz de russeschen Attacke gëtt awer och geschwat. Russesch an ukrainesch Delegatioun hunn sech gëschter nees virtuell getraff. Eise Korrespondent Philip Crowther ass an der Ukrain, zu Lwiw, an huet eis dës Detailer geschéckt.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


E bëssen Optimismus gouf et vun ukrainescher Säit no de schwéiere Gespréicher mat der russescher Delegatioun. Per Video hunn si matenee geschwat fir vläicht eng Léisung ze fannen zu dësem dräi Wochen ale Krich an der Ukrain.

Mee eng generell Wafferou schéngt net realistesch. Fir d'éischt musse kleng Wafferouen a sougenannt humanitär Couloiren halen, fir Medikamenter an Iesswueren a Stied ze bréngen, déi vu russeschen Truppen ëmkreest sinn a bombardéiert ginn.

Ziviliste sollen erauskommen, an dat huet endlech gëschter funktionéiert. Eng 20.000 Leit hunn et aus der Stad Mariupol am Südoste vum Land erausgepackt, ouni dës Kéier vu russeschen Truppen ugegraff ze ginn.

Op der Sich no engem Accord

Esou haart dëse Krich ass, probéiere béid Säiten, et schéngt, trotzdeem iergendwéi en Accord ze fannen. Mee d'Positioune kommen aus verschiddene Welten. Russland wëllt, datt d'Ukrain demilitariséiert gëtt. Kiew wëllt, datt all russesch Truppen d'Land verloossen.

Russland wëllt jo och, datt d'Ukrain versprécht, ni e NATO-Memberland ze ginn, an och net der Europäescher Unioun bäizetrieden. Béid Ambitioune sinn an der Konstitutioun vun der Ukrain verankert. Mee den ukrainesche President Selenskyj huet gëschter zouginn, datt eng Memberschaft an d'NATO net realistesch wier. Domat ka Moskau villäicht schaffen.

Et sinn dës ganz kleng Schrëtt um diplomatesche Plang, wärenddeems d'Ugrëff vu Russland op Ziler an der ganzer Ukrain weiderginn. Och d'Haaptstad Kiew gëtt jo elo mat der Artillerie ugegraff. Zaldote kommen nach keng an d'Stad, mee d'Rakéiten si schonn am Gaang Zivilisten och an der Haaptstad selwer ëmzebréngen.