Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Mdou Moctar - Imouhar

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Do ass bestëmmt nach Sputt no uewen"

Psychiatrie

"Do ass bestëmmt nach Sputt no uewen"

D'Psychiatrien hei am Land si voll, d'Patienten hunn net déi néideg Lobby. Et ginn eng Rei Verbesserungsméiglechkeete fir eng adaptéiert Versuergung ze garantéieren: dat seet de President vun der Société Luxembourgeoise de Psychiatrie, Pédopsychiatrie et Psychothérapie, de Paul Hedo.

auto_stories

3 min

Zu Lëtzebuerg géif et een ze vill spidolzentréierte System ginn, hat den Dokter Marc Graas an der 100,7-Sendung "Riicht eraus" kritiséiert. Am psychiatresche Spidol zu Ettelbréck wiere verschidde Leit ënner net optimale Konditiounen ënnerbruecht, hat de fréiere CHNP-Generaldirekter erkläert. Vill Sue géifen onnéidegerweis "verplempert ginn", fir Leit schlecht ze versuergen, sot hien. Hien nennt d'Beispill vu Patienten, déi bis zu 30 Joer an enger Psychiatrie bleiwen.

Den Dokter Paul Hedo, President vun der Fachgesellschaft vun de Psychiateren, schwätzt vun engem klenge Grupp vun zéng bis 20 Leit, déi laang am Spidol bleiwen. Dat wiere Leit, déi spezifesch Besoinen hätten, déi net vun engem Logement encadré erfëllt géife ginn. Dat wieren och Leit, déi eng intensiv Betreiung bräichten, deelweis och eng medezinesch Betreiung.

Ob dat am Spidol misst sinn, ass fir de Paul Hedo eng aner Diskussioun. "Virun zéng Joer ass et mol d'Diskussioun ginn, datt Foyer médicalisée solle geschaf ginn. Dat ass eppes, wat leider ni richteg komm ass." Ob dat manner géif kaschten, kann de Paul Hedo awer net soen.

Urgencëfäll: Grouss Erausfuerderung fir d'Klinike

Den Dokter Hedo deelt d'Ausso vum Dokter Graas, datt de Moment vill Leit wéinst psychiatresche Problemer an de Spideeler landen an dëst eng grouss Erausfuerderung fir d'Klinike wier. De Moment wier et esou, datt sech hei am Land just d'Spideeler ëm urgent Fäll këmmeren, esou de President vun der Societéit vun de Psychiateren a Kanner-Psychiateren.

Et géif soss keen Acteur an der Psychiatrie ginn, dee sech ëm Urgencë këmmert. Et géifen awer Leit ginn, déi "esou hallef Urgencë sinn", an déi missten net onbedéngt am Spidol landen. De Paul Hedo präziséiert, datt de Secteur extra-hospitalier an de leschte Jore gutt ausgebaut gi wier, mee "vläicht nach net genuch".

D'Plaze fir betreite Wunnenge fir psychesch Kranker oder fir betreit Wunnen an enger eegener Wunneng ass de Moment op 240 limitéiert. Dës Zuel misst vläicht no uewen ugepasst ginn, vue datt d'Populatioun geklommen ass, seet den Dokter Paul Hedo. Et géifen och Associatioune ginn, wou et Waardelëschte fir Patiente gi fir a Betreiungsstrukturen ze kommen.

Remboursement vu Medikamenter: "E richtege Skandal"

D'Psychiatrie, dat wier an de Spideeler éischter een "noutwendegt Iwwel", wéi eppes, mat deem d'Spideeler sech kéinte profiléieren, bedauert den Dokter Paul Hedo. Hie confirméiert, datt et ze wéineg Lobby-Asaz fir dës Zort vu Krankheete géif ginn.

De Remboursement vun de Medikamenter wier e richtege Skandal, seet de President vun der Societéit vun de Psychiateren a Kanner-Psychiateren. Leit mat Diabetis géifen hir Medikamenter zu 100 Prozent rembourséiert kréien, mee bei chronesch psychiatresche Krankheete wier dat anescht. Verschidde Medikamenter, déi souwuel fir Epilepsie, wéi och an der Psychiatrie benotzt géife ginn, géifen anescht rembourséiert ginn, jee nodeem, fir wéi eng Krankheet se gebraucht ginn. "Dat ass kloer, wann do méi Drock vun de Leit géif kommen, dat wier richteg."

Eng weider Erausfuerderung am Beräich vun der Psychiatrie gesäit den Dokter Hedo an der Koordinatioun tëschent deene verschiddene Strukturen, mat deenen d'Patienten a Kontakt sinn. Et géif heiansdo vergiess ginn, datt och d'Patienten dierfen eng Meenung, Rechter a Fräiheeten hunn.