"Déi Differenz muss zu engem prioritären Thema ginn", seet d'Michelle Cloos. Manner Pensioun fir Frae géif bedeiten, dass den Aarmutsrisiko fir si méi grouss ass, datt et dacks Schwieregkeete ginn, fir mat de Suen iwwer d'Ronn ze kommen. Frae wieren dofir och an der Pensioun finanziell ofhängeg. An dacks hätten se och Schwieregkeeten iwwerhaapt an d'Pensioun kënnen ze goen, et géif Drock ginn, fir méi laang ze schaffen.
Wourunner leit et grad bei eis?
"E Grond ass sécher den nidderegen taux d'activité", seet d'Michelle Cloos. Et wier awer net déi eenzeg Ursaach. Weider Facteure wieren d'Bezuelung, an och de Choix vum Beruff. An och, datt Fraen éischter Deelzäit schaffen ginn, ewéi Männer. Dat bedeit manner Kafkraaft am aktive Liewen, awer och dono.
Wéi geléngt e Changement?
"Wann een de Probleem wëllt an de Grëff kréien, musse Frae genuch kënne wärend dem aktive Liewe verdéngen. Eng Léisung wier, datt all Salarié Deelzäit musse kënne schaffen: Fraen a Männer", seet d'Michelle Cloos. Si fuerdert eng generell Aarbechtszäitverkierzung bei vollem Lounausgläichm, esou datt déi bezuelten an onbezuelten Aarbecht besser verdeelt gëtt. Et sollt een och e präzise Bléck op d'Paie vun de Frae geheien. Et géif Lountransperenz gebraucht ginn an eng Kontroll, datt d'Léin gerecht bezuelt ginn. Dobäi misst ee sech bewosst ginn, datt a ville Beruffer an deene Frae schaffen, niddereg Léin ausbezuelt ginn: am Botzsecteur, dem Commerce oder och der Horeca.
Lëtzebuerg ass am "Gender pension gap" europawäit op Platz 1, mat 44 Prozent. Am klengsten ass den Ënnerscheed tëschent de Geschlechter an Estland, nämlech grad emol bei 2 Prozent, esou Eurostat.