Radioen

On air

Espresso Beats  |  L'Imperatrice - Danza Marilu Feat. Fabiana Martone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Donald Trump: "Meng Rhetorik bréngt d'Leit zesummen."

No zwee weideren Amokleef

Donald Trump: "Meng Rhetorik bréngt d'Leit zesummen."

No den zwee Amokleef de leschte Weekend huet den US-President Donald Trump d'Stied Dayton an El Paso besicht. 30 Leit goufen an deene Stied an zwee Massaker erschoss. An der Grenzstad El Paso, am Texas, ass de verdächtegen Amokleefer e Rietsextremist. Vill Demokraten a vill Leit an der traumatiséierter Stad gesinn den Donald Trump als Matschëllegen un. D'Manifestante kruten de President awer net ze gesinn.

auto_stories

3 min

D'Buergermeeschtesch vun Dayton am Staat Ohio, wollt seng Visite net, mee den Donald Trump ass trotzdem komm. Déi Offiziell vun El Paso an Texas wollten och net, datt de President si géif besichen, mee trotzdem ass hie gëschter op béid Plaze gereest.

E President soll dem Land während esou Zäiten hëllefen ze heelen. Dat huet den Donald Trump scho méi dacks probéiert, mee seelen huet déi Roll gutt bei hie gepasst.

De Mëttwoch ass hien d'Leit, déi iwwerlieft hunn, hir Familljememberen, d'Dokteren, an d'Poliziste besiche gaangen. Mee fir d'éischt huet den Donald Trump sech virum Depart aus dem Wäissen Haus verteidegt.

"Nee, meng Rhetorik, ech mengen, déi bréngt Leit zesummen."

D'Rhetorik vum President huet natierlech zu engem groussen Deel zu den Divisiounen am Land bäigedroen. Hien ass e Rassist, soen d'Demokraten a vill Amerikaner generell. Hien huet zu rietsextremen Ugrëff an zu Amokleef, wéi déi zu El Paso bäigedroen, soe si och. Den Amokleefer zu El Paso soll vun enger Invasioun vu Latinoe geschwat hunn.

Keng kloer Veruerteelung vun den Attentater

Den Donald Trump huet sech während senger Presidentschaft dacks schwéier gedoe fir Rassisten ze kritiséieren. Gëschter ass et nees geschitt.

"Ech maache mir Suergen ëm den Afloss vun all Haass-Gruppen, dat gefält mir net, sief et Rietsextremismus, oder en aneren Extremismus, antifaschistesch Gruppen, déi maache mir Suergen an ech wäert eppes dogéint maachen."

Am Fliger, um Wee vun Dayton, wou néng Leit ermort goufen, op El Paso, wou 22 Leit erschoss goufen, huet de President op Twitter eppes geschriwwen. De fréiere Vize-President an demokratesche Presidentschaftskandidat Joe Biden huet eng Ried gehalen, an där hien de President als Rietsextremist ugegraff huet. Den Donald Trump konnt deem net entkommen, well souguer Fox News, den Noriichtesender, deen och an der Air Force One leeft, huet d'Ried live iwwerdroen. Dem Trump seng Gedanke ware séier bei sengem méigleche Géigner an de Wahlen 2020 a wäit fort vun El Paso an de Leit, déi do traueren.

El Paso ass eng symbolesch wichteg Stad.

Donald Trump: Eng Mauer géint Drogen, Schmuggler a Krimineller

Am Februar hat den Donald Trump ee vu senge grousse Wahlkampf-Evenementer, ebe just zu El Paso gehalen. D'Stad soll als Beispill gëlle fir eng Plaz, wou eng Mauer fonctionnéiert. Effektiv steet zu El Paso eng Grenzmauer tëschent der Stad Juarez a Mexiko an El Paso an den USA. Den US-President sot am Februar:

"Mauere fonctionnéieren. Et gëtt näischt Besseres fir dat, wat mir wëlle maachen. Mir wëllen Drogen, Schmuggler a Krimineller dovun ofhalen, eriwwer ze kommen. Mauere rette liewen."

Déi Rhetorik soll de verdächtegten Amokleefer beaflosst hunn.

Pauschal Veruerteelung vu Migranten

Immigrante fille sech natierlech scho laang a Gefor a vum President viséiert. Erënnere mir drun, wéi den Trump deemools bei der Annonce vu senger Kandidatur iwwer Mexikaner geschwat hat.

"Si bréngen Drogen, si si Krimineller, si vergewaltege Fraen, an e Puer vun hinnen, huelen ech un, si gutt Leit."

Zu El Paso hu vill lokal Offizieller d'Invitatioun vum President net akzeptéiert fir mat him d'Rettungsdéngschter a Familljememberen ze besichen. Si hunn am Plaz bei enger massiver Manifestatioun matgemaach, net wäit vun der Plaz, wou de President nach am Februar Dausende Leit versammelt hat fir géint illegal Immigranten a fir eng Mauer opzeruffen.