Radioen

On air

Kultur um 5  |  Lëtzebuerger Literatur am Ausland

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No 50 Joer nach ëmmer vill Erausfuerderungen

Portugisesch Immigratioun

No 50 Joer nach ëmmer vill Erausfuerderungen

Et ginn nach vill Chantiere wat d’Integratioun vun de Portugisen zu Lëtzebuerg ugeet. Dat wor eng vun de Konklusiounen op enger Table-Ronde déi ronderem de neie Lëtzebuerger Documentaire "Eldorado" organiséiert gouf. Dobäi goung et virun allem iwwert de lëtzebuerger Educatiounssystem an d'Roll vun der Sprooch am Land.

Maxi Pesch / ckl

auto_stories

5 min

Portugisesch Immigratioun an "Eldorado": "Net nëmmen Exceptiounen" (©Samsa Film)

"Eldorado" weist  ënnerschiddlech Geschichte vu Portugisen, déi zu Lëtzebuerg hiert Gléck sichen. Den Documentaire vum Rui Abreu, Thierry Besseling a Loïc Tanson weist een éischter negatiivt  Bild vun der portugisescher Integratioun zu Lëtzebuerg: Wunnen an dreckegen Cafészëmmeren, Alleng sinn, een haarden Alldag als Aarbechter um Chantier oder als Botzfra a luxuriéise Gebaier. Dem portugiseschen Ambassadeur hei zu Lëtzebuerg Carlos Pereira Marques no, ass de Film trotzdem ee gudden Ufank fir een Debat ze lancéieren. "Déi véier Personnagen entspriechen net dem Regelfall, mee si si leider och keng Ausnahmen. Et gi nach ëmmer Leit déi Schwieregkeeten hunn". 

Wat huet sech an de leschte 50 Joer geännert? Dat wor eng vun de Froen, déi am Debat direkt e puer mol opgedaucht ass. Déi éischt Generatioun vu Portugise koumen an de 60er a 70er Joeren op Lëtzebuerg. Nach ëmmer wier d’Immigratioun staark, ma villes hätt sech geännert mengt ‘dPaula Martins vun der Confédération de la communauté portugaise au Luxembourg. Ënnerscheeder ginn et, hirer Analys no, virun allem bei de Profiler vun de fréieren an de méi rezenten Immigranten. Vun den neien Immigranten hätten der zwar vill zwar dacks eng méi héich Ausbildung, mee well se d'Sproochen net schwätzen, landen si herno awer dacks um Chantier oder am Botzsecteur. 

"Dat ass eng katastrophal Zuel!""

Dowéinst ass de Lëtzebuerger Schoulsystem ee vun de Chantieren un dem d’Paula Martins de Moment schafft. "Ech hu viru Kuerzem eng Statistik gelies, déi sot datt nëmmen 13% vun de Portugisen an de Lycée classique kommen. Dat ass eng katastrophal Zuel! Ech soen net, datt näischt dogéint gemaach ginn ass, mee et muss nach méi gemaach ginn. D'Portugise stellen ëmmerhinn 20% vun der Bevëlkerung vu Lëtzebuerg", sou d'Paula Martins. 

Och wann et nach vill ze verännere gëtt, ass de portugiseschen Ambassadeur optimistesch wat de schouleschen Aspekt ugeet. De Wëlle vun der Politik wier do."Mir stinn a Kontakt mam Educatiounsministère an ech weess datt et e Wëlle gëtt fir Reformen ze maachen", seet de Carlos Pereira Marques.

International Schoul als eng vun de Léisungen

De Lex Folscheid, Beroder am Educatiounsministère, seet fir d’Regierung wier wichteg ze kucken, zu wei engem Zäitpunkt Kanner mat Migratiounshannergrond an d’Land kommen. Zum Beispill soll jo am Klengkandberaich eng zweesproocheg Fërderung, also franséisch a Lëtzebuergesch agefouert ginn. Wat déi Kanner ugeet déi réischt méi spéit mam lëtzebuerger Schoulsystem a Kontakt kommen, misst d’Offer diversifizéiert ginn. "Do musse mer ënnerschiddlech Diplomer a Studiegäng ubidden. An dofir ass d'Regierung op de Wee gaang fir ënner anerem déi international Schoul zu Déifferdeng ze grënnen", sou de Lex Folscheid. Doriwwer eraus wier de Wonsch vun der Regierung do de Concernéierten eng gutt Fachausbildung ze ginn, och wann et Defiziter an eenzelne Sprooche ginn. 

Datt et schwéier wier sech un d’Sproochen zu Lëtzebuerg ze adaptéiere géing dorunner leien dass d’Offer vun de portugisesche Servicer a Produiten enorm grouss wier, erkläert de Syndikalist Eduardo Dias. "Et ass onméiglech nach iergendeen Dialekt ze léieren, wann een, wéi mir, a sengem Alldag vun der portugisescher Sprooch ëmginn ass, op der Aarbecht um Bau, am Café mat de Kollegen an doheem mat der portugisescher Tëlee". 

"D'Gefill an eng Fall getrëppelt ze sinn"

Déi éischt Generatioun vun immigréierte Portugisen hätt iwwerhaapt net d'Chance gehat, Lëtzebuergesch ze léieren a géif sech elo verluer spieren. Dat seet de Cristovão Marinheiro, Dokter an der Philosophie. "Wéi meng Elteren heihi komm sinn, ass et nach keng Offer gi fir Lëtzebuergesch ze léieren. An et ass hinne gesot ginn, all administrativ Demarchë géife souwisou op Franséisch gemaach ginn. Drësseg Joer méi spéit gëtt gefrot firwat si d'Sprooch net schwätzen! Si hunn also d'Gefill an eng Fall getrëppelt ze sinn".

An da gëtt et nach een aner Phänomen: Niewt der éischter Generatioun vun immigréierte Protuguise ginn et och déi Persounen, déi e portugisesche Migratiouns-Hannergrond hunn, a sech awer net méi un iergend eng Nationalitéit gebonne fillen. Dat féiert zu engem limitéierte politeschen Engagement, seet de portugiseschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg. "Vill Leit mat der duebeler Nationalitéit gi weder zu Lëtzebuerg nach a Portugal wielen, dat ass schued. Si stinn also e bëssen tëscht zwee, dobäi missten si hei vollstänneg Bierger sinn". Do misst senger Meenung no nach vill geschéien.