Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Doudeg Quartieren an der Stad Lëtzebuerg

Gemengewahlen

Doudeg Quartieren an der Stad Lëtzebuerg

An der Stad Lëtzebuerg ginn et bal duebel esouvill Aarbechtsplaze wéi Awunner. Fir d'Quartieren ze beliewe miss anescht urbaniséiert ginn, soen Urbanisten an d'Stater lokal Interesseveräiner. Virun allem géif et een Desequiliber tëscht Schaffen a Wunne ginn.

auto_stories

4 min

An der Stad Lëtzebuerg liewen 115.000 Persoune fir geschaten 170.000 Aarbechtsplazen. Fir d'USILL, d'Unioun vun de syndicats d'intérêts locaux, déi déi meeschte Quartieren aus der Stad regroupéiert, misst Lëtzebuerg sech an Zukunft méi equilibréiert entwéckelen. Deemno bräicht een an der Stad 2,5 mol méi Awunner wéi Aarbechtsplazen, esou d'Presidentin vun der USILL, Rita Herrmann.

"Eleng an der Stad Lëtzebuerg misste mir op 450.000 Awunner sinn, fir déi Zuel vun Aarbechtsplazen déi mir hunn, gutt ze verdauen. Mir mussen zu engem méi raisonnabele Ratio kommen, mä iergendwéi musse mir eis Politiker dozou beweegt kréien, datt mir eng aner Visioun kréie fir nei Aarbechtsplazen."

Ee Beispill bei dem en Desequiliber tëschent Wunnen a Schaffe wäert entstoen, ass de Projet Ban de Gaasperech, kritiséiert d'USILL. De Projet gesäit e Bau vu Logementer mat 3 bis 5000 Awunner vir. Dobäi solle Bürosgebaier a Geschäfter mat 20.000 Aarbechtsplazen entstoen. Deen éischte Masterplang fir de Ban de Gaasperech gouf eng éischte Kéier vun de Promoteure proposéiert. Den deemolegen Inneminister Michel Wolter hat sech 2004 an der Chamber iwwert dësen Alleingang vun der Stad Lëtzebuerg, deemools eng DP/CSV Koalitioun, opgereegt. Et wier ee regionale Projet, dee mat den zoustännege Ministèren an de Gemenge ronderëm sollt geplangt ginn.

2,5 mol méi Awunner wéi Aarbechtsplazen

Nieft dem neie francophone Campus Vauban, entsteet de landeswäit gréissten Akafszenter mat enger Galerie commerciale. Am Auchan sollen 120 Geschäfter an ee grousse Supermarché regroupéiert ginn. Do laanscht leeft de grousse Boulevard de Kockelscheuer, iwwert deen eng Kéier den Tram an de Bus solle fueren. D'Urbanistin Ursula Witry vermësst am geplangte Centre commercial an um Boulevard d'Méiglechkeet vun engem belieften ëffentleche Raum.

"Ech fannen, datt den Auchan eng relativ grouss Surface ass a wann ee sech de Boulevard virstellt, da kann deen net belieft sinn, well hei d'Geschäfter all bannen am Auchan zentréiert sinn an net bausse laanscht de Boulevard."

Der Ursula Witry no hätte méi kleng Geschäfter a Servicer missten op de Rez-de-chaussée kommen, fir datt d'Leit en Interêt hätte laanscht d'Strooss ze goen. Den Urbanist René Witry ass där selwechter Meenung. Déi breet Boulevarden "déi jo 40, bal 50 Meter breet sinn" wiere fir d'Foussgänger keng attraktiv Flanéiermeil. "Do gees de just, well s de muss, well du hues jo näischt, wat dech géif unzéien, fir do ze goen". Dee ganzen ëffentleche Raum géif sech am Auchan selwer konzentréieren. Um Ban de Gaasperech géif et dann och un enger Mixitéit feelen.

"Fir eng Stad oder ee Quartier ze baue brauch ech eng gewëssen Densitéit an Unzuel u Leit, déi do wunnen a sech doran ophalen. Hei schéngt mir d'Densitéit do ze sinn, mä et feelt un enger Mixitéit tëscht Wunnen an net-Wunnen. Hei ass den Akzent éischter op Bürosfläche geluecht."

Kee Quartierscharakter méi

​De René Witry vermësst dann och eng Koherenz tëscht deene verschiddene Gebaier, déi kee Lien hunn.

"Konsequenze kann een op de Kierchbierg kucke goen. Kee Quartierscharakter méi wéi Gaasperech oder Zéisseng."

Wichteg ass dann och de Mobilitéitsplang, deen haut nach net ëmgesat gouf. D'Doktesch Marianne Wahl ass vum Syndicat d'intérêt local Hollerech, ee Quartier, an deem den Duerchgangsverkéier permanent an d'Luucht geet. Mat den neie Projeten um Ban de Gaasperech géif de Quartier nach méi ënnert Drock geroden. Vum Parking Bouillon géif een ëm 18 Auer zum Beispill eng dräivéierel Stonn bis an d'Rue de Cessange brauchen.

"Dat si Problematiken, déi sech grad an den Haapt-Verkéierszäite stauen, an dat gëllt net just fir Hollerech, mä och zum Beispill fir Zéisseng. Mir hunn do an de leschte Jore keng Erliichterung gesinn, mä sou guer eng Zounam vum Verkéier."

Den Autosverkéier hätt och en Afloss op d'Loftqualitéit an op Notze vun de Gréngflächen a verschiddene Quartieren, bedauert d'Marianne Wahl. Zum Beispill kéinten d'Awunner zu Hollerech, mä och aner Quartieren, net vun der Kierch a vum Park ronderëm profitéieren. Eng Alternativ wier, esou d'Rita Hermann, den Trafic ënnerierdesch ze verleeën.

D'Urbanisten Ursula an René Witry hunn och betount datt een ee Quartier ëmmer kann ëmänneren. Si hoffen op alle Fall datt den ëffentlech Raum fir de Mënsch méi lieweg an interessant gëtt