Steierpolitik DP: "Kënnen eis keng ëmfaassend Steierreform leeschten"

"Eng ëmfaassend Steierreform kënne mir eis de Moment net leeschten", esou den DP-Fraktiounschef Gilles Baum am Virfeld vun der Chamber-Debatt iwwert de Steiersystem vun een Donneschdeg. No Meenung vu senger Fraktioun wier et an dësen Zäiten "absolut onverantwortlech" esou eng ëmfaassend Steierreform ëmzesetzen. Eng Reform mat Scholden ze finanzéiere kéim net a Fro. Ouni Pandemie an Ukrain-Krich hätt ee sech eng Steierreform kënne leeschten.

Serge Kesseler / cz

DP Fraktiounsbilan

D'DP-Fraktioun géif fir d'Aféierung vun engem "neutrale Steiersystem" bleiwen: wéinst budgetäre Contraintë wier dat an dëser Legislaturperiod awer net méi méiglech.


Gilles Baum

"De Staat 1,8 Milliarden Euro all Joer kaschten. An déi Sue sinn de Moment net do, well d'Prioritéit drop läit fir de Leit ze hëllefen an natierlech och ze kucken, datt eis Ekonomie weider dréit an de Betriber ënnert d'Äerm ze gräifen. Mir kënnen eis et schlichtweg am Moment net leeschten."

D'Pandemie hätt de Staat bis elo 3,2 Milliarden Euro kascht an d'Mesurë vum Energiedësch an der Tripartite géifen eleng dëst Joer zesumme ronn eng weider Milliard Euro kaschten, huet de Gilles Baum virgerechent. Vereenzelt kleng steierlech Mesuren huet den DP-Fraktiounschef awer net ausgeschloss.

Déi geplangte Reform vun der Grondsteier an déi méi staark Besteierung vun eidelen Terrainen a Wunnraum sollen nom Summer deposéiert ginn, esou d'Ukënnegung vum Gilles Baum, bei der Presentatioun vum Bilan vun der DP-Fraktioun.

Méi zum Thema

Pierre Gramegna
Staatsbudget 2020

D'Lëtzebuerger Wirtschaft wiisst manner séier, wéi erwaart. Trotzdem wëllt de Finanzminister Pierre Gramegna weider un der Steierreform schaffen. E geneeën Datum, wéini d'Reform komme soll, ass net gewosst.

Michèle Sinner Analys
Staatsbudget 2020

De Pierre Gramegna huet de Projet de loi vum Staatsbudget fir d'Joer 2020 virgestallt: et géif all Grond fir optimistesch an d'Zukunft ze kucken. Déi wichtegst Froen an Äntwerten mam Michèle Sinner.

Net verpassen

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen