Radioen

On air

Notturno  |  Memphis - Shake & Rock Till The Police Knock

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ DP: Monica Semedo blockéiert DP-Sëtz am Europaparlament

Austrëtt vum Monica Semedo

DP: Monica Semedo blockéiert DP-Sëtz am Europaparlament

Nom Austrëtt vun der Europa-Deputéierter Monica Semedo aus der DP kënnt de Comité Directeur vun der Partei wéi geplangt e Mëttwoch den Owend um hallwer 8 zesummen. Ee Punkt um Ordre du Jour ass d'Demissioun vun der Mandatairin.

auto_stories

2 min


De Bäitrag vum Serge Kesseler lauschterenplay_arrow


An der Demokratescher Partei heescht et, datt d'Monica Semedo den zweeten DP-Sëtz am Europaparlament elo géif "blockéieren". Et bedauert een och, datt d'Europadeputéiert mat hirem Partei-Austrëtt d'"Flucht no vir" ugetrueden hätt, a virun allem no sech selwer géif kucke fir bis 2024 finanziell ofgeséchert ze sinn, esou eng Meenung.

De President vum Europaparlament hat d'lescht Woch matgedeelt, datt d'Monica Semedo wéinst Harcèlement vun hire fréiere Mataarbechter fir 15 Deeg suspendéiert gëtt. Um Dënschden Owend hat d'Europadeputéiert op Facebook hir Demissioun aus der DP matgedeelt.

D'Parteispëtzt nëmme minimal informéiert?

D'Parteipresidentin Corinne Cahen bedauert, datt d'Europadeputéiert enger Decisioun vun den DP-Parteigremien ze vir komm ass, seet och d'Parteipresidentin. An der DP heescht et, d'Monica Semedo hätt d'Parteispëtzt virun der Decisioun vum Europaparlament nëmmen "minimal informéiert".

D'Corinne Cahen hirersäits verweist bei der Fro, firwat d'Partei net éischter reagéiert huet dorop, datt d'Affär Semedo vun der leschter Woch géif datéieren, wéi de Parlaments-President d'Decisioun matgedeelt hat.

"Virdru war ech net wierklech informéiert. Puer Deeg virdru sinn ech informéiert ginn, datt do eppes kéim. Mee ech wosst wierklech virdrun net Bescheed an Anerer aus der Partei och net. Iergendwann eng Kéier hat anscheinend een héieren, datt do e Verfaren am gaange wier. Mee wéi gesot do ware mir guer net implizéiert als Partei."

An hirer Reaktioun op de Partei-Austrëtt vun der Monica Semedo kritiséiert d'Demokratesch Partei, datt all Form vu Rechtfäerdegung vun Harcèlement net ze toleréiere wier. Aus Respekt virun den dräi fréieren Assistenten, hätt een der Europadeputéierter geroden, sech net ëffentlech ze äussere bis d'Decisioun vum Europaparlament an de Parteigremien diskutéiert ginn ass.