Radioen

On air

Notturno  |  Lucio Battisti - Ami Ancora Elisa

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dräi Afghane sollen zréck an hir Heemecht

Asylpolitik

Dräi Afghane sollen zréck an hir Heemecht

De Lëtzebuerger Ausseministère revidéiert op Nofro hin d'Zuel vun den Afghanen, déi sollen an hiert Land zréckgeschéckt ginn, no ënnen.

auto_stories

2 min

Dräi Afghane sollen zréck an hir Heemecht, sou den Ausseministère (Foto: Bigstock)

Dräi Leit aus Afghanistan solle vu Lëtzebuerg aus zréck an den Afghanistan geschéckt ginn. Dat huet d'Direktioun vun der Immigratioun dem radio 100,7 op Nofro hi confirméiert. Am Oktober d'lescht Joer hat de Jean Asselborn nach an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun déi Lénk gesot, sechs Afghane missten zréck an hir Heemecht.

Nach virdru war vun 20 Afghane Rieds gaangen, déi hir Asyldemande verworf kritt hätten an deemno zréck geschéckt misste ginn. Dat hat de radio 100,7 opgrond vun Informatioune vun der Direction de l'immigration gemellt.

"Afghanistan ass kee séchert Land"

Am Afghanistan stierwen zanter der internationaler Militär-Interventioun vun 2001 all Joer Dausende Ziviliste wéinst dem Krich tëscht de Regierungstruppen an den Taliban. "Afghanistan ass am Krich, an dofir kee séchert Land" - dat ass de Constat, deen zéng Associatiounen an ONGen aus dem Beräich vun der Flüchtlingshëllef zu Lëtzebuerg am November d'lescht Joer gemaach hunn, verbonne mat der Fuerderung, keng Retouren an dat Land méi z'organiséieren.

Si fuerderen och, datt den Accord tëscht der EU an Afghanistan iwwer d'Retouren net ëmgesat gëtt. Dee besteet doran, datt Afghanistan deboutéiert afghanesch Asyldemandeuren zréck ophëlt an am Géigenzuch dofir finanziell Hëllefe kritt - ronn 14 Milliarde bis 2020.

"Fundamental Rechter gi respektéiert"

An der rezenter Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser huet den Ausseminister gesot, de Grand-Duché hätt an de leschte Jore keng Leit zréck an Afghanistan geschéckt.

Lëtzebuerg wier entschloss, fundamental Rechter an de Prinzip vum non-refoulement ze respektéieren, sou de Jean Asselborn weider an der Äntwert op déi parlamentaresch Fro.