Dee géif dofir plädéieren, datt Leit déi immundepriméiert sinn, oder Leit, déi an engem Alters- oder Fleegeheem liewen oder Leit iwwer 75 Joer solle kënnen eng drëtt Impfung kréien. D'Regierung hätt iwwer dat Theema beroden an d'Gesondheetsministesch géif den Deputéierten de Mëtteg an der Chamber weider Detailer dozou ginn. Et géif een elo zesumme mat den Haiser un der Organisatioun schaffen, sou d'Familljeministesch.
Méi Präzisiounen zu der drëtter Impfung soll d'Paulette Lenert also de Mëtteg virun den Deputéierte ginn. De Plenum kënnt dann eng éischter Kéier no der Summerpaus zesumme - fir iwwer dat neit Covid-Gesetz ofzestëmmen. Déi aktuell sanitär Mesurë ginn dann - mat klengen Adoptioune bis den 18. Oktober verlängert. Ënnert anerem gëtt et vu muer un kee Large Scale Testing méi. Fir d'PCR-Tester am Labo mussen déi Concernéiert an Zukunft selwer bezuelen, den offiziellen Tarif läit bei ronn 60 Euro. D'Allgemengheet kéint net Tester bezuele fir Leit, déi sech net wëllen impfe loossen, sou d'Argumentatioun vun der Regierung.