Radioen

On air

Notturno  |  Kit Sebastian - L'Addio

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Drëtten Deel vun de Verfassungsännerungen

Verfassungsrevisioun

Drëtten Deel vun de Verfassungsännerungen

An der Chamber gëtt iwwer den nächsten Deel vun de Verfassungsrevisiounen ofgestëmmt. Am drëtte Kapitel geet et ëm Rechter a Fräiheeten mat dräi grousse Kapitelen. Wat ännert sech genee?

auto_stories

3 min

Foto: CC BY-ND 2.0 // Chambre des Députés

Am drëtte Kapitel vun der Verfassungsännerung geet et ëm Rechter a Fräiheeten. De Chamberpresident Fernand Etgen (DP) mengt, datt dëst Kapitel déi meeschte Leit géif interesséieren.

Et ginn dräi grouss Kategorien an dësem Kapitel: d'Grondrechter, déi ëffentlech Rechter, an d'Staatsziler.

Fundamental Rechter

D'Grondrechter kënne weder vum Legislateur, nach vun der Exekutiv geännert ginn. Si wiere "betonéiert", seet d'Simone Beissel (DP), Rapportrice vum Kapitel.

Nei ass: d'Dignitéit vum Mënsch soll als "intouchable" festgeschriwwe ginn, grad ewéi d'Recht op eng kierperlech a mental Integritéit, d'Tortur soll verbuede sinn.

Ännerunge fir d'Famill

Déi zweet Kategorie - déi ëffentlech Rechter - kënnen ënner strikten, kloer definéierte Konditioune geännert ginn.

Nei ass d'Recht op d'Grënne vun enger Famill. D'Definitioun vun der Famill wier och "vill méi large, generéis", mengt d'Simone Beissel. Et géif ee wäit iwwer déi traditionell Usiicht erausgoen, datt just ee Mann an eng Fra eng Famill kéinte grënnen:

"Dat hu mir elo drageschriwwen. Dat ass bal revolutionär!"

Dës Ännerung wier fir d'Bierger wichteg gewiescht, esou d'Simone Beissel.

Parallel dozou sollen och d'Rechter vum Kand an d'Verfassung opgeholl a gestäerkt ginn. D'Kanner sollen ausserdeem d'Recht kréien, datt hir Meenung gehéiert ka ginn.

Nieft dem Recht op Asyl gëtt et eng weider Neierung: d'Recht op Selbstbestëmmung bei informatesch Technologien. D'Simone Beissel nennt d'Recht op Deconnectioun, datt een net Dag an Nuecht vum Patron kéint ugeruff ginn. Fir d'DP-Deputéiert wier et wichteg, datt een op deem Punkt e modernt Recht hätt.

Laangfristeg Ziler fir Lëtzebuerg

Déi drëtt Kategorie - déi sougenannte Staatsziler - sollen d'Land op eng laang Zäit guidéieren a Garantië bidde fir Sécherheet, Liewensqualitéit, Schutz vum Bierger, a Modernitéit.

Heirënner falen ënner anerem dem Erhalt vun der Biodiversitéit, de Kampf géint de Klimawandel, d'Unerkennung vun Déieren als Wiese mat enger Sensibilitéit, grad ewéi de Sozialdialog.

Dobäi kënnt nach de Recht op den Zougang zur Kultur, de Schutz vum Patrimoine culturel, d'Fräiheet vun der wëssenschaftlecher Fuerschung, mee no eethesche Krittären.

Am Dialog mam Bierger

Wann dës Verfassungsännerunge Realitéit ginn, hätt Lëtzebuerg eng vun de modernste Verfassung an Europa, seet de Chamberpresident Fernand Etgen.

Dat Kapitel wier am meeschte duerch den Dialog mam Bierger gepräägt ginn, betount de President vun der Institutiounen- a Verfassungskommissioun Mars Di Bartolomeo (LSAP).

Fir datt d'Texter vun der Verfassungsreform a Kraaft trieden, mussen zwee Drëttel vun den Deputéierte fir se stëmmen. Dat och beim zweete Vott, dee fréistens dräi Méint nom éischten ofgehale ka ginn. Dësen zweete Vott kann duerch ee Referendum ersat ginn, wann op d'mannst 16 Deputéiert dat fuerderen, oder Ënnerschrëfte vu 25.000 Bierger zesummekritt.

Zanter iwwer 15 Joer gëtt schonn un enger grousser Reform vun der Lëtzebuerger Verfassung geschafft. D'Verfassung ass iwwer 150 Joer al a gouf scho 27 mol punktuell ugepasst.