Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Stad Lëtzebuerg wëllt 2021 d'Investitiounen héich halen

Stad Lëtzebuerg

Stad Lëtzebuerg wëllt 2021 d'Investitiounen héich halen

D'Stad Lëtzebuerg gesäit an hirem Budget fir d'nächst Joer een Defizit vu 156 Milliounen Euro vir. D'Depensë vun der Stad Lëtzebuerg leie mat 1,44 Milliarden Euro fir d'éischte Kéier iwwer enger Milliard. D'Recettë fale wéinst der Covid-Pandemie op 888,6 Milliounen Euro. Et géif op d'mannst bis 2023 daueren, bis een erëm um Niveau wier vu virun der Kris, esou de Finanzcheffe vun der CSV, de Laurent Mosar.

auto_stories

2 min

De Bäitrag vum Michèle Sinner lauschterenplay_arrow


D'DP-CSV-Koalitioun um Knuedler wëllt d'Investitiounen héich halen. Et kéint een net soen, datt d'Stad Lëtzebuerg mat engem Budget vu 414 Milliounen seng héich Ambitioune géif zeréckschrauwen, esou de Laurent Mosar. D'Recettë gi wéinst der Covid-19-Kris, wéi an anere Gemengen och, zeréck.

Fir 2021 muss d'Stad mat 21 Prozent manner Einnamen aus der kommunaler Gewerbesteier rechnen. D'Dotatioun aus dem Fong fir d'Gemenge géing wärenddeem 11,5 Prozent zeréck.

Déi Zuelen aus dem Inneministère géifen awer op engem optimisteschen Zenario berouen, wat d'Entwécklung vun der Pandemie an domat der Wirtschaft an de Steierrecetten ugeet, huet de Laurent Mosar gewarnt: "Mir mussen einfach dovun ausgoen, datt och déi Zuelen, déi mir vum Inneministère kritt hunn, sech net wäerten op deem Niveau realiséieren."

An deem optimisteschen Zenario géif een dovun ausgoe fréistens 2023 erëm op den Niveau vu virun der Corona-Kris ze kommen. De Finanzcheffe vun der Stad betount awer, datt déi allermeeschten Analysten deen Zenario fir éischter onwarscheinlech halen. Och déi nächst Majoritéit um Knuedler misst sech mat de finanzielle Suitte vun der Pandemie auserneesetzen.