Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Duerch d'Kris: D'Fongenindustrie bezilt manner Steieren

Corona-Kris

Duerch d'Kris: D'Fongenindustrie bezilt manner Steieren

D'Corona-Kris huet och Auswierkungen op Lëtzebuerger Fongenindustrie: Am Mäerz wär d'Verméigen, dat vu Lëtzebuerger Fongen geréiert gëtt, ëm 11 Prozent zeréckgaangen, seet de Camille Thommes, Direkter vun der Fongen-Associatioun ALFI.

auto_stories

2 min

D'Lëtzebuerger Fongenindustrie wäert an den éischten dräi Méint vum Joer eng 100 bis 115 Milliounen Euro manner Steiere bezuelen, wéi am Staatsbudget ageplangt, seet den Direkter vun der ALFI:

"Wann ech elo eng einfach Règle de Tri maachen, an ech kucken dat éischt Trimester, wou mer 520 Milliarde verluer hunn, da kann een estiméieren, datt mer fir dat éischt Quartal eng 100 bis 115 Milliounen u Steierrecettë verluer hunn. Et muss een natierlech bedenken, datt de Mount Abrëll vill méi positiv ass, an datt do een Deel schonn opgefaange gouf. A mir hoffen natierlech, datt d'Entwécklung sech och um Gesamtverméige positiv weiderentwéckelt."

De Camille Thommes seet, iwwer de leschte Mount hätt de Secteur sech zwar deelweis erholl. Et wier awer schwéier virauszesoen, ob dës positiv Tendenz an den nächste Méint weider unhält, esou de Camille Thommes. D'Lëtzebuerger Fonge wieren nämlech ganz ofhängeg vun de wirtschaftlechen Entwécklungen am Ausland. D'Fongenindustrie wier zu 95 Prozent exportorientéiert, seet den Direkter vun der ALFI.

Méi Digitalisatioun no der Corona-Kris?

E ganz visibelen Deel vun der Lëtzebuerger Ekonomie funktionéiert zanter gëschter nees e Stéck méi normal: D'Caféen an d'Restauranten hunn nämlech hir Terrassen nees opgemaach. Mee och manner visibel Secteure si vun der Kris betraff - zum Beispill d'Fongenindustrie, déi hei zu Lëtzebuerg iwwer 4.000 Milliarden Euro geréiert.

An dësem finanzstaarke Secteur misst nieft kuerzfristegen Abréch, och mat méi laangfristegen Auswierkunge vun der aktueller Kris gerechent ginn, seet de Camille Thommes.

"Eise Secteur wäert sécherlech vill méi staark an d'Digitalisatioun eragoen. Dat ass onweigerlech. Ech géif soen d'Zukunft kënnt an deem Beräich vill méi no. Mir wäerten och weider en Drock op de Käschten an op de Margen hunn. Do sinn eng Rei Erausfuerderungen, deene sech eis Industrie muss stellen."

D'Konkurrenz wier "extrem grouss", grad an enger Phas vun enger globaler Relance. Et misst een dofir gutt opgestallt sinn, datt een déi Chancë kéint saiséieren.

D'Digitalisatioun géif "Ëmwälzungen" an alle Beräicher mat sech bréngen, gëtt den Direkter vun der ALFI ze bedenken. "Et ass sécherlech esou, datt d'Beruffer vun haut net méi onbedéngt déi vu muer sinn. Do ginn aner Beruffer kreéiert, do ginn et och Programmer fir déi Salariéen op d'Digitalisatioun virzebereeden." De Camille Thommes schwätzt vu "villen Efforten", déi gemaach ginn, "mee de Metier wäert sech kontinuéierlech an deem Beräich änneren." Wéi vill Leit heivu betraff wieren, konnt hien awer net soen.