D’Wuel vun de Kanner ass dat Wichtegst

Déi europäesch Mediateure ware schockéiert wéi se gesinn hunn, datt Flüchtlingskanner iwwer Felder gejot goufen. Dat seet de President vum Ombuds-Comité fir d’Rechter vum Kand, de René Schlechter am 100,7 Interview. Dowéinst gëtt op europäeschem Niveau elo en Aarbechtsgruppe an d’Liewe geruff, fir ze kucke wéi mat de Kanner vu Réfugiéen ëmgaange gëtt a fir kënnen ze intervenéiere wou Abuse geschéien.

20150908-weilerbaach-1000645

“Vill vun de Kanner, déi zu Lëtzebuerg ukommen, hunn eng extrem stress voll Zäit hanner sech. Bei ville muss een och dervun ausgoen, datt se relativ traumatiséierend Erliefnesser hannert sech hunn”.

Déi éischt Aufgab vun de Länner wou se hikommen, an dat géif och hei am Land gemaach ginn, wier fir ze kucke wéi et de Kanner geet a wat se brauchen, seet de René Schlechter.

Kritik vum Ombuds-Comité

Hie fënnt et positiv, dat d’Regierung derfir suergt, dat d’Flüchtlinge mat hire Kanner psychologesch betreit ginn an dat och systematesch virgesi wier fir sech em dat séilegt Wuel vun de Kanner ze këmmeren.

De President vum Ombuds-Comité fir d’Rechter vum Kand huet awer och Kritike formuléiert. Senger Meenung no misst den Accompagnement vun deene Jonke verbessert ginn, déi ouni Elteren op Lëtzebuerg kommen. An der Vergaangenheet hätt et ëmmer laang gedauert bis e mineur non accompagné en Tuteur zougesprach krut. Am Prinzip misst dee Jonken direkt en Tuteur kréie wann en ukënnt, deen hien da begleet bei de Prozeduren.

Dem Ombuds-Comité fir d’Rechter vum Kand läit och um Häerz dat e Flüchtlingskand just ee Joer an enger classe d’accueil ass. Dono misst gekuckt ginn dat d’Kand an enger normaler Schoulklass integréiert gëtt, esou de René Schlechter, de President vum ORK.

Den Interview vum Christian Welter mam René Schlechter

 

 

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen