E. Berger: Missioune vum SRE besser definéieren

20150404-berger-4381-1024x682.jpg

Spéitstens no der Summervakanz wëll d’Finanz a Budgetskommissioun sech mat der geplangter Steierreform beschäftegen. Dat sot den DP-Fraktiounschef a President vun där Kommissioun, Eugène Berger, an eiser Emissioun Riicht Eraus. D’Aarbechte ronderëm d’Zuelematerial hätte schonn am Finanzministère an am Wirtschafts- a Sozialrot ugefangen.

A senger Funktioun als Gemengeconseiller vu Réiser, huet den Eugène Berger nach betount, dass d’Terrainen zu Wickreng/Léiweng op deene jo ugangs de nationale Fussballstadion sollt gebaut ginn, ni däerften als Bauland am PAG klasséiert ginn. Dat wär d’Positioun vun der DP-Réiser an hie géif mengen och déi vum Schäfferot vun der Gemeng.

D’Chamberkommissioun “Institutiounen a Verfassungsrevisioun” da wëll nach virum Summer d’Reform vum Geheimdéngscht ofschléissen. D’Missioune vum Geheimdéngscht solle besser definéiert ginn an d’Kontroll iwwert de SREL soll verschäerft ginn. E Comité ministériel, zesummegesat aus dem Staatsminister, dem Justiz an dem Minister fir d’sécurité intérieure, soll an Zukunft d’Missiounen an d’Operatiounen autoriséieren, esou de Rapporter vum Gesetzprojet, den Eugène Berger.

Déi ganz Emissioun Riicht Eraus moderéiert vum Gil Goebbels:

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Spektrum

  • Ënnerwee

  • Noriichten

  • Trendscheif

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen