Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Art Feynman - Desperately Free

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E bewäerte Modell fir en ëffentlechen Optrag?

Medien

E bewäerte Modell fir en ëffentlechen Optrag?

De Modell vun engem kommerzielle Televisiouns- a Radiosender mat ëffentlechem Optrag, sou wéi bei RTL Lëtzebuerg de Fall, huet sech fir de President vum Verwaltungsrot vun der CLT-UFA bewäert. Deen ëffentlechen Optrag fir RTL géing natierlech eppes kaschten, esou de Jean-Louis Schiltz.

auto_stories

2 min

Wa Lëtzebuerg haut eng diversifizéiert Medielandschaft hätt, wier dat, well an den 30er Joren decidéiert gouf, datt de Staat net géif Radio maachen, mee e private Sender mat engem ëffentlechen Optrag, esou de Jean-Louis Schiltz. De President vum Verwaltungsrot vun der CLT-UFA wollt allerdéngs net kommentéieren, datt RTL bis Ugangs de 90er Joren eng Monopolstellung bei de audiovisuelle Medien hat.

E "Mëschfinanzéierungsmodell"

CLT-UFA huet mam Staat en neie Konzessiounsvertrag ausgehandelt, deen dem kommerzielle Sender RTL-Tëlee e Charakter als Service Public gëtt. Doduerch wäert RTL vun 2021 un eng staatlech Subventionéierung vu bis zu zéng Milliounen Euro d'Joer kréien.

"Wann dir en Optrag hutt vun der ëffentlecher Hand, da gëtt deen op eng gewëssen Aart a Manéier organiséiert. An deen ëffentlechen Optrag kascht och eppes. Da stellt sech d'Fro, wie bezilt dofir?"

Beim radio 100,7 (dem ëffentlech-rechtleche Radiosender zu Lëtzebuerg) géing de Staat 100 Prozent bezuelen. Dat wiere sechs Milliounen Euro d'Joer. D'Televisioun wär méi deier, wéi Radio maachen, verdeedegt de Jean-Louis Schiltz déi nei staatlech Subventionéierung fir RTL vu bis zu zéng Milliounen Euro d'Joer.

Den ëffentlechen Optrag vun RTL géing nieft der staatlecher Subventioun iwwert eng Contributioun vum RTL-Grupp an iwwer Recetten um Publicitéitsmarché bezuelt ginn. Dee "Mëschfinanzéierungsmodell" hätt bis elo gutt funktionéiert a wär näischt Anormales.

En "Zeeche vu Verbonnenheet"

Op d'Fro ob de Grupp Lëtzebuerg verlooss hätt, wann et déi Subventionéierung vum Staat net géing ginn, sot de Jean-Louis Schiltz, dat wäre Spekulatiounen. Hie wéisst dat net, well hien deemools net President vum Verwaltungsrot gewiescht wier, wéi de neie Konzessiounsvertrag mat RTL verhandelt gi war.

Et wier en "Zeeche vu Verbonnenheet" vu Lëtzebuerg zum RTL-Grupp, datt d'Fraktiounscheffe vun der CSV, der LSAP an der DP am Verwaltungsrot vun der CLT-UFA géinge sëtzen.

De Jean-Louis Schiltz ass President vum Verwaltungsrot vu CLT-UFA, der operativer Duechtergesellschaft vu RTL-Group. Hien ass och Member am Verwaltungsrot vum RTL-Mammenhaus. Tëscht 2004 an 2009 war de Jean-Louis Schiltz Minister fir Kommunikatioun a Medien. 2006 gouf hie Minister fir Verdeedegung.

Den Affekot hält Coursen op der Uni am Beräich Recht an Telekommunikatioun an hien huet d'Regierung am Dossier "Spacemining" beroden. Donieft ass hie Member vum "Conseil pour les affaires économiques" vum Bistum a President vun der "Fondation Hôpitaux Robert Schuman."