Virgegaukelt Kryptowärung E Bléck no vir op weider Entwécklungen an der OneCoin-Affär
2023 ass dat Joer, an deem sech warscheinlech decidéiert, ob de Frank Schneider wéinst der OneCoin-Bedruchsaffär un d'USA ausgeliwwert gëtt. De Geschäftsmann a fréiere Geheimdéngschtmataarbechter gouf virun 20 Méint a Frankräich op Demande vun den USA provisoresch festgeholl. Zanterdeem probéiert de Frank Schneider seng Ausliwwerung ze verhënneren, mee 2022 hat hien dobäi keen Erfolleg.

Déi franséisch Geriichter hunn d'Ausliwwerungsdemande vun den USA guttgeheescht, elo muss d'Premierministesch Elisabeth Borne den Dekret ënnerschreiwe fir d'Ausliwwerung ëmzesetzen. De Frank Schneider huet ee Mount Zäit fir da beim franséische Conseil d'État e Recours anzeleeën. Eng Prozedur, déi e puer Méint dauere kéint. Am Laf vun 2023 gëtt awer mat Kloerheet gerechent.
D'Virwërf: Fraude a Blanchiment
Fir de Frank Schneider steet vill um Spill. Hien ass viru gutt zwee Joer an den USA an der OneCoin-Affär inculpéiert ginn. Hie kritt virgeheit, fir Fraude a Blanchiment mat responsabel gewiescht ze sinn. E puer Millioune Leit si weltwäit mat enger virgegaukelter Kryptowärung ëm e puer Milliarden Dollar bruecht ginn.
Mëttlerweil niéiert de Frank Schneider d'Envergure vun der Affär net méi, virun zwee Joer nach awer huet dat anescht geklongen. D'Wochenzeitung Lëtzebuerger Land hat de fréiere Geheimdéngschtmataarbechter am November 2019 fir d'éischte Kéier domat confrontéiert, datt hie vun aneren inculpéierte Persounen als Co-Responsabele vun der Fraude genannt gouf. D'Land huet deemools geschriwwen:
"Le directeur de la société de renseignement Sandstone explique, d'abord par l'intermédiaire de son avocat Laurent Ries, avoir été mandaté par Ruja Ignatova, entre mi-2015 et mi-2017, pour " un audit de sécurité et de risques de réputation ". " Il rencontrait Ruja Ignatova à Londres tous les trois mois avec ses avocats. Elle était visiblement dépassée par la gestion."
Mee et si mat der Zäit méi Informatiounen un d'Dagesliicht komm, an de Frank Schneider huet seng Verdeedegungslinn adaptéiert. Den 30. Mee d'lescht Joer sot hien am 100komma7-Interview:
"Wann ech dat sou liesen, ass et eventuell mat déi gréisste Fraude, déi d'Welt bis elo gesinn huet. Da muss dat opgekläert ginn. Dat war mir zu där Zäit net kloer, an do sinn awer lo vill Jore vergaangen. Ech gesinn awer, datt vill Fonge warscheinlech verschwonne sinn. Wann et da Fraude ass, muss dat gekläert ginn, an da gëtt et och Blanchiment, an da muss ech eben do responsabel si fir dat wat ech do vläicht gemaach hätt."
D'OneCoin-Grënnerin Ruja Ignatova
De Frank Schneider huet och am 100komma7-Interview d'lescht Joer zouginn, no un der Ruja Ignatova gewiescht ze sinn. D'OneCoin-Grënnerin ass zanter fënnef Joer verschwonnen, an ass op der FBI-Lëscht vun den zéng Persounen, déi weltwäit am Meeschte gesicht ginn.
De Frank Schneider sot eis, hien hätt iwwer zwee Joer fir d'Ruja Ignatova geschafft an dobäi bis zu fënnef Milliounen Euro Benefice gemaach. Datt et sech ëm eng Fraude gehandelt hätt, wier him deemools net kloer gewiescht.
Aner Leit hunn op schëlleg plädéiert
Eng aner inculpéiert Persoun huet virun de Chrëschtdeeg do eng aner Versioun gewielt: De Sebastian Greenwood, dee mat der Ruja Ignatova OneCoin gegrënnt huet, huet an den USA op schëlleg plädéiert.
Hien huet zu New York zouginn, datt hie wousst, datt d'OneCoins keng Valeur hätten. An datt hie wousst, datt dat, wat hie géif maache falsch wier. Dat huet d'Inner City Press rapportéiert.
De Parquet vun New York gëtt an engem Communiqué zitéiert, d'OneCoins hätten null Valeur gehat. De Sebastian Greenwood an anerer hätte gelunn a si hätte genee gewosst, datt si hir Investisseure géifen eraleeën.
D'Urteel géint de Sebastian Greenwood soll de 5. Abrëll gesprach ginn. An den éischte Méint vun dësem neie Joer sollen och Urteeler géint aner inculpéiert Persoune falen. Wärend de Frank Schneider nach a Frankräich mat Foussfessele festsëtzt an drop waart, ob a wéini hien un d'USA ausgeliwwert gëtt.