Radioen

On air

Benny Brown Show  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "E Changement vun der Philosophie"

Faillitte-Recht

"E Changement vun der Philosophie"

D'Faillitte-Recht soll moderniséiert ginn: duerch eng Reorganisatioun vun den Entreprisë solle Faillitte verhënnert ginn. Entreprisen, déi an d'Schiflag geroden, soll ënner d'Äerm gegraff ginn.

auto_stories

3 min

Symbolbild. Foto: Bigstock / TeroVesalainen

An engem anere Volet géif et drëm goe fir Entrepreneuren, "déi onéierlech sinn oder déi multipel Faillitte provozéieren, fir déi u sech aus der Zirkulatioun ze huelen", esou de Franz Fayot.

Den CSV-Deputéierte Léon Gloden schwätzt vun engem "Changement vun der Philosophie" am Verglach mam aktuelle Faillitte-Recht: Entreprisë sollen an Zukunft eng zweet Chance kréien fir aus der schwiereger Situatioun erauszekommen, amplaz se "einfach an d'Faillitte ze geheien an dann ass et fäerdeg".

Et gi keng aner Prozeduren

Et wier gewosst, datt et ëmmer méi Faillitten och hei am Land ginn, seet de Franz Fayot, dee bis elo President vun der Sous-Kommissioun war, déi un der Moderniséierung vum Faillitte-Recht schafft.

Vill Faillitte géifen och domadder zesummenhänken, datt et keng aner Prozedure géife ginn. An anere Länner wier et méiglech, datt Betriber reorganiséiert kënne ginn an doduerch net direkt musse liquidéiert ginn, "mee wou mer kënnen een Deel eraushuelen, deen nach gutt ass a vläicht un en Anere verkafen".

Eng zweet Chance fir Entreprisen

Déi geplangten Aféierung vun neie Prozedure wier deemno wichteg, ënnersträicht den LSAP-Deputéierte Franz Fayot, deen de 4. Februar als Wirtschafts- a Kooperatiounsminister vereedegt gëtt.

Et wier wichteg eng zweet Chance fir Entreprisen ze schafen, preziséiert och de Léon Gloden (CSV):

"Ech soen awer och ganz kloer, datt déi Leit, déi sech net un d'Gesetz halen, an déi Fraudë maachen, mussen haart bestrooft ginn an et net ka sinn, datt déi zwou Wochen drop erëm ënner engem aneren Numm de selwechte Business maachen."

D'Aarbechte fir déi geplangte Moderniséierung vum Faillitte-Recht géifen esou laang daueren, well et e ganz technesche Projet wier, esou de Léon Gloden. Och de Franz Fayot schwätzt vun engem "groussen a komplexe Projet".

Ee laange Wee

De Lëtzebuerger Text soll sech um belschen Gesetz orientéieren. Wéi de Justizministère eis op Nofro hi matgedeelt huet, missten Deeler vun der EU-Direktiv an dësem Beräich bis de 17. Juli 2021 an nationaalt Recht ëmgesat sinn.

Dem Koalitiounsaccord vun 2018 no soll d'Reform vun der Legislatioun am Beräich vun de Faillitten a vun der Gestion controlée a kierzter Zäit zustane kommen.

Bis déi geplangte Moderniséierung vum Faillitte-Recht a Kraaft trëtt, kéint et alles an allem ronn ee Joerzéngt laang gedauert hunn. De Projet vum deemolege Justizminister François Biltgen (CSV) war Ufank 2013 deposéiert ginn.

Zanterhier gëtt mat gréisseren zäitleche Pausen an der Chamber um Dossier Moderniséierung vum Faillitte-Recht geschafft. Vertrieder vu Majoritéit an Oppositioun hoffen elo, datt d'Reform virum Enn vun dëser Legislaturperiod 2023 ka gestëmmt ginn. Zanter dëser Woch ass déi zoustänneg Sous-Kommissioun vun der Justizkommissioun an der Chamber erëm aktiv.

No der Fuesvakanz soll an der Chamber am Wocherhythmus un der Moderniséierung vum Faillitte-Recht geschafft ginn, an et sollen eng Rei Experten zu Wuert kommen, dorënner Spezialisten aus der Belsch. Bis Enn 2020 sollen nei Amendementer virleien. De Vott vum Projet soll virum Enn vun der Legislatur 2023 geschéien, hoffen de Franz Fayot an de Léon Gloden.