Radioen

On air

De Moien  |  Arcade Fire - Everything Now

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Congé parental an der Politik?

Schwangerschaft a politescht Mandat

E Congé parental an der Politik?

D'Laura Pregno ass Schäffin am Déifferdenger Gemengerot a schwanger. No der Gebuert wéilt si hir Positioun als Schäffin kuerzzäiteg roue loosse fir sech ëm d'Kand kënnen ze këmmeren. Aktuell géif et awer kee Reglement ginn, dat de Congé parental während engem politesche Mandat definéiert, esou d'Laura Pregno.

auto_stories

3 min

Fir d'Laura Pregno wier et wichteg, no der Gebuert beim Kand kënnen ze sinn. E Recht op Congé parental sollt dowéinst net nëmmen an der Aarbechtswelt, mee och fir politesch Mandater gëllen. No enger intensiver Recherche hätt si och eng Léisung fonnt: Am Gemengegesetz géif et en Artikel ginn, deen et erméiglecht, datt e Schäffe fir eng "raison exceptionelle" ersat kéint ginn. "An déi raison exceptionelle ass net wierklech detailléiert erkläert", seet d'Schäffin vun Déifferdeng. Dëse Paragraph hätt ee sech dann zu notze gemaach.

D'Laura Pregno betount, datt si bei dësem Schrëtt op vill Versteesdemech beim Déifferdenger Buergermeeschter gestouss wier. Si bedauert awer, datt et net gereegelt ass, wéi eng Fra an der Politik vum Congé parental kéint profitéieren, "wéi all aneren Aarbechter" och. Och déi aacht Woche virun an déi 12 Wochen nom Accouchement wiere fir eng Politikerin net gereegelt. D'Laura Pregno wéilt kee Präzedenzfall schafen. Trotzdem erhofft si sech, datt duerch déi aktuell Diskussioun Beweegung an den Dossier géif kommen.

Politesch Mandater si speziell gereegelt

D'Taina Bofferding, Inneministesch a Ministesch fir Chancëgläichheet weist sech erstaunt, datt bis elo nach ni wierklech doriwwer diskutéiert gouf, "well mir setzen eis jo a fir d'Vereenbarkeet vu Beruff a Famill".

Dëst géif och fir Politikerinnen a Politiker gëllen, mee politesch Mandater hätten e spezielle Statut, well et kee "richtegen Job" am klassesche Sënn mat engem Aarbechtskontrakt wier. "An do muss een elo effektiv kucken, wéi een dat ka reegelen", seet d'Taina Bofferding.

Beispiller aus dem Ausland

Wann een d'Gläichstellung an domat och d'Vereenbarkeet vu Beruff a Privatliewen ënner een Hutt wéilt kréien, misst dofir deen néidege Kader geschafe ginn. Beispiller aus dem Ausland géife weisen, a wéi eng Richtung et kéint goen, esou d'Laura Pregno. A Finnland wier et scho méi laang méiglech, datt ee bis zu 12 Méint aus dem politeschen Amt géif austrieden, an datt dësen Iwwergang och méi regléiert ass, seet si.

E Modell, deen och d'Taina Bofferding kennt. Beispiller aus dem Ausland géife weisen, datt wann eng Ministesch schwanger war, "datt si dann ee Moment och manner geschafft huet an datt dann hir Kolleeginnen a Kolleegen hir Aufgab iwwerholl hunn." Zu Lëtzebuerg misst ee sech Gedanke maachen, wéi ee mat esou Situatioune wéilt ëmgoe fir de Concernéierten ze hëllefen.

Lokalpolitiker ënnerstëtzen

D'Laura Pregno gesäit de Risk, datt Fraen duerch déi feelend Reglementer vun engem politeschen Engagement ofgehale ginn. D'Taina Bofferding deelt dës Bedenken. "Wa Leit e Verantwortungsposte wëllen hunn, ass dacks d'Angscht, datt wann een elo schwanger gëtt, e Kand kritt a vläicht eng Zäit manner schafft, datt een dee Posten dann net méi ka behalen, oder datt een iergendwéi Abréch an der Carrière hätt".

Fir deem Androck entgéint ze wierken, ginn am Egalitéitsministère déi néideg Mesurë geholl. Esou soll ënner anerem d'Gläichstellungspolitik mat de Gemengen zesumme koordinéiert ginn, seet d'Taina Bofferding. Wichteg wier et, fir de Besoine vun de Leit an der Lokalpolitik Rechnung ze droen, a si dobäi ze ënnerstëtzen, datt si hiert Engagement, hire Beruff an d'Famill besser kënne mateneen vereenen, esou d'Taina Bofferding.