Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Michael Nau - Scumways

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "E faire Partner an en Idealist"

Nom Doud vum Camille Gira

"E faire Partner an en Idealist"

De Camille Gira wier ëmmer ee faire Partner an een Idealist gewiescht, seet de Xavier Bettel. De Camille Gira hätt immens vill an der Biekerecher Gemeng geleescht, sou den aktuelle Biekerecher Buergermeeschter Thierry Lagoda. Den DP-Fraktiounschef Eugène Berger lueft dem Camille Gira Opriichtegkeet. D'Handballfederatioun hätt hie mat Gradlinnegkeet gefouert, seet de fréiere President Jeannot Kayser.

auto_stories

4 min

De Xavier Bettel wier schockéiert an traureg. Hie géif de Camille Gira a gudder Erënnerung behalen. Hie wier ëmmer ee faire Partner an een Idealist gewiescht.

"Een dee fir seng Iddie gekämpft huet. E super Regierungskolleg, dee sengen Iddien trei bliwwen ass. E Mënsch, deen och Intoleranz net verdroen huet, deen d'Ëmwelt als engagéierte Mënsch verdeedegt huet"

Hie wier en onkomplizéierte Mënsch gewiescht. Ee léiwen a joviale Mënsch. Och fir d'Regierung wier et ee grousse Verloscht. "Hie léisst e grousst Lach a menger Equipe, mee och an der Lëtzebuerger Politik an och an deenen Associatiounen oder am Handball, wou en och aktiv war. Et war e superen Typ."

Iwwerall Spuren hannerlooss

Och fir d'Gemeng Biekerech huet de Camille Gira eng wichteg Roll gespillt. Mat 23 Joer gouf hie 1982 fir d'éischte Kéier an de Gemengerot gewielt. Vun 1990 un bis 2013 war hien zu Biekerech Buergermeeschter. Och den aktuelle Buergermeeschter hätt hie mat senger Aart a Weis beandrockt. Hien hätt sech ëmmer um Camille Gira orientéiert, seet den Thierry Lagoda.

De Camille Gira hätt immens vill an der Biekerecher Gemeng geleescht, wat och an den nächste Joren a Joerzéngten nach wäert nowierken. Net nëmmen nohalteg Projeten, mee virun allem och sozial a kulturell Projeten. "An all Beräich, deen eng Gemeng ëmfaasst, huet de Camille seng Spueren hannerlooss", seet den Thierry Lagoda. "Eis Bierger wäerten him dofir och op éiweg dankbar sinn." Hie wier e Visionär an e grousse Politiker gewiescht.

"Hie souz spéit owes, bis moies fréi am Café ze diskutéieren. Et war him keng Minutt ze fréi oder ze spéit. Hie war e ganz gesellege Mënsch, mat deem een och konnt gutt laachen."

Opriichtege Mënsch, engagéiert fir den Naturschutz

Och a senger Zäit als Deputéierten a spéider als Staatssekretär huet de Camille Gira iwwer Parteigrenzen ewech Impressiounen hannerlooss. Den DP-Fraktiounschef Eugène Berger verbënnt eng laang Zesummenaarbecht mam Camille Gira. Och bei him géif de Schock déif sëtzen. Hie wier 1994, zesumme mam Camille Gira, als jonken Deputéierten an d'Chamber gewielt ginn.

Den Dag no de Wahle wiere si vun RTL fir een Interview invitéiert ginn. Eng vun den éischte Froe wier gewiescht, ob mir si sech wéinst de Suen an der Politik engagéiert hätten.

"Mir hunn eis dee Moment ugekuckt an d'Welt net méi verstanen, well mir eis zu där Zäit fir Verännerungen an der Ëmweltpolitik agesat hunn."

Weider seet den Eugène Berger: "Wann et een Opriichtege gouf wann et ëm Naturschutz gaangen ass, da war et de Camille".

Eng Passioun fir den Handball

Net nëmmen als grénge Politiker wäert de Camille Gira de Mënschen, déi hie kannt hunn, an Erënnerung bleiwen. Nieft sengem Engagement fir den Naturschutz an d'Ëmwelt - hie war och laang beim Mouvement écologique - war eng vu senge Passiounen den Handball. De Camille Gira huet villes beweegt a markéiert, erënnert sech de Jeannot Kayser, deen, wéi de Camille Gira, President vun der Handballfederatioun war.

"Hien huet d'Federatioun duerch seng Gradlinnegkeet gefouert. Déi fënnef Joer, an deenen hie President war, hunn den Handball markéiert. Et huet sech eppes beweegt an der Federatioun."

"Ech wäert alles maachen, fir seng Valeure weider ze droen"

Si wier extrem dankbar, datt si hie kannt huet a virun allem, datt si sou laang mat him zesumme schaffe konnt, seet d'Geschäftsfra Christiane Wickler. Mir waren aus där selwechter Generatioun, haten déi selwecht Iddien, déi selwecht Meenung. "Ech wäert alles maachen, fir seng Valeure weider ze droen", seet d'Christiane Wickler. De Camille Gira wier ee grousse Pilier fir si gewiescht an een exemplaresche Politiker. "Ee Mann, dee fir d'Saach geschafft huet, ni fir sech." Et wier tragesch, datt hie souzesoen op der Bühn gestuerwen ass, wéi iwwert d'Naturschutzgesetz sollt debattéiert ginn.

D'Christiane Wickler ass Geschäftsfra an der Géigend, aus där de Camille Gira och hierkënnt. Hie war och dee Mann, deen si iwwerzeegt kritt huet, fir an d'Politik ze goen. Hien hätt hir gehollef, souwuel fir an d'Politik ze kommen, wéi och nees de Wee eraus ze fannen, "mat engem ganz gudde Gefill", seet d'Geschäftsfra. Si Hätt an däR Zäit vill geléiert a si wier nach ëmmer op dem Camille Gira senger politescher Linn.

Och op de sozialen Netzwierker koume vill Reaktiounen. Vill Leit hunn dem Camille Gira senger Famill a Frënn hiert Bäileed ausgeschwat.