Radioen

On air

Espresso Beats  |  Brainstory - Peach Optimo

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E gemëschte Bilan fir d'Regierung

Chamberwahlen 2018

E gemëschte Bilan fir d'Regierung

Den Direkter vun der Handwierkerkammer Tom Wirion lueft d'Regierung fir den Tram a fir d'Steierreform. An der Landesplanung wier een awer net weiderkomm. Weider ass hie géint eng Hausse vum Mindestloun. Sou eng Hausse géif fir déi betraffe Leit net onbedéngt e Plus bedeiten, mee hätt negativ Konsequenzen.

auto_stories

3 min

Den Direkter vun der Handwierkerkammer Tom Wirion.

An der Landesplanung wier een ënner der aktueller Regierung kee Meter weiderkomm, seet den Direkter vun der Handwierkerkammer, Tom Wirion. An hirem Positiounspabeier am Virfeld vun de Wahle fuerderen Handwierkerkammer an Handwierkerfederatioun, datt d'Bauperimeteren an d'Luucht gesat ginn, datt Prozedure vereinfacht ginn, an eng nei Reglementatioun fir Betriber, fir sech néier ze loossen.

Kritik a Luef fir d'Regierung

Den Tom Wirion kritiséiert den neien Akkord tëscht der Regierung an der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP, fir d'Ufanksgehälter beim Staat erëm eropzesetzen. Dëst wier net am Sënn vun enger nohalteger Budgetspolitik, well och wann d'Staatsfinanzen an der Rei wieren, hätt een e chroneschen Defizit beim Zentralstaat:

"Datt mir Emprunte maachen, Schold hunn, den Niveau vun der Schold en Valeur absolue ass relativ héich. A virun allem d'Depense de fonctionnement acceleréiere sech. Dat hei dréit net zu enger virsiichteger Budgetspolitik bei - wëssend datt deemools d'Stagen de Bäitrag war vun der Fonction publique an der Kris."

Luef fir d'Regierung gouf et fir den Tram a fir d'Steierreform. Un déi nächst Regierung war et den Appell vum Direkter vun der Handwierkerkammer fir eng Pensiounsreform a fir den Handwierkssecteur an déi Lëtzebuerger Betriber ze ënnerstëtzen:

"Dat wat mir à ce stade soen, fir d'Parteien an der Wahlphas, mir wiere frou, wann d'Parteie sech iwwer de Constat eens wären. An de Constat ass deen, datt mir kee soutenabele Pensiounsregimm hunn, datt kuerzfristeg de Problem vun de Reservë kënnt. An datt mëttel- a laangfristeg de Problem nach e ganz aneren ass. An dee Konsens iwwer de Constat ass net do. Dann ass et schwiereg a müsseg iwwer Solutiounen ze schwätzen - do ginn et der sécher eng ganz Partie."

Géint Erhéijung vum Mindestloun

Zu enger eventueller Hausse vum Mindestloun sot den Tom Wirion, datt eng Erhéijung de Logementsproblem net géif léisen. De Problem wieren déi héich Logementspräisser an datt d'Leit Problemer hätten, "fir déi zwee Enner beieneen ze kréien". D'Handwierkerkammer hätt virun zwee Méint eng Etüd gemaach, wou dës Problematik beliicht gi wier, seet den Tom Wirion:

"Dorausser geet ganz kloer ervir - an dat kann een eis net widderleeën - datt wann een de Mindestloun eropsetzt (onofhängeg dovun, datt dat d'Produktivitéit vun de Betriber wäert beanträchtegen), datt dat fir déi betraffe Leit net onbedéngt e Plus heescht."

100 Euro netto géifen herno awer net 100 Euro netto heeschen, well déi betraffe Leit vu Sozialtransferten profitéieren, zum Beispill vun der Allocation Logement. An der Etüd hätt ee ganz kloer nogewisen, datt wann de Mindestloun ëm esouvill Prozent eropgesat gëtt, da géife Sozialtransferten erofgoen. Dat wier eng flott Mesure fir am Wahlkampf, mee et hätt negativ Konsequenze fir d'Betriber a ganz konkret fir d'Leit.

D'Chambre des métiers an d'Handwierkerfederatioun hu virun de Chamberwahlen am Oktober gemeinsam Fuerderungen un d'Regierung gestallt. Zu Lëtzebuerg ginn et 7.000 Handwierksbetriber mat ronn 90.000 Aarbechtsplazen. 50 Prozent dovunner wiere vu Frontaliere besat, sou den Direkter vun der Handwierkerkammer.