Radioen

On air

De Moien  |  Iron & Wine, Fiona Apple - All in Good Time

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Lëtzebuerger an der Ukrain erlieft d'Tensioune mat Russland

Ukrain-Kris

E Lëtzebuerger an der Ukrain erlieft d'Tensioune mat Russland

Den Daniel Porcedda lieft zu Kiew a mécht sech Suergen iwwer déi diplomatesch Situatioun an der Ukrain. Hien denkt och iwwer eng séier Ofrees no, sollt et zu enger russescher Invasioun kommen.

auto_stories

2 min

Den Daniel Porcedda lieft mat senger ukrainescher Fra a senger Stéifduechter zu Kiew

Lauschterenplay_arrow


Den Daniel Porcedda ass 63 Joer al, schafft als Consultant an der Ukrain fir däitsch Entreprisen an ass schonn zanter 1998 zu Kiew. Hie kritt d'Nervositéit virun engem méigleche weidere Krich mat Russland mat. Kiew wier net wäit ewech ewech, wou eng Gefor kéint entstoen. "Do mécht ee sech natierlech Gedanken, ob et probabel ass, dat ass eng aner Fro", esou den Daniel Porcedda.

D'Stad Kiew huet eng Lëscht vu Bunker opgestallt, wann et zu engem Loftugrëff sollt kommen, och wann dat onwarscheinlech ass. A sengem Quartier huet sech dofir eigentlech nach keen interesséiert, esou den Daniel Porcedda.

Et gleeft kee sou richteg un eng Invasioun

D'Ukrain wier schonn aacht Joer am Krich mat russesche Separatisten, déi vum Wladmir Putin ënnerstëtzt ginn. No der Annexioun vun der Krim géif et an der Ukrain eng ganz aner Vue ginn: d'Leit géife wëssen, datt Russland alles dofir mécht, datt d'Ukrain erëm an den Aflossberäich vum Kreml géif kommen.

Et gif ee sech deemno zwar op eng Invasioun astellen, mee vill Leit géifen awer net dru gleewen, datt et dozou sollt kommen. Jiddwereen denkt dofir all Dag un de Wladimir Putin - dee Mann, deen als eenzegen doriwwer entscheet, wat als nächst geschitt.

Eng méiglech Flucht op Lëtzebuerg

Vill Leit maache sech Gedanken, wat se maache sollen, wann et zu enger Invasioun sollt kommen. Verschiddener verspriechen, datt se fir d'Ukrain kämpfe wëllen, anerer denken iwwer een Auswee no.

Och fir den Daniel Porcedda ass d'Entscheedung séier getraff: hie géif kucke sou séier wéi méiglech op Lëtzebuerg kommen. "Et ass déi eenzeg Chance, déi mer hu fort ze kommen. Wou solle mer soss hin?", esou de Lëtzebuerger zu Kiew.

Mat senger ukrainescher Fra a senger Stéifduechter géif hie Kiew verloossen. D'Ambassade zu Prag, zoustänneg fir d'Ukrain, huet d'Ofrees nach net recommandéiert. Eng Invasioun vu russeschen Zaldote kënnen déi meescht Leit sech net virstellen, och wann de Westen, a besonnesch d'USA virdru warnen.