Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neit Spidolsgesetz a Kollektivvertrag

Gesondheetssecteur

Neit Spidolsgesetz a Kollektivvertrag

Wat fir ee Gesondheetswiesen a wat fir e Spidolssecteur soll Lëtzebuerg an Zukunft hunn? An der Emissioun Riicht Eraus vum Mick Entringer, hunn d'Ministerin an d'Sozialpartner iwwert dat neit d'Spidolsgesetz an d'Erausfuerderungen un de Secteur diskutéiert.

auto_stories

4 min

(v.l.n.r.) Paul Junck, Lydia Mutsch, Nora Back

Spidolsgesetz: méi Transparenz a manner Better

Mam neie Spidolsgesetz sollen op Hand vu neiem Datematerial - der sougenannter carte sanitaire - de Spidols- a Gesondheetssecteur strukturell nei ausgeriicht ginn. En Zil ass fir duerch eng besserer Dokumentatioun, méi Transparenz an d’Depensen ze kréien. Mam sougenannte virage ambulatoire sollen d’Openthalter an de Spideeler méi kuerz ginn. D’Zuel vu Better soll alles an allem erofgoen. Déi véier grouss Spidolsgruppe solle sech spezialiséieren: mat Kompetenzzentere mat nationale Servicer fir verschidde Pathologien a Krankheeten.
 
Lëtzebuerg huet ee vun de beschte Gesondheetssystemer op der Welt, doriwwer si sech d’Ministerin an d’Sozialpartner Eens. Fir d’Federatioun vun de Spideeler ass et awer net einfach fir mat engem gedeckelte Budget e qualitativ héichwäertege Service unzebidden.
 
D’Sozialpartner kritiséieren, datt d’carte sanitaire (500 Säiten Datematerial iwwert de Gesondheetsecteur) nach net ëffentlech ass. Den Avant-Projet de loi zum Spidolsgesetz baséiert op deem Datematerial.

“De Wonne Punkt am Land ass, datt mir nach keng documentation hospitalière hunn, déi de Numm verdéngt”, esou Gesondheetsministerin Lydia Mutsch. Dat géing dozou féieren, datt d’Spideeler an d’Patiente keng transparent Daten iwwert d’Akten hätten, déi d’Dokteren de Patienten an de Spideeler verschreiwen.

Fir de President vun der “Fédération des Hôpitaux Luxembourgeois” (FHL) misst am neie Spidolsgesetz d’Responsabilitéit vun den Doktere méi kloer definéiert ginn.

“E Bett ass net e Bett”

Trotz dem aktuellen Zouwuess vun der Populatioun wëll d’Regierung am neie Spidolsgesetz d’Zuel vun de Spidolsbetter reduzéieren. D’Gesamtzuel geet an Zukunft just ëm 59 Better zréck an net ëm 200, esou awer d’Gesondheetsministerin. Am Avant-Projet de loi iwwert d’Spidolsgesetz ass virgesinn, fir d’Zuel vun den "Akut-Better" landeswäit ëm 200 ze kierzen. Gläichzäiteg gëtt awer d’Zuel u Better an d’Lut gesat fir d’Geriatrie a fir mëttel- a laangfristeg Séjouren am Spidol. Zum Beispill an der Psychiatrie, seet d’Lydia Mutsch.
 
Wien an en Akut-Bett gehéiert oder net, decidéieren d'Dokteren an net d’Spideeler, präziséiert de Paul Junck, de President vun der FHL. “Mir kontestéiere wéi déi Zuelen iwwert d’Beleeë vun de Better berechent ginn”, sou d’Nora Back, Zentralsekretärin vum Syndikat "Gesondheet a Soziales" vum OGBL. Déi Zuele géinge Momentopname rëmspigelen a wären net representativ. An den Urgencë géing et heefeg Pic’ë ginn, wou dann net genuch Better do wären.
 
Aktuell préift en interministeriellen Aarbechtsgrupp, wéi an Zukunft d’Urgencë vun de Spideeler kënnen entlaascht ginn, esou d’Ministerin Lydia Mutsch.

Spannend Kollektivvertragsverhandlungen

Bei den aktuelle Verhandlungen iwwert en neie Kollektivvertrag am Gesondheetssecteur geet et ëm d’Ëmsetze vum Accord salarial vun der Fonction publique an deem Secteur. "Bei der Prime vun 0,89% an der linearer Augmentatioun vun 2,2% wäerte mir eis Eens ginn", esou de President vun der FHL. Dem Paul Junck no, wier d’Opwäertung vun de Carrièren am Gesondheetssecteur, sou wéi dat an der Fonction publique geschitt ass, par konter en décke Pak. “Wéi inseréiere mir d’Opwäertung an eise gedeckelte Budget?”  
 
D’Nora Back vu OGBL schwätzt vu berechtegte Fuerderunge vum Salariat. D’Gesondheets- an Fleegeberuffer wäre méi komplizéiert a komplex ginn. No der Opwäertung vun deene Beruffer beim Staat, géing et eng grouss Diskriminatioun am private Secteur ginn.
 
D’Regierung ass fir eng Opwäertung vun de Carrièren am Gesondheetssecteur. Dat soll awer käschtenneutral geschéien. Weder d’Cotisatioune vun den Assuréen, nach d’Participatioun vum Staat wäerten an d’Lut goen, esou d’Gesondheetsministerin.