Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Fox - Fade Into The Sun

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Réckbléck op d'Srel-Affär

25 Joer 100,7

E Réckbléck op d'Srel-Affär

Eng vun de gréisste politeschen an institutionellen Affären, déi Lëtzebuerg an de leschte 25 Joer erlieft huet, ass ouni Zweiwel d'Geheimdéngscht-Affär. Journaliste vum radio 100,7 hunn am éischte Semester 2013 vill Aspekter recherchéiert an ëffentlech gemaach, déi dozou bäigedroen hunn, datt et fir d'éischte Kéier an der Nokrichszäit zu avancéierten Neiwahle koum. E Réckbléck.

auto_stories

8 min

2013 kënnt et an der Suite vun der Srel-Affär zu avancéierten Neiwahlen. Foto: SIP / Charles Caratini

D'Srel-Affär. Eng laang Geschicht mat ville Verstréckungen. Fënnef Joer nodeems alles opgeflunn ass, huet d'Justiz nach ëmmer net all Zesummenhäng enquêtéiert an opgeléist. An engem Volet gëtt et ee Prozess, wahrscheinlech Ufank 2019 - aner Volete sinn nach an der Instruktioun, verjäert oder ouni Suite fale gelooss ginn.

Fir den Iwwerbléck ze behalen: An de Joren 2000 bis 2008 goufen et ganz vill Dysfonctionnementer an doutéis Aktivitéiten am Geheimdéngscht. Iwwer 20 am Ganzen. Public goufen déi Saache vun Hierscht 2012 bis Summer 2013. An deem Zäitraum hunn d'Informatioune sech iwwerschloen. Just e puer Aspekter kruten dobäi vill Opmierksamkeet. Een ass déi illegal Auerenopnam Mille-Juncker.

Hiescht 2012: Éischt Medieberichter

Am Hierscht 2012 mellt RTL, datt de Geheimdéngscht-Chef Marco Mille de Premier Jean-Claude Juncker am Januar 2007 heemlech mat enger Auer opgeholl huet. Kuerz drop publizéiert d'Wochenzeitung Lëtzebuerger Land schrëftlech Passagen aus dem Gespréich. An de radio 100,7 diffuséiert Audio-Extraiten.

Den 30. November fänkt d'Police judiciaire un eng ganz Partie Acteuren ze héieren, parallel gëtt de 4. Dezember eng parlamentaresch Enquêtëkommissioun gegrënnt fir erauszefannen, wisou de Geheimdéngschtchef Marco Mille de Premier illegal opgeholl huet - mee och fir eenzel Passagen aus dem Gespréich opzeschaffen.

De Jean-Claude Juncker mécht de 6. Dezember eng Pressekonferenz fir Stellung ze huelen. Deemools seet hien

"[...] Mee wann et ëm d'Geheimdéngschtsaache geet an ëm d'geheim Virgäng an ëm d'Menacen, déi reell bestinn, fir eist Land, da sinn ech do mat mir selwer eleng. [...]"

D'Auerenopnam war wuel illegal, de Marco Mille ka wéinst Verjärung awer net méi dowéinst juristesch ubelaangt ginn.

Grënn vun Opnam si bis haut net bekannt

Bis haut ass net wierklech gewosst, wisou de Marco Mille de Jean-Claude Juncker opgeholl huet. Och dem Untersuchungsriichter Ernest Nilles säin Dossier, an dee mir Abléck haten, liwwert keng Äntwert dorop, just Hypotheesen. Dobäi ass déi illegal Auerenopnam e wichtegt Element am Geriichtsprozess vum nächste Joer: Et ass nämlech den Héichpunkt vun enger Situatioun am Srel, déi sech déi Méint a Jore virdrun zougespëtzt hat.

Eng kryptéiert CD

Mir sinn domat beim zweete grousse Volet vun der Affär: Déi presuméiert illegal Iwwerwaachung vum Loris Mariotto. De Srel huet den Techniker a Geschäftsmann ofgelauschtert, opgeholl, iwwerwaacht. E Mann, dee sech op Oflauschterwanzen an Alarmanlage spezialiséiert hat an deen 2003 engem Zeie vis-à-vis sot, déi groussherzoglech Famill géif zu senge Cliente gehéieren.

Enn 2005 soll dëse Loris Mariotto dem Srel vis-à-vis behaapt hunn, hien hätt eng kryptéiert CD mat engem Gespréich drop tëscht dem Grand-Duc an dem Premier. De Marco Mille sot dem Jean-Claude Juncker am Januar 2007:

"An déi kruzial Fro, déi sech elo fir eis stellt ass ëmmer nach "Ass elo eppes op där CD do drop, oder net?"

De Loris Mariotto gëtt iwwerwaacht

De Srel kritt am Januar 2007 vum Loris Mariotto eng CD, kann awer näischt mat de manipuléierten Donnéeën ufänken. Dat schmaacht de Srel-Mataarbechter Macro Mille, Fränk Schneider an André Kemmer guer net: Si lauschteren de Loris Mariotto of fir méi erauszefannen. Si behaapte spéider virum Untersuchungsriichter, si hätten déi mëndlech Autorisatioun vum Jean-Claude Juncker gehat. Dee seet, e kéint sech näischt esou erënneren. Fakt ass, de Jean-Claude Juncker huet d'Iwwerwaachung net schrëftlech autoriséiert, sou wéi d'Prozedur et verlaangt hätt.

Dräi Deeg nom Ufank vun der Iwwerwaachung decidéiert de Marco Mille aus onerkläerleche Grënn fir d'Ecoutten ze stoppen. Nach eng Kéier zwee Deeg méi spéit deelt hien dem Jean-Claude Juncker d'Enn vun den Ecoute mat:

"Fir mech ass et ganz wichteg, dass du verstees, datt mir loyal hei schaffen, well mir sinn, wéi ech gesot hunn, ganz vulnerabel."

Interessant, wann ee bedenkt, datt de Marco Mille säi Gespréich mam Premier ophëlt an och no sengem Depart aus dem Srel an engem Safe gutt versuergt. Déi soit-disant kryptéiert CD mam presuméierte Gespréich Juncker-Grand-Duc ass dem Geriichtsdossier no mat grousser Wahrscheinlechkeet e Fake. De Prozess muss an dëse Voleten nach vill Froe beäntwerten.

Net all Facette goufen duerchliicht

Fazit bis elo: De Volet vun der Auerenopnam a vun der presuméierter kryptéierter CD vum mysteriéise Personnage Loris Mariotto ass bis haut net an alle Facetten duerchliicht. D'Enquête vum Untersuchungsriichter huet et eise Recherchen no verpasst, fir déi vill inkohärent Aussoe vun den Acteure mat Succès ze hannerfroen. E Gesamtbild vun dësem Volet vun der Srel-Affär léisst nach ëmmer op sech waarden.

Liene mat der Bommeleeër-Affär

Déi gréisst Fro bleift d'Verbindung mat de Bommenattentater an den 80er Joren. Datt d'Srel-Affär iwwerhaapt am Hierscht 2012 ugefaangen huet public ze ginn, ass opfalend enk mat der Bommeleeër-Enquête liéiert. Kuerz ier d'Opnam vum Gespréich Mille-Juncker ëffentlech gouf, huet en Zeien an der Bommeleeër-Enquête ausgesot, de Srel hätt Dokumenter iwwer d'Attentater zerschreddert. Am Geriichtsdossier ass dokumentéiert, datt de Fränk Schneider an de Marco Mille doropshi matenee schwätzen. An datt de Fränk Schneider wëll aktiv ginn.

D'Bommeleeër-Affär kënnt ganz dacks an der Geschicht vir: D'Srel-Mataarbechter Fränk Schneider an André Kemmer hate ville vun eise Gespréichspartner no eng Passioun fir d'Bommeleeër-Enquête. Eng Enquête, déi 2007, zur Zäit vun der Auerenopnam, voll am Gaang war. De Loris Mariotto soll behaapt hunn, de Grand-Duc an de Jean-Claude Juncker hätten iwwer d'Bommeleeër geschwat. De Loris Mariotto huet engem Zeien no och schonn 2003 behaapt hie wéisst, wien d'Bommeleeër wieren.

Am Srel goufen eise Recherchen no Dokumenter iwwer d'NATO-Geheimarméi Stay Behind truquéiert a Jore méi spéit un d'Defense am Bommeleeër-Prozess weider geleet. Den André Kemmer huet e Buch iwwer d'Bommenattentater geschriwwen. Ufank 2006 huet de Geheimdéngscht de Regierungsmembere Juncker a Frieden hir Stay Behind-Theorie erkläert - Reunioun vun där et verschiddenen Aussoen no och eng illegal Opnam gouf, ouni datt bis haut esou eng Opnam opgedaucht wier.

De Robert Biever: Eng Schlësselpersoun an der Srel-Affär

A während dem Héichpunkt vun der Bommeleeër-Enquête ass dee Mann, deen d'Enquête no 20 Joer Stëllstand virun dreiwe wollt, vum Srel diskreditéiert a méiglecherweis souguer iwwerwaacht ginn: De Procureur Robert Biever.

De spéidere Procureur général, haut an der Pensioun, ass eng Schlësselpersoun an der Srel-Affär. Et ass seng Roserei iwwer d'Dysfonctionnementer am Srel, déi d'Faass zum Iwwerlafe bréngt. Hie gëtt dem Radio 100,7 am Juni 2013 en Exklusivinterview.

"Déi Saach, déi de Srel gemaach huet, ass vun enger ongeheierlecher Gravitéit. Et ass ganz kloer, datt de Srel an engem Excès de pouvoir ass. Wat mer hei hunn, dat ass tout simplement eng parallel Police. Eng geheim Police. Si hunn illegal an total illegitim geschafft. Et muss een och kucken, wéi ee sou Leit, engersäits kontrolléiert, wie politesche Responsabel ass."

Wann e Procureur général mat der Fauscht op den Dësch schléit an d'Fro vun der politescher Responsabilitéit opwerft, da si mer net méi am politesche Klengkrich tëscht Majoritéit an Oppositioun. Den Interview kënnt no méintelaange Revelatiounen an der Press. No 20 Auditioune vun der Expertekommissioun. An no iwwer 20 Auditiounen och bei der Police judiciaire.

Et féiert kee Wee méi zeréck

Nom Biever-Interview, deen an alle Medien zitéiert gëtt, geet alles ganz séier. Fir d'éischt gëtt et an der Chamber e Mësstrauensvott géint de Justizminister Luc Frieden, well hie vun der Justiz reprochéiert kritt, d'Bommeleeër-Enquête net ënnerstëtzt ze hunn. De Koalitiounspartner LSAP zéckt nach, stëmmt um Enn fir d'Koalitiounsraison a léisst de Luc Frieden net falen.

Mee eigentlech féiert kee Wee méi zeréck. E Mount méi spéit gëtt et déi nächst dramatesch Chambersessioun iwwer déi politesch Responsabilitéit vum Jean-Claude Juncker an der Srel-Affär. Och den LSAP-Deputéierten Alex Bodry ass hei der Meenung, datt de Regierungschef Responsabilitéit iwwerhuele muss.

Alex Bodry: "A mir mengen, datt Neiwahlen, d'Opléisung vum Parlament, de Wee dozou ass."

Jean-Claude Juncker: "Ech hätt mer ni virstelle kënnen, datt ausgerechent d'sozialistesch Partei mir géif e Fouss stellen."

CSV kënnt an d'Oppositioun

Am Oktober 2013 kënnt et zu avancéierten Neiwahlen. Fir d'éischte Kéier zanter der Legislaturperiod 1974-1979 muss d'CSV an d'Oppositioun. DP, LSAP an déi gréng kommen zesummen op 32 vu 60 Sëtz um Krautmaart. D'CSV ass mat 23 Sëtz zwar stäerkste Partei, mee déi aner wëllen net méi mat der CSV. Och wann d'Dräierkoalitioun kuerz drop eng Reform vum Srel stëmme léisst, gëtt et an der neier Legislaturperiod keng Opmierksamkeet méi fir den Dossier.

D'Justiz schafft awer weider. Laang. 2015 ginn dräi Geheimdéngschtmataarbechter inculpéiert: De fréiere Srel-Chef Marco Mille a seng zwee fréier Mataarbechter André Kemmer a Fränk Schneider. Si kréie virgehäit, geheim Informatiounen aus dem Geheimdéngscht no hirer aktiver Zäit matgeholl a weidergeleet ze hunn. Zweetens kréie si reprochéiert, de Geschäftsmann an Techniker Loris Mariotto illegal ofgelauschtert ze hunn. No gescheiterte Versich fir d'Prozedur an d'Längt ze zéien an no Terminschwieregkeeten um Geriicht soll et dann am Fréijoer 2019 esou wäit sinn an zu engem Prozess iwwer de Volet ronderëm d'Iwwerwaachung vum Loris Mariotto kommen.

Dat lescht Wuert ass nach net geschwat

Aner Volete leien nach beim Parquet, zum Beispill d'Fro, ob et am Srel en Abus de biens sociaux gouf beim Kaf vu Luxusautoen. Oder ob et Abus de biens sociaux gouf well de Gérard Reuter, fréiere President vum Rechnungshaff, an enger Srel-Wunneng huet dierfe wunnen. Anescht wéi vun RTL gemellt, ass dat lescht Wuert hei nach net gesprach. De Parquet freet en Non-lieu, d'Chambre du conseil muss awer nach tranchéieren.

D'Bommeleeër-Enquête ass iwwer 30 Joer no den Attentater nach ëmmer an der Instruktioun, nodeems et schonn an de Joren 2013 an 2014 e Prozess gouf, deen awer am Juli 2014 wéinst weideren Enquêten nees suspendéiert gouf. De Procureur Georges Oswald huet deemools och eng Inculpatioun vum Loris Mariotto fir méiglech gehalen.