Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Johnny Marr - Lightning People

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E schlechte Start fir Bündnis 90/Die Grünen

Däitschländ

E schlechte Start fir Bündnis 90/Die Grünen

An Däitschland haten d'Ampelparteien e Mëttwoch hire Koalitiounsvertrag presentéiert an domadder och d'Froen ëm d'Ministerpostë lancéiert. Bei de Grénge sollt gëschter d'Regierungsequipe presentéiert ginn, mee d'Personalfro huet bei der Partei al Konflikter nees verschäerft.

auto_stories

3 min

Et wier jo eigentlech en historesche Moment iwwer deen een sech freeë kéint, sou de Robert Habeck vun de Grénge gëschter beim Bund-Länder-Forum vu senger Partei. Schliisslech ass een no 16 laange Joer an der Oppositioun elo nees an enger Regierung vertrueden.

Lénke Fligel géint Realos

Mee Freed oder Harmonie goufen et gëschter wéineg bei de Gréngen, vill méi war vun engem intensive Muechtkampf ze liesen, wéi d'Partei en scho laang net méi erlieft huet. De Grond: gëschter sollt beim Treffen offiziell matgedeelt ginn, wien zukünfteg zur grénger Regierungsequipe gehéiert.

Fënnef Ministerpostë gëtt et ze verdeelen, zwee dovu ginn natierlech un de Spëtzenduo Annalena Baerbock, déi Ausseministesch soll ginn, an de Robert Habeck, deen de Ressort Wirtschaft a Klimaschutz soll iwwerhuelen. Doniewent soll d'Anne Spiegel Familljeministesch an d'Steffi Lemke Ëmweltministesch ginn. D'Parteiurgestein Claudia Roth ass als Staatsministesch fir Kultur a Medie virgesinn.

Souwäit sou onkomplizéiert, mee d'Entscheedung de Landwirtschaftsministère un de fréiere Parteichef Cem Özdemir ze ginn an net un den Anton Hofreiter huet fir Tensiounen tëschent dem lénke Fligel an de sougenannte Realos gesuergt. De lénke Fligel fillt sech hei benodeelegt, well den Özdemir genee wéi den Habeck an och d'Baerbock zu der Realofraktioun gehéiert an dës elo eng Majoritéit huet.

D'Parteicheffin war dann och ëm Harmonie beméit:

"Wagen wir etwas Neues, denken wir nicht nur in unseren parteipolitischen Strukturen, in Flügellogiken, in "wenn der eine was gibt, dann geb ich auch was", sondern denken wir gemeinsam und das wollen wir jetzt gemeinsam für Deutschland tun."

D'Basis soll elo decidéieren

Wéinst stonnelaange Berodungen huet d'Presentatioun vun der Regierungsequipe missen ofgesot ginn, per Mail goufen d'Parteimembere gëschter Owend dann iwwer d'Decisioun informéiert.

De fréiere Parteichef a Lénke Jürgen Trittin wollt de Moien am "Deutschlandfunk" de Konflikt awer net sou gravéierend gesinn:

"Wir haben eine Mannschaft benannt, in dieser spiegeln sich unterschiedliche Strömungen der Partei, unterschiedliche Kompetenzen entsprechend wieder und das ist in meinen Augen ein sehr, sehr gutes Team."

Vun haut u soll elo d'Basis iwwer de Koalitiounsvertrag an och d'Personal entscheeden. Et ass op alle Fall kee gelongene Start fir déi Gréng, op déi och an der Regierung sécherlech deen een oder anere Konflikt waart.

D'Ampelparteien hunn sech zwar op vill Investitioune fir de Klimaschutz gëeenegt, mee d'Fro wéi dës finanzéiert solle ginn, bléift a wäiten Deeler onbeäntwert a mam zukünftege Finanzminster Christian Lindner wäert et wuel keng Steiererhéijunge ginn, wéi déi Gréng se fuerderen.

Och soll de Kohleausstieg nëmmen "idealerweis" bis 2030 kommen, wat, sou d'Kritiker, vill Verhandlungsspillraum léisst. Déi Gréng sinn iwwerdeems och enttäuscht, datt den Transportministère an domadder de Beräich e-Mobilitéit un d'FDP gaangen ass. Mat Bléck op d'Regierung sot de Robert Habeck der SZ: "Wir lernen von einander, wir überwinden alte Vorurteile." Villäicht jo och eng gutt parteiintern Zilsetzung fir déi Gréng.