Radioen

On air

Notturno  |  Secret Night Gang - When Will The Sun Rise Again

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "E schlechten Arrangement ass ëmmer besser wéi e gudde Prozess"

Avenant fir e Bauprojet

"E schlechten Arrangement ass ëmmer besser wéi e gudde Prozess"

Duerch d'Sécherheets- an Hygiènesmesuren op de Chantiere wäerte Fraisen entstoen. Wéi vill genee wier nach ze fréi ze soen, esou de Roland Kuhn, de President vun der Federatioun vun de Bauentreprisen. Wat de Clienten déi baue kéint verrechent ginn, misst nach analyséiert ginn, esou den Administrateur délégué vu Kuhn Constructions S.A. op eis Nofro hin.

auto_stories

3 min

Fir d'Käschte vun den zousätzleche Mesuren ze decken, hätt eng Bauentreprise hire Clientë schonn Avenante geschéckt, fir véier bis fënnef Prozent vum Gesamtmontant vum Bauprojet méi ze verlaangen, hat RTL e Mëttwoch gemellt.

Wéi eng Rechter hunn d'Consommateuren an esou engem Fall, a wéi eng Rechter hunn d'Bauentreprisen? Dat hu mir den Affekot Lex Thielen, Spezialist am Immobilierecht gefrot.

Ënnerscheeder, jee no Kontrakt

Wie wéi eng Rechter huet, dat géif natierlech vun de Kontrakter ofhänken, esou de Maître Lex Thielen. Fir déi Leit, déi zum Beispill een Appartement an enger Residenz kaaft hunn, wier de Kontrakt ganz prezis, erkläert den Affekot, dee géif nämlech virgesinn, datt ee Fixpräis fir d'Baue virgesi wier, an datt de Präis net kéint variéieren. Dofir geet de Maître dovun aus, datt an deene meeschte Fäll eng Augmentatioun vum Präis, déi d'Entreprisë géif imposéieren net méiglech ass "ausser wann de Client se géing acceptéieren, an dann nach".

Wann een als Bauhär enger Entreprise den Optrag fir de Bau vun engem Haus gëtt, oder fir e Buedzëmmer ze renovéieren, da gëtt et e Kontrakt mat engem Präis, deen zum Schluss op Basis vun de Material-Quantitéiten ausgerechent gëtt, oder et gëtt e Kontrakt, an deem e feste Präis fir de Projet steet, esou den Affekot.

"Am Fall vun engem Prix forfaitaire ass de Präis definitiv gereegelt, ausser wann de Kontrakt selwer virgesäit - wat en awer méi dacks mécht - datt de Präis vun der Constructioun a vum matériel de la construction indexéiert ass op de Prix de la construction. Wann den Index eropgeet, dann däerf de Präis ugepasst ginn."

Bei engem normale Kontrakt, fir Aarbechten op Basis vun engem Devis, kéint d'Entreprise net einfach de ganze Präis eropsetzen.

Verschidde Kategorië vu Käschten

Dem Affekot no géifen et fir d'Entreprisë verschidde Kategorië vu Käschte ginn. Bei de Salairen hätt d'Firma an dëser Kris keng Méikäschte gehat. Eng aner Kategorie wier de Präis vun de Baumaterialien, e Präis, dee wéinst der Kris kéint klammen. "Wann elo eng Entreprise seet, 'd'Material ass esou vill méi deier ginn', a se diskutéiere mam Client an de Client acceptéiert dat, da kann ech dat novollzéien, esou de Maître.

Hie wier awer generell net domat averstanen, wann d'Entreprisë géife probéieren d'Käschten, déi hinne wärend der Pandemie entstane sinn, ganz op de Client ofzewälzen. Bei der Präis-Fro kéint eng Entreprise sech, dem Me Lex Thielen no, an dëser Situatioun och net op de Cas de force majeure beruffen.

Opfaassung vum Affekot: Verréckele vum Delai méiglech, pauschal Präisaugmentatiounen net

Wéinst der aktueller Kris wier et normal, wann den Delai ëm déi Zäit géif verlängert ginn, déi net geschafft konnt ginn. "Do fannen ech ass d'Notioun vum Cas de force majeur applicabel. Wat de Präis betrëfft, sinn ech net där Meenung", seet den Affekot.

Wann de Client déi verlaangte Präisaugmentatioun fir de Bauprojet net acceptéiert, dann hätt d'Entreprise och net d'Recht net méi um Chantier ze schaffen, seet de Jurist. Dat wier soss e Feeler vu Säite vum Entrepreneur.

"Ech weess och net, ob een an der aktueller Situatioun et géing maachen. Wéi gesot, e schlechten Arrangement ass ëmmer besser wéi e gudde Prozess. Dee Moment kann ee sech jo och an d'Ae kucken a soen, ech sinn net domat d'Accord, mee ech acceptéiere vläicht eng Augmentatioun net vu 5 Prozent mee vun 1,5 Prozent oder wat weess ech. De Client ass an deene meeschte Fäll berechtegt deen Avenant net ze ënnerschreiwen an trotzdeem sinn ech der Meenung, datt den Entrepreneur misst weiderschaffen."